Direktioun fir politesch Ugeleeënheeten

D'Direktioun fir politesch Ugeleeënheeten (D1) vum Ministère bestëmmt a koordinéiert d'aussepolitesch Positioun vu Lëtzebuerg an ënnerstëtzt d'Entwécklung vu bilaterale Bezéiungen zu Länner ausserhalb vun der Europäescher Unioun. Esou suivéiert d'Direktioun fir politesch Ugeleeënheeten déi grouss geopolitesch Dossieren, a preparéiert de Conseil vun den auswäertegen Ugeleeënheeten, deen all Mount d'Ministere fir auswäerteg Ugeleeënheete vun de Memberstaate vun der europäescher Unioun zesummebréngt.

Lëtzebuerg setzt sech staark fir Multilateralismus an. D'Direktioun fir politesch Ugeleeënheeten dréit, am Beräich vun hirer Zoustännegkeet, zu der Representatioun vu Lëtzebuerg an den internationalen Organisatiounen, notamment der UNO, der NATO, der OSZE, oder och dem Europarot, bäi. Si schafft enk mat de stännege Representatioune vum diplomatesche Reseau zesummen, fir d'Positioun vu Lëtzebuerg an de multilaterale Foren ze koordinéieren.

D'Direktioun fir politesch Ugeleeënheeten ass och kompetent fir Froen a Relatioun mam Respekt vu Mënscherechter. Souwuel an de multilaterale Fore wéi och um bilateralen Niveau, schafft Lëtzebuerg aktiv un der Promotioun vun de Mënscherechter. D'Direktioun ass och fir de Suivi vun de Pakter a Konventioune vun der UNO an dësem Beräich zoustänneg. Se bedeelegt sech och un der Ëmsetzung vum Nationalen Aktiounsplang "Fraen, Fridden a Sécherheet".

Am Beräich vun er Sécherheet bleiwen den Désarmement an d'Net-Verbreedung vu konventionellen Waffen a Massevernichtungswaffen, souwéi vun de Trägersystemer vun dëse leschten, eng Prioritéit fir Lëtzebuerg. D'Direktioun fir politesch Ugeleeënheeten ass zoustänneg fir de Suivi an d'Ëmsetzung vu relevante Konventiounen am Beräich vum Désarmement vu konventionellen Waffen a Massevernichtungswaffen, a fir d'Kontroll vun hiren Exporter.