Direktioun fir konsular Ugeleeënheeten an international kulturell Bezéiungen

D’Direktioun ass an enker Zesummenaarbecht mat de lëtzebuergeschen diplomateschen a konsularesche Vertriedunge weltwäit fir zwee Haaptberäicher zoustänneg:

  • d’Koordinéierung vu konsulareschen Ugeleeënheeten
  • d’Beaarbechtung vu kulturellen Ugeleeënheeten, déi an den Zoustännegkeetsberäich vum Ministère falen

1. Konsularesch Ugeleeënheeten

D’Missioune sinn op der Säit „Servicer um Bierger“ vum Ministère detailléiert.

Konsularesch Ënnerstëtzung

Lëtzebuergesche Staatsbierger kënne konsularesch Ënnerstëtzung an Usproch huelen, wann si sech am Ausland an enger  Noutsituatioun befannen (Krisesituatioun, Verloscht vun Identitéitsdokumenter, schwéieren Accident oder Krankheet, Inhaftéierung asw.)

Reespäss

D’Direktioun ass fir d’Verwaltung vu Reesdokumenter zoustänneg, spezifesch fir d’Produktioun an Aushännege  vu gewéinleche Reespäss, Déngschtpäss a Diplomatepäss. Si suergt och fir d’Personaliséierung vu Reesdokumenter fir Auslänner, Flüchtlingen a Staateloser esou wéi fir den Traitement vun Demanden am Zesummenhang mat der Unerkennung vun auslännesche Reesdokumenter.

Visa

Den Traitement vun Demandë fir e Visa fir e kuerzfristegen Openthalt (mat enger Gëltegkeetsdauer vu manner wéi 90 Deeg) a Work & Holiday-Visa fält an d’Zoustännegkeet vum Ausseministère. An deem Zesummenhang ass d’Direktioun fir d’Préiwung vun den Demandë, den Traitement vun allen domat zesummenhängende Froen an d’Zesummenaarbecht mat den diplomatesche Vertriedungen am Ausland zoustänneg.

D’Direktioun ass och fir den Traitement vun Demanden a Verpflichtungserklärungen zoustänneg, déi vu Persoune gestallt ginn, déi als Garant vun Drëttstaatsugehéieregen optrieden, déi e Kuerzopenthalt a Lëtzebuerg maache wëllen.

Si ass ausserdeem fir d’Koordinatioun an d‘Iwwerwaachung vun de Schengen-Auditen a -Bewäertungen zoustänneg, déi am Kader vum Anhale mam Acquis vu Schengen, am Beräich vun der gemeinsamer Visumpolitik duerchgeféiert ginn.

Froen am Zesummenhang mat Demandë fir e längeren Openthalt (iwwer 90 Deeg) falen an d’Zoustännegkeet vum Inneministère / Generaldirektioun fir Immigratioun.

Hiweis:
Wann Dir lëtzebuergesche Staatsbierger sidd an an e Land ausserhalb vun der Europäescher Unioun reese wëllt, fir dat e Visa noutwendeg ass, musst Dir Iech direkt bei der Ambassade oder dem Konsulat vun deem Land informéieren.

Beglaubegungen

D‘Direktioun ass fir den Traitement an Ofwécklung vun Demandë fir Beglaubegung an Apostillen vun Dokumenter zoustänneg, déi sollen am Ausland genotzt ginn. Si authentifizéiert d’Ënnerschrëften op offiziellen Dokumenter, fir deenen hir Unerkennung duerch auslännesch Autoritéiten ze erméiglechen.

D’Direktioun vertrëtt Lëtzebuerg och an nationalen, europäeschen an internationale Foren, déi mat den uewe genannte Beräicher an Zesummenhang stinn.

 

2. International Kulturbezéiungen

D’Direktioun ass fir déi Ugeleeënheete vum Ministère zoustänneg, déi international Kulturbezéiunge betreffen, spezifesch am Beräich vun der Kulturdiplomatie.

Den diplomateschen a konsularesche Reseau vu Lëtzebuerg a spezifesch d’Maisons du Grand-Duché de Luxembourg (MGDL), déi an enger Rei vu Vertriedunge weltwäit ageriicht goufen, droe proaktiv dozou bäi, déi lëtzebuergesch Kultur an hirer ganzer Diversitéit op internationalem Niveau ze promouvéieren.

D’Kulturdiplomatie ënnerstëtzt de kulturellen Austausch an d’Acteure vun der lëtzebuergescher Kulturszene duerch de lëtzebuergeschen diplomatesche Reseau an dréit esou zur internationaler Visibilitéit a Wierkung vu Lëtzebuerg sou wéi zur Verdéiwung vun de Bezéiungen zu anere Länner bäi. D’Direktioun schafft eng mat den aneren Administratioune wéi dem Kulturministère a villen aneren Acteure vun der lëtzebuergescher Kulturlandschaft zesummen.