Direktioun fir Defense

D'Direktioun fir Defense (D7) ass Deel vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel, steet awer ënnert der Supervisioun vun enger spezifescher Ministesch, der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes.

D'Direktioun fir Defense koordinéiert a setzt d'Verdeedegungspolitik vum Grand Duché vu Lëtzebuerg ëm. Si ass zoustänneg fir d'Virbereedung an de Suivi vun den nationalen an internationale Reuniounen, un deenen d'Verdeedegungsministesch deelhëlt. Um internationale Plang bedeelegt sech d'Direktioun un der Definitioun vun de Lëtzebuerger Positiounen an de multilateralen Institutiounen an deenen d'Land Member ass.

D'Zil vun der Verdeedegungspolitik ass et sécherzestellen, datt déi Lëtzebuerger Arméi déi néideg Personal- a Materialressourcen huet, fir Sécherheetsinteresse vun eisem Land ze verteidegen an hir Missiounen op nationalem an internationalem Plang kënnen auszeféieren. Op nationalem Plang agéiert d'Direktioun fir Defense als Ministère de Tutelle vun der Arméi an assuréiert d'Gestioun vun der Organisatioun a vum Personal vun der Arméi an de legislativen, reglementairen a budgetäre Beräicher. Si verfollegt och déi operativ Asätz vun der Lëtzebuerger Arméi am Ausland.

D'Direktioun fir Defense ass zoustänneg fir d'Planifikatioun vun den Investissementer an den Ausbau vun de militäresche Capacitéiten a Mëttel, grad souwéi fir d'Identifikatioun vun den Investitiounen déi eng Diversifikatioun vun de Lëtzebuerger Efforten am Beräich vun der Defense erméiglechen. Haut hunn d'Lëtzebuerger Defense an d'Arméi divers Kompetenzen a Capacitéiten a Beräicher wéi Reconnaissance um Buedem, Weltraum, Loftwaff oder Cyberdefense.

D'Direktioun fir Defense entwéckelt seng Capacitéite mat enger "pooling & sharing" Approche, mat vertrauenswierdege Partner an Alliéierte fir d'Ressourcen op europäeschem an transatlanteschem Niveau méi effizient kënnen ze notzen.

Opgrond vun der Gréisst vum Grand Duché an de begrenzte Mëttel a Strukture vun der Defense ass d'Verdeedegungs- a Sécherheetspolitik, déi d'Ministesch an d'Direktioun verfollegt, bi- a multilateral ausgeriicht. Esou gehéiert Lëtzebuerg zu de Grënnungslänner vun de grousse multilateralen Institutioune vum 20. Joerhonnert, dorënner d'Organisatioun vun de vereenten Natiounen (UNO), d'Organisatioun vum Nordatlantik-Traité (NATO), d'Europäesch Unioun (EU) oder och d'Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (OSCE).

Fir als EU-Memberstaat an als Alliéierten an der NATO voll unerkannt ze ginn, dréit Lëtzebuerg säi gerechten Deel zu de kollektive Beméiunge vun Ofschreckung a Verdeedegung bäi. Op internationalem Plang agéieren déi national Truppen ënnert der Leedung vun den uewe genannte multilateralen Institutiounen. Dëst oft a Kontingenter vun eisen Alliéierten. Esou dréit Lëtzebuerg zu der gerechter Opdeelung vu Laaschten a Risike bäi.

D'Lëtzebuerger Aussepolitik vertrëtt d'Wäerter vu Fräiheet, Fridden a Sécherheet, der Demokratie, de Mënscherechter, dem Rechtsstaat, der Solidaritéit, der Chancëgläichheet an der nohalteger Entwécklung. D'Direktioun fir Defense, als Deel vum Ministère, verfollegt en erweidert Konzept vu Sécherheet, dat Diplomatie, nohalteg Entwécklung a Verdeedegung ëmfaasst, och "Approche 3D" genannt. Am Hibléck op d'Bedroung duerch de Klimawandel an den domadder verbonnenen Sécherheetsrisike setzt Lëtzebuerg sech aktiv fir eng "Green Defence" op nationalem an internationalem Niveau an.