Aktualiséiert den
Direktioun fir Finanzen a Personal
D'Direktioun fir Finanzen a Personal (D4) ass fir déi administrativ a finanziell Gestioun, grad esou wéi fir d'Modernisatioun vum Ministère a vum Lëtzebuerger diplomatesche Reseau zoustänneg. Si ass an dräi Ekippen opgedeelt:
D'Ekipp vun de Finanze preparéiert an exekutéiert de järleche Budget vum Ministère. Si ass och zoustänneg fir déi finanziell Gestioun vun de Lëtzebuerger Ambassaden a Konsulater am Ausland grad esouwéi fir hiert Personal an hir Immobilien. Schlussendlech këmmert si sech och ëm de Pre-Audit vun de Konten an den Inventairë vun de Missiounen am Ausland.
D'Ekipp vum Personal ass zoustänneg fir d'Gestioun vum Personal vum Ministère. Si këmmert sech ënnert anerem ëm d'Rekrutéierungspolitik an d'Formatioun vun den Diplomaten an aneren Agente vum Ministère fir d'Leeschtung vum Ministère ze verbesseren.
D'Ekipp vum detachéierte Personal an dem Family Office ass zoustänneg fir d'Gestioun vun den detachéierten Agenten, déi an Ambassaden oder an diplomatesche Missioune vu Lëtzebuerg en poste sinn. Si suergt och fir déi geographesch Verdeelung an d'Vertriedung vun de Lëtzebuerger Staatsbierger an den europäeschen an internationalen Organisatiounen a fërdert d'Karriärsméiglechkeeten an dësen Organisatiounen.