Fräi Plazen

Beim MAE schaffen

All fräi Plaz am MAE (fir all Karriär) gëtt op der Säit Govjobs.lu verëffentlecht. Wien dorun intresséiert ass, dem Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel seng Talenter a Kompetenzen zur Verfügung ze stellen, ka reegelméisseg dëse Site besichen, a sech hei och iwwer d'Bewerbungsprozedur informéieren.

De Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel berécksiichtegt keng spontan Kandidaturen.

Informatiounen zu den aktuelle fräie Plaze beim Ministère kritt Dir ënnert follgender Adress:ressources.humaines@mae.etat.lu

Dilpomatesche Concours

Den MAE organiséiert all Joer e Concours an e puer Etappe fir Kandidaten ze rekrutéieren, déi un enger Karriär am Lëtzebuerger diplomateschen Déngscht interesséiert sinn.

Follgend Opnam-Bedéngunge gëlle fir den diplomatesche Concours:

  • Et muss een den allgemengen Deel vum Staatsexame fir d'Carrière supérieure (A1) gepackt hunn.
  • Et muss een Titulaire vun engem akadeemeschen Ofschloss oder vun engem Diplom sinn, dee vun enger Ariichtung aus dem Héichschoulwiesen ausgestallt ginn ass an den erfollegräichen Ofschloss vun engem Master-Studium noweist (oder engem equivalenten Ofschloss).
  • Et muss een déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn.

Sech an der Entwécklungszesummenaarbecht an an der humanitärer Hëllef engagéieren

Persounen, déi sech am Beräich vun der Entwécklungszesummenaarbecht engagéiere wëllen, kënne sech um Site vun der Lëtzebuerger Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Aktioun doriwwer informéieren. Op der Säit Sech engagéieren  ginn d'Appels à Candidature (op Franséisch) verëffentlecht.

Stagen

Dat ganzt Joer iwwer proposéiert de Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel interesséierte Studente, déi an enger Ariichtung aus dem Héichschoulwiesen ageschriwwe sinn (mindestens am 2. Joer Uni), Stageméiglechkeeten zu Lëtzebuerg oder an enger vun den Ambassaden a Vertriedunge vum diplomatesche Reseau am Ausland.

Dat ganzt Joer iwwer proposéiert de Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel interesséierte Studente, déi an enger Ariichtung aus dem Héichschoulwiesen ageschriwwe sinn (mindestens am 2. Joer Uni), Stageméiglechkeeten zu Lëtzebuerg oder an enger vun den Ambassaden a Vertriedunge vum diplomatesche Reseau am Ausland.

Dauer vum Stage

  • D'Dauer vum Stage ka vun e puer Woche bis zu maximal 6 Méint iwwer eng Period vu 24 Méint variéieren, mat der Ausnam vu konventionéierte Stagen am Kader vun engem Unis-Studium, déi och méi laang kënne sinn.
  • Bezuelte Stage fir Stagë vu méi wéi 4 Wochen.

Postuléieren

Interesséiert Studente kënnen eng lettre de motivation op franséischer Sprooch an de Curriculum Vitae (am "PDF" oder "Word" Format) un d'Adress stagiaires.etudiants@mae.etat.lu schécken, mat der Prezisioun a wéi enger  Ambassade oder permanenter Vertriedung si de Stage maache wëllen.

Wahlbeobachtungsmissiounen

Well demokratesch Walen d'Grondlag vun all legitimmer Regierung sinn, hëlt de Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel  un de Walbeobachtungsmissioune vun der Europäescher Union an der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht a Europa (OSCE) deel.

Interesséiert Kandidate kënnen hir Ufroen per E-Mail un d'Adressobservations.electorales@mae.etat.lu schécken.

An enger internationaler Organisatioun schaffen

Europäesch an international Organisatioune bidde vill Aarbechtsméiglechkeeten an engem interessanten an internationalem Aarbechtsëmfeld. Egal ob Dir Student, jonke Beruffstätegen, Agent beim Staat oder op der Sich no enger neier Erausfuerderung sidd, d'Europäesch Unioun- an international Organisatiounen erlaben iech, wäertvoll berufflech Erfarungen ze sammelen, an dat fir verschidde Profiller.

Méi Informatiounen iwwer déi verschidden international Karriäre fannt Dir hei.

Kontakt: carriere.internationale@mae.etat.lu

Suivéiert och d'Facebook- a LinkedIn-Konte vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel fir ëmmer iwwer fräi Plazen informéiert ze sinn.