Generalsekretariat

D'Generalsekretariat ass fir d'Koordinatioun vun de Servicer vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel a vun den diplomateschen a konsularesche Missiounen zoustänneg. Seng Aufgab besteet doran, an enker Zesummenaarbecht mat den 8 Direktioune vum Departement, d'Kohärenz vun der Aussepolitik ze garantéieren a fir e gudden Oflaf vun den diplomateschen a konsularesche Missiounen ze suergen.

D'Generalsekretariat ass och fir d'Kommunikatioun vum Ministère mam Palais, mat der Chamber, mat den anere ministeriellen Departementer, mam Regierungsrot a mat den Administratiounen zoustänneg.

D'Generalsekretariat iwwerhëlt doriwwer eraus d'Presidence, d'Sekretariat an d'Comptabilitéit vum Koordinatiounscomité fir d'Installatioun vun europäeschen Institutiounen an Organisatiounen (Desk Siège).

De juristesche Service innerhalb vum Generalsekretariat geréiert déi juristesch Dossieren a Froen, déi ënnert d'Kompetenz vum Ministère falen, besonnesch Froen zum Thema ëffentlecht an humanitäert internationaalt Recht.

De Service fir Traitéen, deen un de juristesche Service gekoppelt ass, ass haaptsächlech fir d'Lëtzebuerger Ratifikatioun vun internationalen Traitéen zoustänneg, dëst an enker Zesummenaarbecht mat de ministeriellen Departementer. De Service ass iwwerdeems fir d'legislativ Prozedur responsabel.

Am Beräich vun der Kommunikatioun suergt d'Generalsekretariat am Kader vun der Strategie fir ëffentlech Diplomatie (Public Diplomacy) fir eng kohärent Diffusioun, iwwert verschidde Kommunikatiounskanäl, vun institutionellen a ministeriellen Informatiounen un déi breet Ëffentlechkeet. Fir eng strukturéiert Kommunikatioun ze garantéieren, huet de Generalsekretariat eng Informatiouns- a Kommunikatiounscellule (CIC) geschafen, déi déi digital Kommunikatioun vum Ministère kontinuéierlech un den technologesche Fortschrëtt an un déi spezifesche Besoine vum Public a vun de Bierger a Biergerinnen upasst (Internet Site, sozial Medien).

D'Generalsekretariat garantéiert ausserdeem d'Gestioun an d'Bereetstelle vun adequaten Tools an IT-Material déi dem Personal vum MAE iwwert den IT Service zur Verfügung gestallt ginn; d'Gestioun vun den Archiven a vum Courrier (duerch de PCA – Pool Courrier Archivage); d'Sécherheet vum Personal vum Ministère; an d'Sécherung vun den diplomateschen a konsularesche Missiounen (BOA & Cellule Sécherheet).

Aktualiséiert