Visa

Visa fir kuerz Openthalter am Schengen-Raum (maximal 90 Deeg innerhalb vun engem Zäitraum vun 180 Deeg)

De Visa fir kuerz Openthalter, och Schengen-Visa genannt, erlaabt et Staatsbierger aus bestëmmten Drëttstaaten (ausserhalb vun der EU) sech temporär, fir eng maximal Dauer vun 90 Deeg (innerhalb vun engem Zäitraum vun 180 Deeg) am Schengen-Raum opzehalen.

Et ginn dräi Kategorië vu Schengen-Visaen:

  • Visa fir eng eenzeg Arees (Single-entry visa): geneemegt nëmmen eng Arees an de Schengen-Raum.
  • Visa fir méi Areesen (Multiple-entry visa): geneemegt méi wéi een Openthalt, esou laang de Visa gülteg ass.
  • Visa fir e Fluchhafen-Transit: geneemegt den Transit duerch eng international Zon vun engem Flughafen, ouni de Schengen-Raum ze betrieden.

All Persoun, déi aus follgende Grënn an e Schengen-Staat (z.B. Lëtzebuerg, Belsch oder een anert) areese wëll:

  • Familljebesuch,
  • Tourismus,
  • Participatioun un engem kulturellen oder sportlechen Event,
  • aus berufflech Grënn,

muss kënnen noweisen, datt si d'Areesbedéngungen aus dem Artikel 6 vum Schengener-Grenzkodex erfëllt.

Eng vun dëse Konditiounen ass de Besëtz vun engem gültege Visa, ausser d'Persoun ass vun dëser Flicht befreit oder si huet eng gülteg Openthaltsgeneemegung, respektiv en nationale Visa vun engem Memberstaat aus dem Schengen-Raum.

Visasflicht fir e kuerzen Openthalt zu Lëtzebuerg

De Reglement (UE) 2018/1806 vum Europaparlament a vum Conseil vum 14. November 2018 enthält zwou Lëschten:

  • Eng Lëscht vun Drëttstaaten deenen hir Staatsbierger e Visa mussen hunn, wann si d'Baussegrenze vun EU-Memberlänner iwwerschreiden;
  • Eng Lëscht vun Drëttstaaten deenen hir Staatsbierger vun dëser Flicht befreit sinn.

Wann Dir Staatsbierger vun engem Land sidd, fir dat eng Visasflicht besteet, musst Dir virun Ärer Arees a Lëtzebuerg e Schengen-Visa ufroen. Mat dësem Visa kënnt Dir Iech fräi am Schengen-Raum beweegen, dëst fir Openthalter vu manner wéi 90 Deeg innerhalb vun engem Zäitraum vun 180 Deeg.

Op der offizieller Lëscht kënnt Dir nopréiwen ob Dir opgrond vun Ärer Nationalitéit e Visa braucht.

Verschidden Zorte vu Päss, wéi zum Beispill Diplomaten-oder Déngschtpäss, Reesdokumenter déi u Flüchtlingen oder u Persounen ouni Staatsbiergerschaft ausgestallt ginn, grad esou wéi bestëmmte Kategorië vu reesende Persounen (zum Beispill bei offizielle Missiounen oder Klassereesen) kënne vu spezifeschen Ausname profitéiere wat d'Visasflicht ugeet.

Dës Ausnamen hänken oft vun de bilaterale Bezéiungen of, déi tëscht Lëtzebuerg an deene concernéierte Länner bestinn. Dofir gëtt Iech dréngend recommandéiert Iech iwwert d'Conditiounen déi Är Situatioun betreffen z'informéieren. Op der offizieller Lëscht kënnt Dir nopréiwen ob Dir fir Äert Reesdokument e Visa braucht oder net.

Wou kann ee seng Demande fir e Visa maachen?

D'Demandë fir e Visa fir e kuerzen Openthalt aus follgende Grënn musse bei der zoustänneger Ambassade oder beim zoustännege Konsulat agereecht ginn:

  • Tourismus, Geschäftsreesen, Familljebesuch;
  • Studium, Konferenzen am Beräich vum Sport oder vun der Kultur;
  • medezinesch Grënn;
  • humanitär Grënn.

Wann Dir eng Rees op Lëtzebuerg plangt, musst Dir Är Demande fir e Visa bei der Lëtzebuergescher Ambassade oder beim Konsulat erareechen, dee fir Äre Wunnuert zoustänneg ass.

A verschiddene Länner schaffen dës diplomatesch Vertriedunge mat externen Déngschtleeschter zesumme fir d'Visasdemanden ze traitéieren. Detailléiert Informatiounen zum Areeche vun enger Visasdemande fannt Dir och um Internetsite vun der zoustänneger diplomatescher Vertriedung.

Dës Vertriedung fannt Dir op der offizieller Lëscht vun de Lëtzebuerger Ambassaden a Konsulater.

-          Vertriedung duerch en anere Schengen-Staat

A verschiddene Länner huet Lëtzebuerg keng diplomatesch Vertriedung. An dësem Fall gëtt d'Land duerch een anere Staat vertrueden, dee Member vum Schengen-Raum ass, an deen sech ëm d'Receptioun an den Traitement vun de Visasdemandë fir e kuerzen Openthalt (bis zu 90 Deeg) këmmert.

D'Lëscht vun de betraffene Länner fannt Dir um Site vum Ministère, ënnen op der Säit "Diplomatesch oder konsularesch Vertriedung no Land sichen".

-          Visa fir e laangen Openthalt

D'Demandë fir e Visa fir a laangen Openthalt (méi wéi 90 Deeg) ginn ëmmer vun enger Lëtzebuerger oder belscher konsularescher oder diplomatescher Vertriedung traitéiert, jee no Hierkonftsland vum Demandeur.

Suivi vun enger Visasdemande

Et sief drop higewisen, datt Visasdemandë fir e kuerzen Openthalt, déi bei engem anere Memberstaat, dee Lëtzebuerg vertrëtt, agereecht goufen, och nëmme vun dësem Staat traitéiert ginn. Fir Froen zu Ärer Demande oder zu hirer Beaarbechtung musst Dir Iech also direkt un d'konsularesch Vertriedung vun dësem Land wenden.

Wann Dir Är Demande bei enger diplomatescher oder konsularescher Vertriedung vu Lëtzebuerg oder vun der Belsch agereecht hutt, kënnt Dir Iech direkt u follgend Instanze wenden:

D'Demandë ginn normalerweis innerhalb vu 15 Deeg (ab dem Datum wou se agereecht goufen) traitéiert. Wann awer zousätzlech Ënnerlagen néideg sinn, kann dësen Delai bis op 45 Deeg verlängert ginn.

Dofir gëtt dréngend gerode vun Ufank un e vollstännegen Dossier eranzereechen. E gutt preparéierten Dossier soll all déi néideg Dokumenter an Informatiounen enthalen, fir datt déi zoustänneg Autoritéiten iwwerpréiwe kënnen ob d'Conditioune fir eng Arees an en Openthalt zu Lëtzebuerg erfëllt sinn.

Wann Dir eng Demande bei engem Lëtzebuerger oder belsche Konsulat eraginn hutt, kënnen Ënnerlagen, déi méi spéit nogereecht ginn och nach berücksichtegt ginn. An dësem Fall sollt Dir Iech un déi concernéiert Ambassade oder un de Service "Visa" ënner follgender Adress wenden: service.visas@mae.etat.lu.

Wann Dir awer Är Demande bei engem anere Memberstaat, dee Lëtzebuerg vertrëtt, ofginn hutt, da ginn Dokumenter déi méi spéit nogereecht ginn normalerweis net méi berücksichtegt. Dir musst Iech dann direkt un de konsulareschen Déngscht vum Vertriederstaat wenden.

Kommunikatioun vun der Decisioun am Kader vun der Visasdemande

Wann Dir am Ausland wunnt, kritt Dir d'Decisioun vun der zoustänneger Ambassade oder vum zoustännege Konsulat, wou Dir d'Demande agereecht hutt, matgedeelt.

Recours am Fall vun engem Refus vum Visa fir e kuerzen Openthalt

Wann Äre Visasdemande refuséiert ginn ass, hutt Dir d'Méiglechkeet e sougenannten "Recours gracieux" eranzereechen. Dëse Recours besteet aus engem formelle Bréif dee vum Demandeur ënnerschriwwe muss sinn.

Dëse Recours muss an engem Zäitraum vun dräi Méint (ab dem Datum vun der Notifikatioun vun der Decisioun) deponéiert ginn. Gëtt dëse Bréif nom Delai oder ouni Ënnerschrëft agereecht, gëllt de Recours als net zoulässeg a gëtt net gepréift.

Wann Dir Är Demande bei engem Lëtzebuerger oder belsche Konsulat agereecht hutt, kënnt Dir Äre Recours u follgend Adress schécken:

Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel
Bureau des passeports, visas et légalisations

service.visas@mae.etat.lu
6, rue de l'Ancien Athénée, L-1144 Luxembourg

 

Wann Dir awer Är Demande bei engem anere Memberstaat agereecht hutt, dee Lëtzebuerg vertrëtt, da kënnt Dir Äre Recours direkt un déi konsularesch Servicer vun dësem Staat schécken, entspriechend den Uweisungen déi um Refus ze fanne sinn.

Géint e Refus kann och virum Verwaltungsgeriicht e Recours ageleet ginn. D'Demande muss bei engem Avocat à la Cour an engem Zäitraum vun 3 Méint ab der Notifikatioun vun der Decisioun deponéiert ginn. Déi entspriechend Reegelungen am Fall vun engem Recours géint e Refus, eng Annulatioun oder en Ophiewe vun engem Visa sinn am follgende Gesetz festgeluecht: "Loi du 21 juin 1999 portant règlement de procédure devant les juridictions administratives (Mémorial A n°98 du 26 juillet 1999)".

Verlängerung vun engem Visa fir e kuerzen Openthalt zu Lëtzebuerg

De Passbüro (Bureau des passeports, visas et légalisations) kann an Ausnamefäll eng Verlängerung vun engem Visa fir e kuerzen Openthalt geneemegen, wann den Demandeur ee vu follgende Grënn virweise kann:

  • eescht perséinlech Grënn;
  • e Cas de force majeure (Naturkatastroph, Streik, Annulatioun vum Fluch, asw.);
  • oder humanitär Grënn (Krankheet, Stierffall am enke Familljekrees, asw.).

D'Verlängerung vun engem Visa fir e kuerzen Openthalt (Typ C, bis 90 Deeg) ass nëmmen op Lëtzebuerger Territoire méiglech, ënnert follgende Konditiounen:

  • déi ursprénglech Dauer vum Visa ass net iwwerschratt ginn;
  • d'Reegel vun 90 Deeg innerhalb vun engem Zäitraum vun 180 Deeg ass agehale ginn;
  • D'Demande muss agereecht ginn ier de Visa ofgelaf ass.

D'Demande muss beim Service "Visa" ënner follgender Adress agereecht ginn service.visas@mae.etat.lu a muss follgend Dokumenter enthalen:

  • eng Kopie vum Pass (Identitéitsdonnéeën, Visa, Stempele fir d'An- an d'Ausrees;
  • e Bréif an deem d'Grënn fir d'Demande detailléiert ginn;
  • all Dokument wat beleeë kann datt eescht perséinlech Grënn, eng Force majeure oder humanitär Grënn virleien (e Certificat médical, eng Attestatioun vun der Annulatioun vum Transport asw.)

Wann Dir Ären Openthalt iwwer 90 Deeg (innerhalb vun engem Zäitraum vun 180 Deeg) eraus verlängere wëllt, musst Dir d'Generaldirektioun fir Immigratioun vum Inneministère kontaktéieren.

Et sief drop higewisen, datt de Passbüro net fir Regularisatioune vum Openthalt zoustänneg ass.

All Demande fir eng Verlängerung vun engem kuerzen Openthalt, déi nom Oflaf vum Visa oder net am Aklang mat de gesetzleche Bedéngungen agereecht gëtt, gëtt net ugeholl.

Demande fir e Visa fir e kuerzen Openthalt nom Oflaf vun enger Openthaltsgeneemegung

A bestëmmte Situatioune wëlle Staatsbierger vu Länner, déi enger Visasflicht ënnerleien, hiren Openthalt verlängeren, och wann hir Openthaltsgeneemegung (Titre de séjour) net méi verlängert ka ginn. Fir legal am Schengen-Raum ze bleiwen nodeems hir Openthaltsgeneemegung ofgelaf ass, mussen si e Visa fir kuerz Openthalter ufroen.

A follgende Fäll kann eng Demande fir e Visa fir kuerz Openthalter (zum Beispill fir Tourismusreesen, Geschäftsreesen oder Familljebesich) un déi diplomatesch Vertriedunge vu Lëtzebuerg geriicht ginn:

  • wann d'Openthaltsgeneemegung nach gülteg ass (op d'mannst 15 Deeg ier se ofleeft);
  • wann de Grond fir de kuerzfristegen Openthalt kloer definéiert ass an den Ufuerderunge vum Visa-Code entsprécht.

D'Persoun, déi e Visa ufreet, muss noweisen, datt si d'Bedéngungen erfëllt, fir an de Schengen-Raum anzereesen. Si muss dofir eng Rei Dokumenter virleeën, déi den Zweck vun hirer Rees, d'Ënnerkonft an d'finanziell a medezinesch Ofsécherung beleeën. Zousätzlech muss si garantéieren, datt si nom Openthalt an hiert Wunnland zeréckgeet.

Demandë fir e Visa fir e kuerzen Openthalt ginn net ugeholl, wann een sech an engem anere Schengen-Staat néierloosse wëllt. An deem Fall soll een sech direkt un déi zoustänneg Autoritéite vum betraffene Memberstaat wenden.

Verflichtungserklärung (Engagement de prise en charge)

Prozedur fir d'Verflichtungserklärung zu Lëtzebuerg

All Staatsbierger aus engem Drëttland, deen e kuerzen Openthalt zu Lëtzebuerg (maximal 90 Deeg bannent 180 Deeg) wëllt maachen, muss noweisen, datt hien iwwer genuch finanziell Mëttel fir d’Dauer vum Openthalt a fir säi Retour verfüügt.

D'Verflichtungserklärung, oder Engagement de prise en charge, ass en Dokument, mat deem sech e Garant, deen zu Lëtzebuerg wunnt, verflicht, d'Käschte fir den Openthalt, d'Gesondheetsversuergung an de Retour vun der betraffener Persoun ze iwwerhuelen. Si gëllt als Noweis fir déi erfuerderlech finanziell Mëttel, wann se vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel approuvéiert gouf.

Eng Persoun, déi net iwwer genuch eege Mëttel verfüügt oder keng valabel Beleeër virleeë kann, kann op eng Verflichtungserklärung zeréckgräifen. Wann dëst Dokument vun engem Garant ënnerschriwwe gouf a vun den zoustännegen Autoritéiten ugeholl gouf, déngt et als Noweis fir déi erfuerderlech finanziell Mëttel – sief et fir eng Visa-Ufro oder bei enger Kontroll un de Baussegrenze vum Schengen-Raum.

Wichteg Punkten:

  • D'Verflichtungserklärung ass sechs Méint no hirer Approbatioun valabel a muss an dëser Zäit vum Demandeur benotzt ginn.
  • Si garantéiert net, datt e Visa ausgestallt gëtt.
  • Si ass gratis.
  • Am Fall vun enger Approbatioun kann se nëmme fir eng eenzeg Rees benotzt ginn.
  • De Garant gëtt vu senger Verflichtung entbonnen, wann hien noweise kann, datt d'Persoun de Schengen-Raum verlooss huet.

Prozedur:

Fir d'Verflichtungserklärung anzereechen, huet de Garant follgend Optiounen:

  • Online kann d'Demarche "Demande d’engagement de prise en charge pour un court séjour au Grand-Duché de Luxembourg" um MyGuichet.lu ausgefëllt ginn. Dofir ass eng Authentifikatioun néideg, entweder mat:
    • engem LuxTrust-Produkt; oder
    • enger elektronescher Identitéitskaart (eID).
    • souwéi d’Approbatioun vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel.
  • Op Pabeier – dofir muss den entspriechende Formular ausgefëllt ginn. Dës Demarche erfuerdert:
    • D'Ënnerschrëft vum Garant muss vun de lokalen Autoritéite vu sengem Wunnuert legaliséiert ginn.
    • D'Formularen an Annexe mussen un de Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel geschéckt ginn, u follgend Adress:

      Direction des affaires consulaires et des relations culturelles internationale
      Bureau des passeports, visas et légalisations
      6, rue de l’Ancien Athénée, L-1144 Luxembourg
    • souwéi d’Approbatioun vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel.

Follgend Dokumenter mussen der Demande bäigefüügt ginn:

  • Lëtzebuergesch Bierger: eng Kopie vum Pass oder vun der Identitéitskaart.
  • EU-Bierger: eng Kopie vum Pass oder vun der Identitéitskaart an eng Attestatioun vum permanente Openthalt.
  • Staatsbierger aus Drëttlänner: eng Kopie vum Pass a vun der Openthaltsgeneemegung.
  • Déi dräi lescht Pai-Ziedelen oder en anere Beweis vum Akommes vum Garant, souwéi – wann zoutreffend – all zousätzlecht Akommes, ouni op d’Sozialhëllef zeréckzegräifen;
  • Eng Kopie vum Pass vun der Persoun, fir déi d’Käschten iwwerholl ginn.

 

Opgepasst: D’Approbatioun vun enger Verflichtungserklärung stellt keng Autorisatioun duer, fir an de Schengen-Raum anzereesen oder sech zu Lëtzebuerg opzehalen.

Dateschutz

Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën am Visa-Informatiounssystem (VIS) – Informatioun fir Visa-Demandeuren

Hiweis zur Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën

D'Erhiewe vun de perséinlechen Donnéeën, déi fir all Visa-Ufro erfuerderlech sinn, inklusiv Fotoen a Fangerofdréck, ass obligatoresch fir d'Beaarbechtung vun der Demande. Wann dës Donnéeën net virleien, gëtt d’Demande als net recevabel erkläert.

Zoustänneg Autoritéiten

Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel
Bureau des Passeports, Visas et Légalisations
6 Rue de l’Ancien Athenée
L-1144 Luxembourg
service.visas@mae.etat.lu

Dateschutzbeoptraagten: info@cgpd.etat.lu

Rechtlech Grondlag

Déi rechtlech Grondlag fir d'Erhiewen an d'Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeë gëtt duerch follgend Texter festgeluecht: de Reglement (EU) 767/2008 (VIS-Reglement), de Reglement (EU) 2019/1155, deen de Reglement (CE) 810/2009 (Visa-Code) ännert, souwéi d'Decisioun vum Conseil 2008/633/JAI.

Veraarbechtung vun de perséinlechen Donnéeën

D'Donnéeë ginn un déi zoustänneg Autoritéite vun de Schengen-Memberstaaten [1] iwwermëttelt a vun dësen Autoritéite veraarbecht, fir eng Entscheedung zur Visa-Ufro ze treffen.

D'Donnéeën, déi sech op eng Entscheedung iwwer eng Visa-Ufro oder op d’Annulatioun, d'Ophiewen oder d'Verlängerung vun engem ausgestallte Visa bezéien, ginn am Visa-Informatiounssystem (VIS) gespäichert a fir maximal fënnef Joer konservéiert. Wärend dëser Zäit si se zougänglech fir déi Autoritéiten, déi fir Visaen, Grenzkontrollen op de Baussegrenze vum Schengen-Raum an am Territoire vun de Memberstaaten, souwéi fir Immigratiouns- an Asylberäicher zoustänneg sinn. Dës Donnéeë kënne benotzt ginn, fir ze kontrolléieren, ob d'Konditioune fir d'Arees, den Openthalt an de Wunnsëtz erfëllt sinn, fir Persounen z'identifizéieren, déi dës Konditiounen net (méi) erfëllen, fir eng Asylufro ze préiwen an d'Responsabilitéit fir dës Préiwung festzeleeën.

Ënner bestëmmte Konditioune kënnen dës Donnéeën och un designéiert Autoritéiten an de Memberstaaten an un Europol weidergeleet ginn, dëst am Kader vun der Preventioun, der Detektioun an den Ermëttlungen am Kontext vun terroristeschen Doten oder anere schwéiere Strofdoten.

Drëttstaaten an international Organisatiounen

Perséinlech Donnéeë kënnen och un Drëttstaaten oder international Organisatiounen iwwermëttelt ginn, fir Drëttstaatsbierger z'identifizéieren, och am Kader vun hirer Réckrees. Dës Iwwermëttlunge kënnen nëmmen ënner bestëmmte Konditioune stattfannen [2]. Fir weider Informatiounen iwwer dës Konditiounen an hir Uwendung a konkrete Fäll kënnt Dir Iech un déi Autoritéit wenden, déi zoustänneg ass fir d'Veraarbechtung vun den Donnéeën.

Transparenz a Rechter vun de betraffene Persounen

Am Aklang mam Règlement général sur la protection des données (RGPD) [3] an dem VIS-Reglement [4] hutt Dir d’Recht, Zougang zu Äre perséinlechen Donnéeën ze kréien, inklusiv enger Kopie dovun, souwéi Informatiounen iwwer de Memberstaat, deen dës Donnéeën un de VIS iwwermëttelt huet. Dir hutt och d'Recht, falsch oder onvollstänneg Donnéeë korrigéieren oder ergänzen ze loossen, d'Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën ënner bestëmmte Konditiounen anzeschränken an Donnéeën, déi onrechtméisseg veraarbecht goufen, läschen ze loossen.

Är Demande fir den Zougang, d'Rektifikatioun oder d'Läsche vun Donnéeë kënnt Dir direkt un déi zoustänneg Autoritéit riichten. Weider Detailer iwwer d'Konditiounen, fir dës Rechter auszeüben, souwéi iwwer déi domat verbonne Rechter am Aklang mat der nationaler Rechtslag vum betraffene Staat, fannt Dir op der entspriechender Internetsäit oder kritt Dir op Ufro.

Dir kënnt Är Demande och un en anere Memberstaat riichten. Eng Lëscht vun den zoustännegen Autoritéiten an hir Kontaktdate fannt Dir hei:

https://edpb.europa.eu/about-edpb/about-edpb/members_en#member-lu

Eng Reklamatioun areechen

Dir hutt d'Recht, zu all Moment eng Reklamatioun bei der nationaler Autoritéit fir Dateschutz anzereechen, wann Dir der Meenung sidd, datt Är perséinlech Donnéeën onrechtméisseg veraarbecht goufen.

D'Dateschutzautoritéit zu Lëtzebuerg ass:

Commission nationale de la protection des données (CNPD), 15 Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux
Tel.: (+352) 26 10 60 – 1

Kontakt: https://cnpd.public.lu/fr/support/contact.html

Internetsäit vum Ministère fir Famill, : https://cnpd.public.lu/fr/commission-nationale.html

 

[1] Belsch, Bulgarien, Dänemark, Däitschland, Estland, Finnland, Frankräich, Griicheland, Island, Italien, Kroatien, Lettland, Liechtenstein, Litauen, Lëtzebuerg, Malta, Holland, Norwegen, Éisträich, Polen, Portugal, Rumänien, Schweden, Schwäiz, Slowakei, Slowenien, Spuenien, Tschechesch Republik an Ungarn.

[2] Artikel 31 vum Reglement (CE) 767/2008 (Reglement VIS)

[3] Artikel 15 bis 19 vum Reglement (UE) 2016/679 (RGPD)

[4] Artikel 38 vum Reglement (CE) 767/2008 (Reglement VIS)

Wat ass de VIS?

De Visa-Informatiounssystem (VIS) ass e System fir den Austausch vu Visa-Donnéeën tëscht de Schengen-Staaten am Kontext vu kuerzfristegen Openthalter. D'Haaptzil vum VIS ass et, d'Prozedure fir Visa-Ufroen ze vereinfachen, d'Effizienz vun de Kontrollen un de Baussegrenzen ze optiméieren an d'Sécherheet am Schengen-Raum ze stäerken.

D'Aféierung vum VIS soll de Visa-Demandeuren e bessere Schutz géint Identitéitsklau bidden an Dokumentebedruch souwéi d'Praxis vum "Visa-Shopping" verhënneren. D'Benotzung vu Fangerofdréck an deem Kader ass an der EU ee vun de sécherste Mëttel fir eng korrekt Identifikatioun. D'Benotzung vu biometreschen Donnéeë mécht et méiglech, Visa-Titulairë séier an zouverlässeg duerch d’Grenzautoritéiten z’identifizéieren.

De VIS ëmfaasst eng zentral Datebank, eng national Schnëttstell an all Schengen-Staat an eng Kommunikatiounsinfrastruktur tëscht der zentraler Datebank an de nationale Schnëttstellen. Iwwer dës Schnëttstellen ass de VIS mat de nationale Visa-Systemer vun alle Schengen-Staate verbonnen, wat et den zoustännegen Autoritéiten erlaabt, Donnéeën am Zesummenhang mat Visa-Ufroen an ausgestallte, refuséiert, annuléiert, opgehuewen oder verlängert Visaen ze veraarbechten.

De VIS besteet aus zwee Systemer: enger Datebank, an där alphanumeresch Recherchen duerchgefouert ginn, an engem automatiséierte System fir d'Identifikatioun vu Fangerofdréck (AFIS), deen déi erfaasst Fangerofdréck mat der Datebank vergläicht an eng positiv oder negativ Äntwert liwwert, inklusiv méiglechen Iwwerteneestëmmungen.

D'Haaptzentral vum VIS befënnt sech zu Stroossbuerg (Frankräich). Eng Backup-Zentral, déi all Funktioune vun der Haaptzentral iwwerhuele kann, ass zu Sankt Johann am Pongau (Éisträich).

De VIS verschafft permanent d'Informatiounen, déi vun de Konsulater vun de Schengen-Staate gesammelt ginn. Donnéeën, déi lokal erfaasst ginn, kënnen a kuerzer Zäit am VIS disponibel sinn. De System erméiglecht eng séier Iwwerpréiwung vu Visa-Titulairen op de Grenzen, wou d'Kontroll nëmmen e puer Sekonnen dauert.

D'Europäesch Kommissioun war fir d'Entwécklung vun der zentraler Datebank, den nationale Schnëttstellen an der Kommunikatiounsinfrastruktur zoustänneg. D’Schengen-Staaten si fir d’Entwécklung, d'Verwaltung an de Betrib vun hiren nationale Systemer responsabel.

D’Agence eu-LISA ass fir déi operativ Gestioun vum VIS zoustänneg.

Wat ass déi rechtlech Grondlag fir de VIS?

Déi wichtegst Rechtsakten, déi déi rechtlech Grondlag fir de VIS festleeën, sinn déi follgend:

• Decisioun 2004/512/EG vum Rot vum 8. Juni 2004 iwwer d’Ariichtung vum Visa-Informatiounssystem (VIS), ABl. L 213 vum 15.6.2004, S. 5.

• Reglement (EG) Nr. 767/2008 vum Europäesche Parlament an dem Rot vum 9. Juli 2008 iwwer de VIS an den Datenaustausch tëscht de Memberstaaten iwwer Visae fir kuerz Openthalter (VIS-Reglement), ABl. L 218 vum 13.8.2008, S. 60.

• Decisioun 2008/633/JAI vum Rot vum 23. Juni 2008 iwwer den Zougang vun den designéierten Autoritéite vun de Memberstaaten an Europol zum VIS fir Zwecker vun der Preventioun, der Detektioun an der Ermëttlung vun terroristeschen Doten oder anere schwéiere Strofdoten, ABl. L 218 vum 13.8.2008, S. 129.

• Reglement (EG) Nr. 81/2009 vum Europäesche Parlament an dem Rot vum 14. Januar 2009 zur Ännerung vum Reglement (EG) Nr. 562/2006 mat Bezuch op d'Notzung vum Visa-Informatiounssystem (VIS) am Kader vum Schengener Grenzkodex, ABl. L 35 vum 4.2.2009, S. 56.

• Reglement (EG) Nr. 810/2009 vum Europäesche Parlament an dem Rot vum 13. Juli 2009 iwwer e gemeinschaftleche Visa-Code (Visa-Code), ABl. L 243 vum 5.9.2009, S. 1.

Wéi eng Konsequenzen huet de VIS an der Praxis fir Visa-Demandeuren?

Persounen, déi fir d'éischt Kéier e Visa ufroen, mussen sech beim Areeche vun hirer Visa-Ufro perséinlech presentéieren, fir eng Foto ofzeginn an hir Fangerofdréck ophuelen ze loossen.

D’Foto gëtt aktuell op Basis vun enger bestoender Pabeierfoto agescannt. Zu engem spéideren Zäitpunkt gëtt d'Foto beim Areeche vun der Demande digital erfaasst.

Bei weidere Visa-Ufroen, déi bannent enger Period vun 59 Méint gestallt ginn, kënnen dann d'Fangerofdréck aus enger viregter Demande an de VIS iwwerholl ginn.

Wann d’Konsulat awer berechtegt Zweifel un der Identitéit vum Demandeur huet, kann och bannent där 59-Méint-Period eng nei Erfaassung vun de Fangerofdréck gemaach ginn. Den Demandeur kann och selwer eng nei Erfaassung vu senge Fangerofdréck ufroen, wann zum Zäitpunkt vun der Demande net direkt bestätegt ka ginn, datt dës bannent där Frist erhuewe goufen.

D’biometresch Donnéeë vu Visa-Demandeure kënne vun de Konsulater vun de Schengen-Staaten a vun externen Déngschtleeschter (wéi VFS, TLS an anerer) erhuewe ginn, awer net vu kommerziellen Intermediairen (zum Beispill Reesbüroen).

Bei der Arrivée un de Baussegrenze vum Schengen-Raum kënnen d'Grenzautoritéiten d’Fangerofdréck vun de Visa-Titulairë verlaangen, fir se mat den Donnéeën ze vergläichen, déi am VIS gespäichert sinn. D'Recherchen am VIS duerch d'Grenzautoritéite baséieren op der Nummer vun der Visa-Vignette a Verbindung mat de Fangerofdréck.

Visa-Titulairen, deenen hir Fangerofdréck bei der Demande net erhuewe goufen, well si vun dëser Flicht befreit waren, ginn op der Grenz net opgefuerdert, hir Fangerofdréck ofzeginn.

Wéi gëtt mat Persounen ëmgaangen, déi sech aus verschiddene Grënn weigeren, hir Fangerofdréck ofzeginn?

E Schengenvisa gëtt net ausgestallt, wann déi biometresch Donnéeën net ofgi goufen. Am Aklang mam Artikel 13, Paragraf 7, vum Visa-Code si verschidde Kategorië vu Bierger awer net verflicht, dës Donnéeën ofzeginn, wéi an den FAQ bei der Fro 18 erkläert gëtt.

Muss ech meng Fangerofdréck och ofginn, wann ech schonn e biometresche Reespass hunn?

Jo, och Persounen, déi e biometresche Reespass hunn, mussen sech bei hirer éischter Demande fir e Visa fir kuerz Openthalter am Schengen-Raum perséinlech presentéieren an hir Fangerofdréck ofginn.

Wéi gi meng biometresch Donnéeën am VIS geschützt?

Am VIS-Reglement si streng Dateschutzreegele festgeluecht, déi vun nationalen an europäeschen Dateschutzautoritéiten iwwerwaacht ginn.

D’Donnéeë ginn am VIS fir maximal fënnef Joer gespäichert, gerechent ab dem Oflafdatum vum Visa, wann e Visa ausgestallt gouf, oder ab dem neien Oflafdatum, wann de Visa verlängert gouf, oder ab dem Datum, op deem e Refus ausgestallt gouf.

All Persoun huet d'Recht, vum Schengen-Staat, deen hir Donnéeën an de VIS agedroen huet, Informatiounen zu dësen Donnéeën ze kréien. Si kann och ufroen, datt falsch Donnéeë korrigéiert an onrechtméisseg gespäichert Donnéeë geläscht ginn.

An all Schengen-Staat iwwerwaachen déi national Dateschutzautoritéiten onofhängeg d'Veraarbechtung vun de perséinlechen Donnéeën, déi am VIS gespäichert sinn.

Den Europäeschen Dateschutzbeoptraagten iwwerwaacht d'Veraarbechtung vun den Donnéeën duerch d'Autoritéit, déi fir d'Gestioun vum VIS zoustänneg ass.

Wéi eng Donnéeë ginn am VIS gespäichert?

D'Visa-Autoritéite vun de Schengen-Staate späicheren am VIS Donnéeën zu Visae fir kuerz Openthalter (dat heescht Demandë fir en Openthalt am Schengen-Raum vu maximal 90 Deeg). Donnéeën zu nationale Visae fir laang Openthalter ginn aktuell nach net am VIS gespäichert.

Beim Areeche vun enger Demande leeën déi zoustänneg Autoritéite vum betraffene Schengen-Staat en Dossier am VIS un a späicheren déi alphanumeresch Donnéeën aus dem Demandeformulaire fir de Schengenvisa, d'digital Foto vum Demandeur an déi zéng erhuewe Fangerofdréck of.

Wann en Demandeur an enger Grupp reest, ginn d'Dossiere vun de matreesende Persounen am VIS matenee verbonnen. Wa fir dee selwechten Demandeur schonn eng fréier Demande registréiert gouf, ginn dës Demanden och am VIS matenee verbonnen.

Nodeems eng Entscheedung iwwer d’Demande getraff gouf (Ausstellung oder Ofleenung vum Visa) oder eng spéider Entscheedung (Annulatioun, Ophiewung oder Verlängerung), ginn dës Informatioune vun den zoustännegen Autoritéiten am VIS gespäichert. Soubal de Visa ausgestallt gouf an all Donnéeë vum Demandeur – inklusiv Fangerofdréck – am VIS gespäichert sinn, gëtt e Code an d'Visa-Vignette agefüügt.

Wéi eng Autoritéiten hunn Zougang zum VIS?

D'Visa-Autoritéite vun de Schengen-Staaten hunn Zougang zum VIS, souwuel fir d'Erfaasse vun den Donnéeë wéi och fir hir Consultatioun. D'Donnéeën am Zesummenhang mat enger Demande an der dorop baséierender Entscheedung ginn an de VIS agedroe vun de Visa-Autoritéite vum Schengen-Staat, dee fir d'Préiwe vun der Demande oder d'Entscheedung zoustänneg ass. Déi vun engem Schengen-Staat agedroen Donnéeë kënnen duerno vun de Visa-Autoritéite vun allen anere Schengen-Staate consultéiert ginn, zum Beispill beim Préiwe vun enger anerer Demande vum selwechten Demandeur.

Aner Autoritéite vun de Schengen-Staaten hunn nëmmen aus Consultatiounszwecker Zougang zum VIS.

Déi national Grenzautoritéiten hunn Zougang zum VIS, fir d'Identitéit vun der Persoun, déi e Visa huet, d'Echtheet vum Visa an d'Erfëllung vun de Konditioune fir d'Arees an de Schengen-Raum ze iwwerpréiwen. D'Kontroll vum VIS op de Baussegrenze vum Schengen-Raum, mat systematescher Iwwerpréiwung vun de Fangerofdréck, ass obligatoresch, ausser a bestëmmte Fäll.

Déi national Autoritéiten, déi fir Identitéitskontrollen um Territoire vun de Schengen-Staaten zoustänneg sinn, hunn Zougang zum VIS, fir d’Identitéit vun der Persoun, déi e Visa huet, d'Echtheet vum Visa an d'Erfëllung vun de Konditioune fir d'Arees, den Openthalt oder d'Residenz um Territoire vun de Schengen-Staaten ze iwwerpréiwen.

Déi national Autoritéiten, déi fir den Asyl zoustänneg sinn, hunn Zougang zum VIS, fir ze bestëmmen, wéi ee Memberstaat fir d'Préiwe vun enger Asyldemande zoustänneg ass, am Aklang mam Reglement (EG) Nr. 343/2003, a fir d'Beaarbechtung vun der Demande.

Europol huet Zougang zum VIS fir Consultatiounszwecker am Kader vun der Preventioun, der Detektioun an der Ermëttlung vun terroristeschen Doten oder anere schwéiere Strofdoten.

Déi national Policeautoritéiten hunn Zougang zu den Donnéeë vum VIS fir déi selwecht Zwecker, ënner der Viraussetzung, datt bestëmmte gesetzlech Konditiounen erfëllt sinn: Den Zougang muss an engem konkrete Fall noutwendeg sinn, an et muss begrënnt ugeholl kënne ginn, datt d'Consultatioun vun den Donnéeë wesentlech zur Preventioun, Detektioun oder Ermëttlung vun terroristeschen Doten oder anere schwéiere Strofdote bäidréit.

Am Allgemengen däerfen Donnéeën aus dem VIS net un Drëttstaaten oder international Organisatioune weidergeleet oder fir si zougänglech gemaach ginn. Ausnamsweis kënnen eenzel Donnéeën, déi am VIS gespäichert sinn (Numm, Nationalitéit, Nummer vum Reesdokument, Wunnsëtz), un Drëttstaaten oder international Organisatiounen iwwermëttelt ginn, wann dat an engem konkrete Fall noutwendeg ass, fir d'Identitéit vun enger Persoun aus engem Drëttstaat nozeweisen, och am Kader vu Réckreesen.

Wéi kënnt Dir Äert Recht op Zougang ausüben?

Ausféierlech Informatiounen doriwwer, wéi Dir Äert Recht op Zougang ausübe kënnt, fannt Dir op der follgender Säit:

https://cnpd.public.lu/fr/commission-nationale/activites-eur-inter/csc/vis1.html

Schutz vun Äre perséinlechen Donnéeën am Internet

Mir weisen nach eemol drop hin, datt d’Iwwermëttlung vu perséinlechen Donnéeën iwwer en oppent Netzwierk wéi den Internet mat gewësse Risike verbonnen ass. Net verschlësselt oder net geséchert Kommunikatioune kënnen ofgefaangen, verännert oder vun net autoriséierten Drëtt-Parteie gelies ginn.

Fir Är Privatsphär ze schützen, recommandéiere mir Iech, perséinlech Informatiounen nëmmen iwwer geséchert a verschlësselt Kanäl ze iwwermëttelen an Iech ze vergewësseren, datt d'Empfänger vertrauenswierdeg sinn.

SIS

BIERGERRECHTER AM ZESUMMENHANG MAM SCHENGENER INFORMATIOUNSSYSTEM

1. Allgemengen Iwwerbléck iwwer de Schengener Informatiounssystem

De Schengener Informatiounssystem (SIS) gouf duerch d'Konventioun zur Ëmsetzung vum Schengener Ofkommes vum 19. Juni 1990 agefouert. Et ass e System, deen am Kader vun der Sich no Persounen an Objeten agesat gëtt, fir d'Ofschafe vun de Kontrollen op de Bannegrenzen auszegläichen an dobäi en héije Sécherheetsniveau am Raum vun der Fräiheet, der Sécherheet an dem Recht vun der Europäescher Unioun ze garantéieren.

Am System gi follgend Meldungen erfaasst

i. vu Persounen:

  • Drëttstaatsbierger, géint déi eng Entscheedung iwwer eng Réckrees getraff gouf;
  • Drëttstaatsbierger, fir déi en Arees-Verbuet oder en Openthalts-Verbuet ausgeschriwwes ass;
  • Persounen, déi am Kader vun enger Festnam oder enger Ausliwwerung gesicht ginn;
  • Vermësste Persounen, dorënner och:
  • Kanner, déi riskéieren, vun engem Elterendeel, engem Familljemember oder engem Tuteur entfouert ginn ze sinn;
  • vulnerabel Persounen, déi dovu mussen ofgehale ginn, ze reesen;
  • Persounen, déi gesicht gi fir am Kader vun enger geriichtlecher Prozedur auszesoen;
  • Persounen, déi verdeckte Kontrollen, Ermëttlungen oder geziilte Kontrollen iwwerwaacht ginn;
  • onbekannte gesichte Persounen déi am Aklang mam nationale Recht identifizéiert gi mussen.

ii. vun Objeten:

  • déi am Kader vu verdeckte Kontrollen, Ermëttlungen oder geziilte Kontrollen iwwerwaacht ginn;
  • déi fir eng Sécherstellung oder als Beweis am Kader vun enger strofrechtlecher Prozedur erfaasst ginn.

 

2. Rechtleche Kader fir de SIS an de Dateschutz

Den SIS baséiert op de follgende Rechtsinstrumenter:

-        Reglement (EU) 2018/1860 vum Europäesche Parlament an dem Rot vum 28. November 2018 iwwer d'Notzung vum Schengener Informatiounssystem fir Zwecker vun der Réckrees vun Drëttstaatsbierger, déi sech illegal am Land ophalen;

-        Reglement (EU) 2018/1861 vum Europäesche Parlament an dem Rot vum 28. November 2018 iwwer d'Ariichtung, de Fonctionnement an d'Notzung vum Schengener Informatiounssystem (SIS) am Beräich vun de Grenzkontrollen, zur Ännerung vun der Konventioun fir d'Ëmsetzung vum Schengener Ofkommes an zur Ännerung an Ophiewung vum Reglement (EG) Nr. 1987/2006;

-        Reglement (EU) 2018/1862 vum Europäesche Parlament an dem Rot vum 28. November 2018 iwwer d'Ariichtung, de Fonctionnement an d'Notzung vum Schengener Informatiounssystem (SIS) am Beräich vun der polizeilecher Zesummenaarbecht an der juristescher Zesummenaarbecht a Strofsaachen, zur Ännerung an Ophiewung vun der Decisioun 2007/533/JAI vum Rot, souwéi zur Ophiewung vum Reglement (EG) Nr. 1986/2006 an der Decisioun 2010/261/EU vun der Kommissioun.

Am Beräich vum Dateschutz gëlle follgend Rechtsinstrumenter:

-        Gesetz vum 1. August 2018 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune bei der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën am Beräich vun de Strofsachen an der nationaler Sécherheet (Ëmsetzung vun der Richtlinn (EU) 2016/680 vum Europäesche Parlament an dem Rot vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune bei der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën duerch déi zoustänneg Autoritéite fir Zwecker vun der Preventioun an Detektioun vu Strofdoten, vun Ermëttlungen a Verfollgungen an dësem Beräich oder vun der Ausféierung vu Strofen, souwéi iwwer de fräie Verkéier vun dësen Donnéeën an zur Ophiewung vun der Kaderdecisioun 2008/977/JAI vum Rot).

 

3. Informatiounen, déi de Bierger iwwer d'Veraarbechtung vun Donnéeën am SIS kritt

 

i. Zoustänneg Autoritéit fir d’Veraarbechtung

Zu Lëtzebuerg ass d’Police zoustänneg fir d'Veraarbechtung vum SIS. Dobäi gëtt si duerch hire Generaldirekter vertrueden.

ii. Ziler vun der Veraarbechtung

D'Veraarbechtung déngt de follgenden Zwecker:

-        Preventioun an Detektioun vu Strofdoten, Ermëttlungen a Verfollgungen an dësem Beräich, an Ëmsetzung vu strofrechtleche Sanktiounen, inklusiv de Schutz géint Gefore fir d'ëffentlech Sécherheet an hir Preventioun.

-        Kontroll op de Baussegrenze vum Schengen-Raum.

-        Kontroll am Beräich vun der Immigratioun.

iii. Kategorië vu perséinlechen Donnéeën

D'perséinlech Donnéeën, déi am Kader vun enger Meldung am SIS veraarbecht kënne ginn, sinn an den Artikelen 20 vum Reglement (EU) 2018/1861 an 2018/1862, souwéi am Artikel 4 vum Reglement (EU) 2018/1860 opgelëscht.

iv. Zougangsberechtegt Autoritéiten

Zougang zum SIS hunn déi national Autoritéite vun de Memberstaaten am Schengen-Raum, wéi se am Artikel 34 vum Règlement (EU) 2018/1861 an an den Artikele 44 bis 47 vum Règlement (EU) 2018/1862 opgelëscht sinn.

Nieft dësen nationalen Autoritéiten hunn och déi europäesch Agencen Europol, Frontex an Eurojust Zougang zum SIS, am Aklang mat den Artikele 35 a 36 vum Reglement (EU) 2018/1861 an den Artikelen 48 bis 50 vum Reglement (EU) 2018/1862.

v. Wéi laang ginn d'Donnéeë gespäichert?

Meldunge vu Persounen an Objete ginn nëmme fir déi Zäit gespäichert, déi néideg ass, fir d'Ziler z'erreechen, fir déi se agedroe goufen.

Déi uewe genannte Reglementer gesi verschidde Friste vir fir eng nei Evaluatioun vun den erfaassten Donnéeën, mat der Méiglechkeet, d'Meldungen ze verlängeren.

Meldunge vu Persounen, déi verdeckte Kontrollen, Ermëttlungen oder geziilte Kontrollen ënnerleien, souwéi vu bestëmmte Kategorien u vermësste Persounen, ginn am Prinzip spéitstens no engem Joer iwwerpréift.

Meldunge vu Persounen am Kader vun enger Réckreesentscheedung, engem Areesverbuet oder engem Openthaltsverbuet ginn am Prinzip spéitstens no dräi Joer iwwerpréift. Dat gëllt och fir Persounen, déi gesicht ginn, fir am Kader vun enger geriichtlecher Prozedur auszesoen, souwéi fir onbekannt gesichte Persounen, déi identifizéiert gi mussen.

Meldungen am Kontext vun enger Festnam, souwéi Meldunge vu bestëmmte Kategorien u vermësste Persounen, ginn am Prinzip spéitstens no fënnef Joer iwwerpréift.

Meldunge vun Objete ginn am Prinzip spéitstens no zéng Joer iwwerpréift.

vi. Rechter vun de betraffene Persounen

Am Zesummenhang mam Recht op Informatioun no den Artikelen 13 a 14 vum RGPD, respektiv dem Artikel 12 vum Gesetz vum 1. August 2018, verweist d'Police op d'Informatiounen op hirer Websäit an der Rubrik "Protection des données". (Link: Lien https://police.public.lu/fr/support/protection-des-donnees-a-caractere-personnel.html)

No den Artikelen 53 vum Reglement (EU) 2018/1861 a 67 vum Reglement (EU) 2018/1862 hu privat Persounen d'Recht, follgend Demanden anzereechen:

  • eng Demande op Zougang zu hiren Donnéeën;
  • eng Demande op Rektifikatioun vu falschen Donnéeën;
  • eng Demande op Läsche vun Donnéeën, déi onrechtméisseg gespäichert goufen (am Aklang mat den Artikele 15, 16 a 17 vum RGPD an den Artikelen 13 a 15 vum Gesetz vum 1. August 2018).

Dës Demandë kënnen an all Memberstaat vun der Europäescher Unioun agereecht ginn, deen de System benotzt, souwéi an de véier associéierte Schengen-Staaten (Schwäiz, Norwegen, Liechtenstein, Island). De Memberstaat, deen d'Demande entgéinthëlt, beaarbecht se no de jeeweilegen nationale Prozeduren an de gültegen europäesche Reegelen.

D’Demandë ginn am Prinzip bannent engem Mount beaarbecht (Artikelen 53(4) vum Reglement (EU) 2018/1861 a 67(4) vum Reglement (EU) 2018/1862, déi sech op den Artikel 12(3) vum RGPD bezéien).

Wat d'Form ugeet, beméien sech d'Memberstaaten, souwuel d'Form (Bréif oder E-Mail) wéi och d'Sprooch vum Demandeur esou wäit wéi méiglech ze respektéieren. Am Allgemenge beaarbecht d'Lëtzebuerger Police Demanden, wa se op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch agereecht ginn.

Am Aklang mam Artikel 12(6) vum RGPD an dem Artikel 11, Paragraf 5 vum Gesetz vum 1. August 2018 muss d'Police iwwer genuch Garantië verfügen, fir d'Identitéit vum Demandeur mat Sécherheet festzestellen, soudass d'Rechter vun anere Persounen net beanträchtegt ginn. Fir d'Identitéit vum Demandeur z'iwwerpréiwen, mussen déi néideg Dokumenter bäigefüügt ginn:

Fir eng Demande vun enger Privatpersoun:

-        eng ënnerschriwwe schrëftlech Demande;

-        eng Kopie vun enger Identitéitskaart oder engem Pass.

Fir eng Demande am Numm vun enger anerer Persoun:

-        eng ënnerschriwwe Vollmuecht vum Mandant an dem Mandataire;

-        eng ënnerschriwwe schrëftlech Demande vum Mandant;

-        eng Kopie vun der Identitéitskaart oder vum Pass vum Mandant;

-        eng Kopie vun der Identitéitskaart oder vum Pass vum Mandataire.

Fir eng Demande vun engem Affekot:

-        eng ënnerschriwwe Vollmuecht vum Mandant an dem Affekot;

-        eng Kopie vun der Identitéitskaart oder vum Pass vum Mandant;

-        eng Kopie vun der Identitéitskaart oder vum Pass vum Affekot;

-        eng Kopie vum Affekoteschäin oder engem gläichwäertegen Dokument.

Et sief drop higewisen, datt d'Iwwermëttlung vun enger Kopie vun enger Identitéitskaart oder engem Pass iwwer Internet e gewësse Risiko am Fall vu Mëssbrauch duerch Drëtter (z. B. Ofhuele vun Donnéeën) mat sech brénge kann.

Ënner aussergewéinlechen Ëmstänn kann e Memberstaat decidéieren, keng oder nëmmen deelweis Informatiounen ze ginn, wann dat néideg a verhältnisméisseg ass an enger demokratescher Gesellschaft, fir d'national Sécherheet, d'Verdeedegung oder d'ëffentlech Sécherheet ze schützen oder fir Zwecker vun der Preventioun, Detektioun, Ermëttlung a Verfollegung vu Strofdoten, ënner Berécksiichtegung vun de Grondrechter an de berechtegten Interesse vun der betraffener Persoun (am Aklang mat den Artikelen 53(3) vum Reglement (EU) 2018/1861, 67(3) vum Reglement (EU) 2018/1862 an den Artikele 14 a 15(4) vum Gesetz vum 1. August 2018).

vii. Recht op Reklamatioun

Sollt d'Äntwert vun der Police den Demandeur net zefriddestellen, huet hien d'Recht, eng Reklamatioun bei der Kontrollautoritéit anzereechen, dat heescht bei der Commission nationale pour la protection des données (CNPD), am Aklang mam Artikel 77 vum RGPD, respektiv mam Artikel 44 vum Gesetz vum 1. August 2018. Kontakdaten:

Commission nationale pour la protection des données (CNPD)

Service des réclamations

15, Boulevard du Jazz

L-4370 Belvaux

Doriwwer eraus huet de Demandeur d'Méiglechkeet, bannent dräi Méint nom Empfang vun der definitiver Äntwert, iwwer en Affekot eng Klo beim Verwaltungsgeriicht anzereechen.

 

Entry/Exit System (EES)