Aktualiséiert den
Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Aktioun
Säit 1980 ass d'Entwécklungs- a Kooperatiounspolitik eng vun den zentrale Saile vun der Lëtzebuerger Aussepolitik. Säit 2009 investéiert d'Land 1% vu sengem nationale Bruttoakommes (RNB) an déi ëffentlech Entwécklungshëllef, a gehéiert zu de fënnef Länner mam gréissten Engagement an dësem Beräich. Déi Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht ass op geziilt Partnerschaften ausgeriicht a baséiert op de Prinzippie vun der Zouverlässegkeet, dem Engagement an der Kompetenz. Si steet och am Déngscht vun der d'Aarmutsbekämpfung, besonnesch an de manner entwéckelte Länner, an ass op eng nohalteg Entwécklung konzentréiert.
Fir d'Effizienz an den Impakt vun der Lëtzebuerger Kooperatioun ze garantéieren, verfollegt d'Direktioun eng cibléiert Interventiounspolitik an enger begrenzter Unzuel vu Partnerlänner.
Déi geographesch Entscheedunge vun der Lëtzebuerger Kooperatioun ginn op der Grondlag vum Human Development Index vum Entwécklungsprogramm vun de Vereenten Natiounen, esou wéi unhand vu Krittären am Zesummenhang mat engem regionalen Usaz a Fragilitéit, getraff. Esou féiert Lëtzebuerg mat dräi "Partnerlänner” Kooperatiounsprogrammer, sougenannten "Programmes Indicatifs de Coopération (PIC) ”, déi sech iwwer e puer Joer erstrecken duerch, an ënnerstëtzt doriwwer eraus Projeten an enger Dosen anerer Länner, déi och "pays à projets" genannt ginn.
Déi prioritär Interventiounsberäicher vun der Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht si Bildung, inklusiv professionell Formatioun an Insertioun, Gesondheet a lokal Entwécklung.