Direktioun fir Aussenhandel an Investitiounspromotioun

D'Direktioun fir Aussenhandel an Investitiounspromotioun (D8) ass zoustänneg fir d'Promotioun vun de bilaterale wirtschaftleche Bezéiungen a schafft dorunner, d'Visibilitéit vu Lëtzebuerg op auslännesche Marchéen ze stäerken. Si promouvéiert Lëtzebuerg als ideal Destinatioun fir Investissementer, Technologien an Talenter unzezéien, mee hëlleft och aktiv Lëtzebuerger Entreprisen an hiren Internationaliséierungsbeméiungen. Si koordinéiert a setzt dës international Aktivitéiten duerch ee weltwäite Reseau ëm, deen sech aus "Luxembourg Trade and Invest" Bureauen an "Trade and Invest" Attachéen zesummesetzt. Parallel dozou plangt a realiséiert d'Direktioun wirtschaftlech Missiounen an Aarbechtsvisitten am Ausland, dëst an enker Zesummenaarbecht mat engem breede Reseau vun nationalen an internationale Partner. D'Direktioun fungéiert als Koordinatiounsplattform tëschent de verschiddenen Interessegruppen, déi an Aktivitéite vun der Promotioun vum Aussenhandel an den Investitiounen implizéiert sinn.

De Service vun de Foiren am Ausland ënnerstëtzt Exportentreprisen andeems Si hiren Accès zu kollektiven nationale Pavillone wärend Foiren a Salonen am Ausland organiséiert. Zu gudder Lescht ass de Büro fir d'Kontroll vun Exporter, Importer an Transit zoustänneg fir de Regimm, deen Importer, Exporter an Transit vu sensibelen a strategesche Ressourcen, souwéi spezifesche strikt ziville Ressourcen, regéiert, ëmzesetzen.

Wirtschaftlech Missiounen 2013-2020