Plangt Är Rees

De Ministère luet all Reesender an, sech iwwer d’Reesinformatioune vun eisen Nopeschlänner ënnert de follgende Links ze informéieren:

A bestëmmte spezielle Fäll gëtt den Ausseministère eege Reeswarnungen eraus.

Allgemeng gëtt all Reesender recommandéiert, sech iwwer déi gëlteg gesetzlech Virschrëften an hirem Destinatiounsland ze informéieren (dorënner déi déi d'Grenzgäng betreffen), wéi och iwer Gesondheets- a Sécherheetsbedéngungen an allgemeng Neiegkeeten.

Fir dem Ministère ze erméiglechen, eng besser konsularesch Ënnerstëtzung ze bidden, gëtt de Reesender och recommandéiert, hir Rees beim Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel (MAE) ze deklaréieren, andeems si sech op der Plattform "Lëtzebuerger am Ausland" (LAMA) registréieren.

Gëltegkeet vun de Reesdokumenter

Et läit an Ärer Verantwortung, am Kader vun der Reesplanifikatioun rechtzäiteg bei der Ambassade vum Bestëmmungsland déi noutwendeg Reesdokumenter (Reespass an/oder Visum) souwéi déi virgeschriwwe Gëltegkeetsdauer vun Ärem Reesdokument unzefroen. A ville Länner ausserhalb vun Europa, wou e gültege Reespass verlaangt gëtt, muss de Reespass fir eng bestëmmten Zäit iwwert d'Dauer vun Ärer geplangter Rees eraus gëlteg sinn.

Konsularesch Ënnerstëtzung

Wann Dir bei Ärer Auslandsrees op der Plaz a Schwieregkeete gerot (Déifstall vu Reespäss, Identitéitskaarten asw.), da sollt Dir wëssen, datt a ville Fäll eng konsularesch Ënnerstëtzung méiglech ass.