Konsularesch Ënnerstëtzung

Missiounen a Moyenen

D'Direktioun fir konsular Ugeleeënheeten an international kulturell Bezéiungen ass an Zesummenaarbecht mat den diplomateschen a konsularesche Vertriedunge fir de konsularesche Schutz vun de lëtzebuergesche Staatsbierger zoustänneg, déi sech am Ausland a Schwieregkeeten oder souguer an Noutsituatioune befannen: Evakuéierungen aus geféierleche Situatiounen a Krisefäll, Ersatz vu verluerenen oder geklauten Identitéitsdokumenter, Accidenter oder schwéier Erkrankungen, Verhaftung oder Inhaftéierung am Ausland, Doudesfäll am Ausland.

An deene Länner, wou Lëtzebuerg net vertrueden ass, kënne lëtzebuergesch Staatsbierger sech, geméiss der Konventioun mat der Belsch iwwer d'konsularesch Zesummenaarbecht vun 1965, bei Bedarf un déi belsch diplomatesch a konsularesch Vertriedunge wenden.

Doriwwer eraus reegelen d'Artikel 20 an 23 vum Vertrag iwwer de Fonctionnement vun der Europäescher Unioun (TFEU) de konsularesche Schutz vun den Uniounsbierger, wann si weder duerch hiert Hierkonftsland nach duerch aner Memberstaate vun der Europäescher Unioun (EU) an Drëttlänner vertruede ginn: Bierger vun engem Memberstaat vun der Europäescher Unioun hunn d'Recht "an engem Territoire vun engem Drëttland, an deem de Memberstaat, vun dem si d'Nationalitéit hunn, net vertrueden ass, den diplomateschen a konsularesche Schutz vun engem anere Memberstaat ënnert de selwechte Conditiounen ze genéissen, wéi wa si Staatsbierger vun deem Staat wieren".

Wann Dir konsularesch Ënnerstëtzung ausserhalb vun de Bürosstonnen a Weekends braucht, rufft wannechgelift d'Telefonszentral vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel un: (+352) 247-82300.

Wat déi konsularesch Ënnerstëtzung fir Iech maache kann

Verloscht oder Déifstall vun Identitéitsdokumenter am Ausland

Demarchen op der Plaz

Wann Äre Pass oder Är Carte d'identité am Ausland verluer geet oder geklaut gëtt, muss ee vir d'éischt d'Perte oder den Déifstall bei der lokaler Police deklaréieren. Mat dësem Dokument an zwou Fotoen (am Passformat) muss sech de Betraffenen un eng lëtzebuergesch diplomatesch oder konsularesch Vertriedung adresséieren, fir en Ersatzdokument ("Laissez-Passer") ausgestallt ze kréien, mat deem et méiglech ass nees zeréck op Lëtzebuerg ze kommen. Wann déi diplomatesch oder konsularesch Vertriedung ze wäit vum Openthaltuert vum Betraffenen ass, kann hie sech un een Honorarkonsul vu Lëtzebuerg wenden, dee fir déi betreffend Regioun zoustänneg ass, oder e Familljemember froen, de Passbüro ze kontaktéieren:

Passbüro (MAE)

43, Boulevard Roosevelt

L-2450 Luxembourg

Tel.: (+352) 247 - 88300 

Fax: (+352) 22 02 91 (Päss) 

Ëffnungszäiten: vu Méindes bis Freides 8.30 – 16.15 Auer

Wann et op der Plaz keng Lëtzebuerger Vertriedung gëtt, kann een sech un eng diplomatesch/konsularesch Missioun vun der Belsch oder engem anerem EU-Memberstaat wende fir en Emergency Travel Document (ETD) ze kréien. 

Demarche beim Retour

Nom Retour op Lëtzebuerg muss d'Ersatzdokument oder den ETD un de Passbüro vum Ministère geschéckt oder zréckgi ginn.

Bei der Demande vun engem neie Pass oder vun enger neier Carte d'identité muss d'Plainte, déi bei der lokaler Police gemaach gouf och bei de lëtzebuergeschen Autoritéiten eragereecht ginn.

Wieder Informatioune fannt Dir bei de jeeweilegen Demarchen um Biergerportal Guichet.lu:

Accident oder schwéier Erkrankung

Am Fall vun engem Accident oder enger schwéierer Erkrankung vun engem Lëtzebuerger Staatsbierger an engem Land, wou Lëtzebuerg duerch eng diplomatesch oder konsularesch Missioun representéiert ass, kontaktéiert dës Vertriedung - oder Direktioun fir konsular Ugeleeënheeten an international kulturell Bezéiungen - d'Famill vum betraffene Staatsbierger, fir hinnen déi disponibel Informatiounen iwwert de Gesondheetszoustand vum Familljemember matzedeelen, hinnen eventuell d'Kontaktdonnéeë vun Dokteren a Spideeler weiderzeginn oder si bei de Prozeduren am Fall vun engem Spidolsopenthalt ze ënnerstëtzen oder, wann néideg, eng medezinesch Rapatriéierung z'organiséieren, asw.

D'diplomatesch oder konsularesch Missioun iwwerhëlt ënner kengen Ëmstänn d'Käschte fir de Spidolsopenthalt oder fir aner entstane Käschten (Medikamenter, medezinesch Behandlungen, asw.).

Informatiounen zur Krankekeessdeckung bei Reesen am Ausland fannt Dir op der Internetsäit vun der nationaler Gesondheetskeess CNS (op Däitsch).

Verhaftung oder Inhaftéierung

Wann e Lëtzebuerger Staatsbierger am Ausland verhaft oder festgeholl gëtt, huet hien d'Recht unzefroen, datt déi lëtzebuergesch diplomatesch oder konsularesch Vertriedung informéiert gëtt.

Op Wonsch vum Prisonéier kann d'Famill vun der Direktioun fir konsular Ugeleeënheeten an international kulturell Bezéiungen informéiert ginn. E Besuch vun der diplomatescher oder konsularescher Vertriedung beim Prisonéier ka grondsätzlech direkt no senger Verhaftung stattfannen, hänkt awer ëmmer vun der lokale Reegelen of. Déi diplomatesch oder konsularesch Vertriedung kann d'Haftbedéngungen kontrolléieren a sech vergewësseren datt déi lokal Gesetzer agehale ginn.

Déi diplomatesch oder konsularesch Vertriedung kann dem Lëtzebuerger Prisonéier op Wonsch hëllefen, en Affekot ze fannen, fir hie virun de lokale Justizautoritéiten ze vertrieden. Et ass ze bemierken, dass de Prisonéier oder seng Famill fir d'Affekotskäschten opkomme mussen.

Bei finanzielle Schwieregkeete kann déi diplomatesch oder konsularesch Vertriedung dem Prisonéier bei den administrativen Demarchen hëllefen, fir geméiss de Gesetzer vun deem Land wou en inhaftéiert ass, juristesch Hëllef unzefroen. Dat nämmlecht gëllt fir d'administrativ Demarchen, wann de lëtzebuergesche Staatsbierger eng Demande fir en Transfert an e Lëtzebuerger Prisong mécht, fir do seng Strof ofzesëtzen.

Hëllef an akuten Noutsituatiounen

Wann e Lëtzebuerger Staatsbierger a gréisser Schwieregkeete geréit, zum Beispill mat de lokalen Autoritéiten oder Privatpersounen, kann déi lëtzebuergesch diplomatesch oder konsularesch Vertriedung dem Betraffenen eng Berodung ubidden oder him nëtzlech Adressen (vu lokalen Autoritéiten, Affekoten asw.) iwwermëttelen. Wann néideg, kann och d'Infrastruktur vun der diplomatescher oder konsularescher Vertriedung (Telefon, Internet, Fax, asw.) zur Verfügung gestallt ginn, Hëllef bei der Famill, Frënn oder dem Employeur unzefroen. 

Doudesfall

Am Fall vum Doud vun engem Lëtzebuerger Staatsbierger am Ausland informéiert déi lëtzebuergesch diplomatesch oder konsularesch Missioun direkt d'Direktioun fir konsular Ugeleeënheeten an international kulturell Bezéiungen. Et ass ze bemierken, datt déi konsularesch Ënnerstëtzung d'Police Grand-Ducale iwwer den Doud informéiert, déi dann d'Famill vum Verstuerwenen kontaktéiert. Déi diplomatesch/ konsularesch Vertriedung an déi konsularesch Ënnerstëtzung kann d'Famill vum Verstuerwene kontaktéieren an hinnen hëllefen, de Rapatriement vun de stierflechen Iwwerreschter (Läich / Äschen) oder d' Begriefnes op der Plaz z'organiséieren.

D'Käschte fir de Rapatriement vum Verstuerwenen ginn iwwerholl:

  • entweder vun der Famill,
  • oder vun enger Versécherung (Lalux, Foyer, LuxairTours Reesversécherung, asw.),
  • oder vun enger Zousazkrankekeess wéi der CMCM oder op Käschte vum Automobilclub Lëtzebuerg ACL, asw.

Déi diplomatesch oder konsularesch Vertriedung kann och der Famill vum Verstuerwenen hëllefen, administrativ Dokumenter vun de lokalen Autoritéiten ze kréien oder ze legaliséieren.

Wat déi konsularesch Ënnerstëtzung net fir Iech maache kann 

  • Rapatriement op Käschte vum Staat, ausser an aussergewéinlech schwéiere Fäll an ënner der Bedingung vun engem spéidere Remboursement.
  • Eng Geldstrof, Är Hotels- oder Spidolsrechnung bezuelen, grad esou fir all aner Ausgaben déi Dir gemaach hutt opzekommen.
  • Iech Sue virzestrecken, ouni virdrun eng Garantie kritt ze hunn.
  • Iech direkt e Reespass auszestellen.
  • Interventioune viru Geriicht, fir d'Fräiloossung vu Reesender z'erreechen, wann dës an e Rechtssträit verwéckelt sinn oder enger Strofdot beschëllegt ginn, déi um Territoire vum Gaaschtland gemaach gouf.
  • D'Aufgabe vu Reesagencen, Versécherungsgesellschaften oder vum Bankesystem iwwerhuelen.
  • Offiziell fir Äre konsularesche Schutz suerge wann Dir och d'Staatsbiergerschaft vum Land hutt an deem déi duebel Nationalitéit net unerkannt gëtt.
  • Sech an déi privat (familiär oder berufflech) Problemer vun de Bierger amëschen.