Direktioun Protokoll a Chancellerie

D'Direktioun Protokoll a Chancellerie (D3) assuréiert de protokollaresche Service vun der Regierung vum Grand-Duché.

D'Organisatioun vu Visitte vun auslänneschen Dignitairen an den Encadrement vun offiziellen Zeremonien zielen zu de sichtbaarsten Aufgabe vun der Direktioun. An dësem Kontext ass d'Direktioun zoustänneg fir logistesch Froen, wéi zum Beispill d'Reservatioun vum Salon d'Honneur um Findel an d'Genemegungsufroen fir Waffeschäiner a Frequenzen.

Als éischten Uspriechpartner vun den diplomatesche Missiounen, déi zu Lëtzebuerg akkreditéiert sinn, ass d'Direktioun Protokoll a Staatskanzlei och zoustänneg fir d'Akkreditatioun vun den Ambassadeuren.

Ausserdeem assuréiert d'Direktioun déi administrativ Gestioun vum diplomatesche Korpus, den europäeschen Institutiounen an den internationalen Organisatiounen. An deem Kader beaarbecht d'Direktioun d'Demandë vun diplomateschen Identitéitskaarten a Legitimatiounen souwéi d'Deklaratioune fir Changementer déi de Wunnuert, den État civil, d'Cessatioun vu Funktiounen oder d'Annulatioun vun Titren vun dëse Kaartentitulairen betreffen.

D'Direktioun Protokoll a Chancellerie ass iwwerdeems fir d’Gestioun vum diplomatesche Corps (Honorar- a Berufskonsul) zu Lëtzebuerg, a vum Lëtzebuerger diplomatesche Corps am Ausland zoustänneg.

D'Direktioun  ass och zoustänneg fir d'Transmissioun vu juristeschen an offiziellen Dokumenter vun de Lëtzebuerger bei déi auslännesch Autoritéiten, an hëlt dës Dokumenter och vun auslänneschen Autoritéite fir de Lëtzebuerger Staat un.