Aktualiséiert den
Héichrangeg Visitten
Vill auslännesch Perséinlechkeete kommen am Kader vu bilaterale Visitten an de Grand-Duché – sief et fir Staats-, offiziell Aarbechts- oder Héiflechkeetsvisitten – oder och fir international Konferenzen a Seminären.
Logistesch a protokollaresch Organisatioun
D’Direktioun Protokoll a Chancellerie ass zoustänneg fir déi logistesch a protokollaresch Organisatioun vun dësen Evenementer, besonnesch wann Entrevuë mam Grand-Duc, dem Premierminister, dem Minister fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, oder mat anere Membere vun der Regierung virgesi sinn.
Fir en optimalen Oflaf an en ugemiessenen Empfang ze garantéieren, ass d’Direktioun fir Protokoll a Chancellerie den Haaptuspriechpartner vun de Ministèren an den diplomatesche Vertriedungen, wat d’Organisatioun an d’Preparatioun vun dëse Visitten ugeet. Si ass zoustänneg fir d’Koordinatioun vun den Terminer mat de lëtzebuergeschen Autoritéiten, d'Opsetzung vum Programm an déi logistesch a praktesch Aspekter, déi am Kader vun esou Visitten ufalen.