Aktualiséiert den
Salon d'honneur
Demande fir d'Reservatioun vum Salon d'honneur um Fluchhafe Lëtzebuerg-Findel
D'Direktioun Protokoll a Chancellerie ass zoustänneg fir d'Reservatioune vum Salon d'honneur an ass den Uspriechpartner fir Ufroe betreffend Waffen- a Frequenzgeneemegungen.
Wien huet Urecht op de Salon d'honneur?
- Bei Staatsvisitten an offizielle Visitten op Invitatioun vun de lëtzebuergeschen Autoritéite steet de Salon d'honneur offiziellen Delegatiounen zur Verfügung.
- Bei Aarbechtsvisitten, déi vun engem Member vun enger Regierung gefouert ginn, steet de Salon d'honneur offiziellen Delegatiounen zur Verfügung.
- Bei der offizieller Arrivée an dem definitiven Depart steet de Salon d'honneur dem Chef vun der Missioun, souwéi senger Famill, déi mat him reest, zur Verfügung.
- Bei Aarbechtsvisitten oder Reunioune mat engem Member vun der Lëtzebuerger Regierung oder mam President vun der Chamber steet de Salon d'honneur dem President vum Europäesche Parlament, dem President vun der Europäescher Kommissioun an den europäesche Kommissären, souwéi den offiziellen Delegatiounen, déi si begleeden, zur Verfügung.
- Bei Aarbechtsvisitte bei engem Member vun der lëtzebuergescher Regierung steet de Salon d'honneur de Vertrieder op héijem Niveau vun den europäeschen Institutiounen an den internationalen Organisatiounen, souwéi den offiziellen Delegatiounen, déi si begleeden, zur Verfügung.
- Bei offizielle Visitten oder Aarbechtsvisitten op Invitatioun vum President vun der Chamber, steet de Salon d'honneur parlamentareschen Delegatiounen, déi vun engem President oder Vizepresident vun engem Parlament gefouert ginn, zur Verfügung.
- Wann si un de Reunioune vum EU-Rot deelhuelen, déi reegelméisseg am Grand-Duché an de Méint Abrëll, Juni an Oktober ofgehale ginn, souwéi un ausseruerdentleche Reuniounen an dësem Kontext, steet de Salon d'honneur de Membere vun enger Regierung, souwéi den Delegatiounen, déi mat hinne reesen, zur Verfügung.
Zougangsbedingungen
Ausser bei Staatsvisitten an offizielle Visitten ass d'Maximalzuel vun de Membere vun enger Delegatioun, den Delegatiounschef abegraff, déi de Salon d'honneur notze kënnen, op zéng limitéiert. Nëmmen déi Persounen, déi an der Ufro ugi sinn, ginn zougelooss. Grondsätzlech sinn Delegatiounen, déi de Salon d'honneur notzen, vun de Sécherheets- an Identitéitskontrolle befreit. Esou eng Kontroll kann awer duerchgefouert ginn, wa bei der Ufro ausdrécklech d'Wonsch dozou geäussert gouf. D'Fluchhafe-Police kann aus Sécherheetsgrënn och esou Kontrollen duerchféieren.
Fir den Empfang an den Depart vun den Delegatiounen ass d'Zuel vun de Persounen an de Gefierer, déi Zougang zur Sécherheetszon vum Fluchhafen an zum Salon d'honneur hunn, follgendermoosse limitéiert:
- Fir den Empfang vum Delegatiounschef: eng Persoun an e Gefier mat Chauffer.
- Fir den Empfang vun de Membere vun der Delegatioun: eng Persoun pro Grupp vun dräi Delegatiounsmemberen ab enger Delegatioun vun op d'mannst véier Persounen, an e Gefier mat Chauffer pro Grupp vun dräi Delegatiounsmemberen. (Delegatioune vun 0 bis 3 Memberen = 0 Persounen / Delegatioune vu 4 bis 6 Memberen = 1 Persoun / Delegatioune vu 7 bis 9 Memberen = 2 Persounen)
D'Nimm a Virnimm vun all dëse Persounen, d'Telefonsnummere vun den eenzelne Chaufferen, souwéi d'Mark, de Modell an d'Nummereschëld vun de benotzte Gefierer mussen an der Reservatiounsufro ugi sinn; anerefalls gëtt den Zougang zur Sécherheetszon vum Fluchhafe refuséiert.
Den Empfang an den Depart vun den Delegatioune fannen am Salon d'honneur statt. En Zougang zur Piste, no beim Fliger, ass net méiglech.
D'Chauffere kréie keen Zougang zum Salon d'honneur a musse bei hire Gefierer bleiwen.
Prozedur
D'Reservatioune vum Salon d'honneur gi vun der Direktioun Protokoll a Chancellerie vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel gemaach.
Fir eng Reservatioun unzefroen, mussen d'diplomatesch Missiounen, international Organisatiounen oder europäesch Institutiounen eng Ufro un d'Direktioun Protokoll a Chancellerie iwwer d'Onlineservicer vum Protokoll (mae-protocole.public.lu) stellen, op d'mannst 48 Stonne virum gewënschten Datum.
Ufroën, déi no dëser Frist agereecht ginn, ginn net berécksiichtegt.
D'Direktioun Protokoll a Chancellerie kann net garantéieren, datt Ännerungen un enger Ufro fir eng Reservatioun korrekt applizéiert ginn, wann dës Ännerungen no der Mindestfrist vun 48 Stonnen agereecht ginn.
Wann bewaffnet Sécherheetsagenten op de lëtzebuergeschen Territoire erakomme sollen, muss am Viraus eng Geneemegung fir d'Féiere vu Waffen iwwer d'Onlineservicer vum Protokoll bei der Police ugefrot ginn.
Falls dës Agente Kommunikatiounsmëttel iwwer Funk benotze wëllen, muss och eng spezifesch Autorisatioun beim Institut luxembourgeois de régulation iwwer d'Onlineservicer vum Protokoll ugefrot ginn.
Weider Informatiounen fir d'Notzung vun den Onlineservicer vum Protokoll kënnen hei erofgeluede ginn (Franséisch, Pdf, 186 Kb).
Zousätzlech Froe kënnen iwwer E-Mail mam Sujet "Onlineservicer vum Protokoll" un d'Adress protocole.direction@mae.etat.lu geschéckt ginn.