Pass a Carte d'identité

De biometresche Pass (mat Fangerofdréck) ass e Reesdokument, wat et sengem Besëtzer erméiglecht, an d'Ausland ze reesen.

E Pass ass nëmme fir d'Arees a Länner noutwendeg, déi dëst verlaangen, d.h. déi meeschte Länner ausserhalb vun der Europäescher Unioun (EU). Am Pass gëtt de Visa fir d'Arees an den Openthalt agedroen, am Fall wou dëst erfuerderlech ass.

Iwwert de Biergerportal Guichet.lu kënnt Dir Iech iwwert d'Demarche fir d'Demande fir e biometresche Pass informéieren. Follgend Punkte ginn hei beschriwwen:

Informatiounen zur Aféierung vum biometresche Pass

No engem jorelaange Verhandlungsprozess iwwert d'Aféierung vu Mindestsécherheetsnormen fir Päss an aner Reesdokumenter, huet de Conseil vun der Europäescher Unioun den 13. Dezember 2004 d'Veruerdnung (EG) Nr.2252/2004 (op Däitsch), iwwert d'Norme fir Sécherheetselementer a biometresch Donnéeën, déi an de Päss a Reesdokumenter enthale solle sinn, déi vun de Member-Staaten ausgestallt ginn, duerchgesat.

D'Aféierung vun der Biometrie an de Lëtzebuerger Päss gouf ab August 2006 an e puer Etappen (Passfoto, Fangerofdréck) ëmgesat.

Wat déi digitaliséiert Passfoto betrëfft, sief drun erënnert, datt déi vun der Internationaler Organisatioun fir zivil Aviatioun (ICAO) definéiert Qualitéitsstandarden (PDF) agehale solle ginn, well déi europäesch Veruerdnung sech op dës ICAO-Recommandatioune fir maschinell liesbar Reesdokumenter stëtzt.

Am europäesche Pass ginn haaptsächlech d'Fangerofdréck vum lénksen a rietsen Zeigefanger opgeholl. D'Europäesch Veruerdnung geséit allerdéngs vir, dass follgend Persoune net dozou verflicht sinn hir Fangerofdréck ofzeginn:

  • Kanner ënnert 12 Joer;
  • Persounen, déi kierperlech net fäeg sinn, Fangerofdréck ze ginn.

Fir déi obligatoresch biometresch Donnéeë kënnen ze registréieren, kruten d'Gemengeverwaltunge Geräter zur Verfügung gestallt, déi souwuel Fangerofdréck erfaassen an ofliese kënnen, grad esouwéi eng automatesch Passfoto vum Demandeur vun engem biometresche Pass ophuele kënnen. Zousätzlech dozou kënnen dës Geräter och d'Ënnerschrëft vum Demandeur erfaassen. Dës Donnéeë ginn dann elektronesch un de Passregëster iwwermëttelt, sou datt déi zentral Autoritéit d'Reesdokument esou séier wéi méiglech ausstelle kann.

Dëse System verbessert d'Sécherheet vun de Reesdokumenter, andeems en eng direkt Verbindung tëscht der Ënnerschrëft, de Fangerofdréck, der Passfoto, an den alphanumereschen Donnéeë vun der betraffener Persoun hierstellt, wann dës hir Demande bei der Gemeng areecht.

Et sief drop higewisen, datt biometresch Päss nëmmen individuell ausgestallt ginn. De Passbüro befollegt d'Reegel "eng Persoun, ee Pass" (geméiss der EU-Veruerdnung 444/2009). Kanner ginn net méi an d'Päss vun hiren Elteren agedroen. Dofir ginn d'Nimm vun den Elteren oder vun all Persoun déi d'Gard (op Basis vun enger Geriichtsentscheedung) huet, am Pass vum Kand agedroen. 

Carte d'identité

Dëse Beräich betrëfft nëmmen déi Lëtzebuerger, déi hir Carte d'identité iwwert eng Ambassade ufroen. De Passbüro zu Lëtzebuerg ass net zoustänneg fir Carte-d'identitéen.

All Informatiounen iwwert d'Carte d'identité fannt Dir op Guichet.lu: