Aktualiséiert den
Studium
Studéieren zu Lëtzebuerg
- Studéieren zu Lëtzebuerg
- D'Universitéit vu Lëtzebuerg - uni.lu
- Zu Lëtzebuerg als Student liewen
International Guillaume Dupaix Bourse
All Joer vergëtt de Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel déi International Guillaume Dupaix Bourse un international Studente, déi op der Universitéit Lëtzebuerg studéiere wëllen. D’Bourse ënnerstëtzt:
- Masterstudium
- Semester op Bachelor- oder Masterniveau vun enger Partneruniversitéit
- Austauschopenthalter fir Doktoranden (PhD)
Fir méi Informatiounen, besicht d'Websäit vun der Universitéit Lëtzebuerg:
- Doktoranden (PhD): Guillaume Dupaix International PhD Scholarship - University of Luxembourg
- Austausch Bachelor oder Master: Guillaume Dupaix International Exchange Scholarship - University of Luxembourg
- Masterstudium vun 2 Joer: Guillaume Dupaix International Scholarship - University of Luxembourg I Uni.lu
Wie ka kandidéieren?
- Kandidate fir e Master- oder Bachelorstudium op der Universitéit Lëtzebuerg, souwéi Gaaschtdoktoranden vu Partneruniversitéiten ("visiting PhD) ;
- Schüler a Schülerinne mat héije Leeschtungen
- Vollzäit-Studenten;
- Studenten déi keng finanziell Hëllef vum Lëtzebuerger Staat fir hier Studie kréien
Masterstudenten
Fir talentéiert Studenten aus dem Westbalkan, den ibero-amerikanesche Länner, Thailand, Vietnam, Bangladesch, Belarus, Ägypten, Indien, Moldawien, Russland, Groussbritannien, der Tierkei an der Ukrain, déi sech fir e Masterstudium op der Universitéit Lëtzebuerg bewerben. D'Bourse deckt zwee Joer Studien of, ofhängeg vun der akademescher Leeschtung.
Studente mat engem duebelen Diplom
Fir Studente(n), déi op Partneruniversitéiten a China, Thailand a Vietnam ageschriwwe sinn, mat deenen d’Universitéit Ofkommes iwwer gemeinsam oder duebel Ofschlëss gemaach huet. Dëst Mobilitéitsprogramm dauert zwee Semester.
Austauschstudenten
Fir Studente vun Partneruniversitéiten an Australien, Brasilien, Kanada, Südkorea, den USA, Indonesien, Japan, Groussbritannien, Singapur, Thailand a Vietnam. Dësen Austauschprogramm dauert ee Semester.
Gaaschtdoktoranden (PhD)
Fir Doktorande vun Partner- oder potenzielle Partneruniversitéiten a Kanada, China an de Vereenegte Staate(n), déi e kuerzfristege Fuerschungsopenthalt maache wëllen. Dëse Fuerschungsaustausch dauert ee Mount.
Interview Boursiers Guillaume Dupaix
Interview Boursiers Guillaume Dupaix (Vidéo)
Am Ausland studéieren
- Etudier à l'étranger
- Passeport et visa
- Lëtzebuerger am Ausland - Deklaréiert Ären Openthalt am Ausland beim Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel