Aktualiséiert den
Demande fir eng Geneemegung fir Waffen ze féieren a Funkfrequenzen ze notzen
Diplomatesch Missiounen, international Organisatiounen an europäesch Institutioune mussen hir Demande fir eng Geneemegung fir Waffen ze féieren a Funkfrequenzen ze notzen iwwert d'Onlineservicer vun der Direktioun Protokoll a Chancellerie (mae-protocole.public.lu) erareechen. Dëst sollt op mannst 2 Schaffdeeg virum gewënschten Datum vun der Autorisatioun sinn. Nodeems d'Demande vun den zoustännegen Autoritéite validéiert gouf, gëtt d'Nummer vun der Autorisatioun per E-Mail verschéckt.
Demandë fir Waffen ze féieren a Funkfrequenzen ze notze kënnen nëmme online geännert oder annuléiert ginn.
Weider Informatiounen fir d'Notzung vun den Onlineservicer vum Protokoll kënnen hei erofgeluede ginn (Franséisch, Pdf, 186 Kb).
Froe kënnen per E-Mail mam Sujet "Onlineservicer vum Protokoll" un protocole.direction@mae.etat.lu geschéckt ginn.