Gestioun vum auslänneschen diplomatesche Corps

D’Direktioun Protokoll a Chancellerie ass zoustänneg fir d’Bezéiungen tëscht dem Lëtzebuerger Staat an den diplomatesche Missiounen, déi zu Lëtzebuerg akkreditéiert sinn. Si ass zoustänneg fir d’administrativ Gestioun vun der diplomatescher Communautéit, esouwéi vun den europäeschen an internationale Fonctionnairen. Si garantéiert och d’Ëmsetzung vun de Wiener Konventiounen um nationale Niveau, besonnesch duerch: d’Ausstellung vun diplomateschen Identitéitskaarten a Legitimatiounskaarten, d’Ausstellung vun Attestatiounen, den Zougang zum Salon d’honneur um Fluchhafen, d’Ausstellung vun CD-Autosplacken, souwéi d’Attributioun vu Privileegien an Immunitéiten.

Prozedure fir d'Akkreditatioun vun auslänneschen Ambassadeuren

Agrément

D'Ambassade vum Staat, deen eng Akkreditatioun ufreet, presentéiert d’Demande fir den Agrément a Form vun enger Note verbale un de Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel, Direktioun Protokoll a Chancellerie, zesumme mat engem biographesche Profil vun der concernéierter Persoun. D’Ufro fir den Agrément kann och am Kader vun enger Demarche vum Chargé d’affaires a.i. beim Chef vum Protokoll virgeluecht ginn.

Nodeem d’Demande iwwerpréift gouf, gëtt se vum Ministère un de Grand-Duc weidergeleet. Dës Prozedur kann e puer Wochen daueren.

D'Äntwert gëtt duerch eng Note verbale un d’Ambassade vum Staat, deen d’Akkreditatioun ufreet, matgedeelt.

Akkreditatioun bei e puer Staaten

De Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel muss informéiert ginn, wann ee Staat e Chef de Mission och bei engem anere Staat an/oder bei enger internationaler Institutioun akkreditéiere wëll (Artikel 5.1 vun der Konventioun vun 1961).

E Chef de Mission mat méi wéi enger Akkreditatioun iwwerreecht seng Lettres de créance fir d’éischt am Staat, an deem hien wunnt.

Arrivée vum Chef de Missioun

D'Ambassade informéiert d’Direktioun Protokoll a Chancellerie an enger Note verbale iwwert den Datum an Auerzäit vun der Arrivée vum agreéierten Ambassadeur. Bei enger Arrivée mam Fliger informéiert d’Direktioun d'Autoritéiten um Fluchhafen a reservéiert de Salon d’honneur. Ënnert der Woch, wärend de Büroszäiten, gëtt de Chef de Mission vun engem Member vun der Direktioun Protokoll a Chancellerie um Fluchhafen empfaangen.

Op eegen Ufro kann den agreéierten Ambassadeur kuerz no senger Arrivée vum Chef vum Protokoll empfaange ginn. Bei där Geleeënheet iwwerreecht hien eng beglaubegt Kopie vu senge Lettres de créance souwéi d’Lettres de rappel vu sengem Virgänger. Duerno kann den Ambassadeur eng Rei Visitten ënnerhuelen. Hien hëlt awer nach net un offiziellen Empfäng deel a soll op Visitte bei Lëtzebuerger Ministere verzichten. Aarbechtskontakter mat Fonctionnairë vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel sinn awer scho méiglech.

Iwwerreechung vun de Lettres de créance

  • Lettres de créance

D'Lettres de créance mussen un "Son Altesse Royale le Grand-Duc de Luxembourg" oder "His Royal Highness the Grand Duke of Luxembourg" addresséiert ginn, ouni den Numm unzeginn. 

  • Zeremonie vun der Iwwerreechung

De Chef de Mission mécht eng Demande beim Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel, fir seng Lettres de créance un de Grand-Duc ze iwwerreechen.

De Ministère hëlt, iwwer de Maréchal de la Cour, d’Uweisunge vum Grand-Duc entgéint an informéiert de Chef de Mission iwwert den Datum an d’Auerzäit vun der Audienz.

Um Dag virun der Iwwerreechung besicht de Chef de Mission de Maréchal de la Cour an de Chef vum Protokoll (däischtere Kostüm).

  • Kleedung

Galatenue ass obligatoresch: Uniform, Frack mat wäissem Gilet an Auszeechnungen, oder Nationaltracht. D’Schärp vun der Grande-Croix gëtt iwwer dem wäisse Gilet gedroen.

D’Dammen droen e laangt Kleed mat Hutt oder eng Nationaltracht.

Absence vum Chef de Mission

Ier de Chef de Mission de Grand-Duché verléisst, muss hien e Chargé d'affaires a.i. ernennen (Art.19 vun der Wiener Konventioun). Wann hien dat net selwer maache kann, muss dës Nominatioun vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheete vum Staat kommen, deen d’Akkreditatioun mécht. All Absence vum Chef de Mission aus dem Grand-Duché Lëtzebuerg muss der Direktioun fir Protokoll a Chancellerie duerch eng Note verbale matgedeelt ginn.

Depart vum Chef de Mission

  • Designatioun vun engem Chargé d'affaires a.i.

Viru sengem Depart muss de Chef de Mission e chargé d'affaires a.i. designéieren an d’Direktioun Protokoll a Chancellerie duerch eng Note verbale doriwwer informéieren.

  • Lettres de rappel

D’Lettres de rappel ginn traditionell vum Nofollger iwwerreecht.

  • Zeremonie vun der Audience de congé

De Chef de Mission freet eng Audience de congé beim Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel un. De Ministère hëlt, iwwert de Maréchal de la Cour, d'Unuerdnunge vum Grand-Duc entgéint an informéiert de Chef de Mission iwwert den Datum an d'Auerzäit vun der Audienz.

Um Enn vu senger Missioun gëtt de Chef de Mission zesummen mat sengem Conjoint vum Grand-Duc empfaangen.

D’Hären droen en donkele Costume, d’Dammen e laangt Kleed mat Hutt an Händschen, oder d’Nationaltruecht.