Akkreditatioun vun engem Ambassadeur

Prozedur fir d'Akkreditatioun vun engem Ambassadeur extraordinaire et plénipotentiaire

All Kandidatur fir e Posten als Ambassadeur extraordinaire et plénipotentiaire muss vun enger diplomatescher Missioun agereecht ginn. Dës Demande fir en Agrément besteet aus enger Note verbale op Franséisch, Englesch oder Däitsch, an engem Liewenslaf vun der betreffender Persoun. Eng Kandidatur fir en Amabssadeur ouni Wunnsëtz zu Lëtzebuerg däerf nëmmen agereecht ginn, wann déi betreffend Persoun an hirem Residenzland schonn den Agrément krut.

D’Direktioun Protokoll a Chancellerie leet d'Demande fir den Agrément un de Palais weider.

Nodeems d'Äntwert vum Maréchal de la Cour erakomm ass, informéiert d’Direktioun Protokoll a Chancellerie d'diplomatesch Missioun duerch eng Note verbal doriwwer, ob de Grand-Duc seng Zoustëmmung zum Choix vun der auslännescher Regierung ginn huet.

Soubal déi diplomatesch Missioun iwwer dësen Agrément informéiert gouf, reecht si bei der Direktioun Protokoll a Chancellerie per Note verbale eng Ufro an, fir d'Iwwerreechung vun de Lettres de créance un de Grand-Duc. Fir en Ambassadeur ouni Wunnsëtz zu Lëtzebuerg, kann esou eng Ufro eréischt gemaach ginn, nodeems hien d'Lettres de créance un de Staatschef vum Residenzland iwwerreecht huet. Den Datum vun dëser Iwwerreechung muss der Direktioun Protokoll a Chancellerie matgedeelt ginn.

D’Direktioun leet duerno d'Ufro fir eng Audienz fir d'Iwwerreechung vun de Lettres de créance un de Palais weider.

De Staat, deen d’Akkreditatioun mécht, hëlt déi néideg Schrëtt, fir d’Lettres de créance vum zukünftegen Ambassadeur an, wann néideg, d’Lettres de rappel vu sengem Virgänger auszestellen.

De Palais leet en Datum fir d'Iwwerreechung vun de Lettres de créance un de Grand-Duc fest, an d’Direktioun Protokoll a Chancellerie informéiert déi diplomatesch Missiounen. An der Reegel iwwerreechen op dësem Dag fënnef Ambassadeuren noeneen hir Bréiwer un de Staatschef, jeeweils a separaten Audienzen.

Zu Lëtzebuerg ass et Usus, datt d'Akkreditatioun vun engem "Ambassadeur extraordinaire et plénipotentiaire" an der Reegel iwwer zwee Deeg stattfënnt Den éischten Dag ass fir eng Héiflechkeetsvisitt beim Maréchal de la Cour an d'Iwwerreechung vun de Kopië vun de Bréiwer un de Chef vum Protokoll virgesinn. Den zweeten Dag ass fir d'Iwwerreechung vun den Originalbréiwer un de Grand-Duc am Palais reservéiert.

D’Direktioun Protokoll a Chancellerie kontaktéiert d'diplomatesch Missiounen no der festgeluechter Préséance, fir d'Lëscht vun de Chefs de mission opzesetzen, déi un der nächster Audienz deelhuelen. D'Préséance vum Ambassadeur riicht sech nom Datum vun der Note verbale, mat där beim Ministère eng Audienz fir d'Iwwerreechung vun de Lettres de créance un de Grand-Duc ugefrot gëtt.