Aktualiséiert den
Gestioun vum Corps consulaire
D’Direktioun Protokoll a Chancellerie ass zoustänneg fir d'Gestioun vum Corps consulaire vu Lëtzebuerg am Ausland, vum auslännesche Corps consulaire zu Lëtzebuerg a vun de lëtzebuergeschen Aussenhandelsberoder am Ausland.
Corps consulaire
Corps consulaire vu Lëtzebuerg am Ausland
De Corps consulaire vu Lëtzebuerg am Ausland (Pdf, 546 Kb) besteet aktuell aus engem Reseau vu méi wéi 160 Consuls honoraires, dorënner och Consuls généraux honoraires. Dëse Reseau gëtt ergänzt duerch sechs Consuls généraux an duerch d'Sections consulaires vun eisen Ambassaden.
Auslännesche Corps consulaire zu Lëtzebuerg
Den auslännesche Corps consulaire zu Lëtzebuerg (Pdf, 687 Kb) besteet aktuell aus engem Reseau vu méi wéi 50 Consuls honoraires, dorënner och Consuls généraux honoraires. Dëse Reseau ëmfaasst och Consuls généraux souwéi fënnef Consuls de carrière mat Residenz zu Bréissel, déi zu Lëtzebuerg akkreditéiert sinn.