Reesdokumenter

Fir all Reesen an d'Ausland musst Dir am Besëtz vun engem gültegen nationale Reesdokument sinn

Bannent der Europäescher Unioun kënnt Dir mat enger gülteger nationaler Identitéitskaart oder engem gültegen nationale Pass reesen.

Bei Reesen ausserhalb vun der Europäescher Unioun muss een ee gültegen nationale Pass an, an a verschiddene Fäll ass e gültegen nationale Pass mat Visa erfuerderlech oder staark recommandéiert.

Reesdokumenter déi vun de Schengen-Memberstaaten akzeptéiert ginn

D'Europäesch Kommissioun huet op hirer Säit Schengen, Borders & Visa (op Englesch) eng Lëscht vun de Reesdokumenter, déi vun de Schengen Memberstaaten unerkannt ginn, déi et erlaben d'Baussegrenzen z'iwwerschreiden an déi e Visa kréie kënnen:

Schoulreesen

Informatioune fir Gemengen, Schoulen a Léierpersonal, déi Klassereesen organiséieren. Dës Lëscht ass net komplett, mee geet op déi zwou am heefegste gestallte Froen an:

Haftungsausschloss

Dës Informatioune sinn onverbindlech. Fir eng Bestätegung vun der Visasflicht oder der Gëltegkeetsdauer vum Reespass, besicht wgl. déi offiziell Websäit vun der Ambassade vum Destinatiounsland.

Dës Informatioune sinn och bei den diplomateschen oder konsularescheVertriedungen (op Englesch) vun dëse Länner verfügbar. Déi meescht vun dëse Vertriedunge sinn zu Bréissel etabléiert. D'Delaie fir d'Demande vun engem Visa si ganz ënnerschiddlech. Fir verschidde Länner kann dësen Delai méi wéi ee Mount sinn.