Lëtzebuerger am Ausland

Mellt Ären Auslandsopenthalt bei LamA (Lëtzebuerger am Ausland)

Bei kuerzen oder méi laange Reesen (bannent oder ausserhalb vun der Europäescher Unioun) kënnen onerwaarte Situatiounen oder Tëschefäll optrieden.

Lëtzebuergesch Staatsbierger hunn an deem Fall d'Méiglechkeet, konsularesch Ënnerstëtzung bei enger zoustänneger diplomatescher oder konsularescher Vertriedung unzefroen.

Fir am Eeschtfall eng adequat Ënnerstëtzung ze kréien, gëtt Reesende recommandéiert hiren Openthalt beim Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel ze mellen. Esou kann de Ministère bei Bedarf méi schnell a cibléiert reagéieren.

 Fir weider Informatiounen zur LamA-Plattform a fir Iech anzeschreiwen, gitt wannechgelift op de Site vu Guichet.lu :"Lëtzebuerger am Ausland"