Elektronesch Reesgeneemegungen fir bestëmmte Länner

Eng elektronesch Reesgeneemegung (Electronic Travel Authorization, ETA) ass en elektronescht Dokument fir Reesender, déi an oder duerch bestëmmte Länner reesen, déi eng ETA agefouert hunn.

Eng ETA ass an de follgende Fäll néideg:

  • Fir Persounen, déi keng Staatsbierger vun de betraffene Länner sinn.
  • Fir Persounen, déi aus engem Land kommen, dat vun der Visasflicht fir déi betraffe Länner befreit ass.

Dëst elektronescht Dokument ass eng Sécherheetsmoossnam, déi et den Autoritéite vun de betraffene Staaten erméiglecht, d'Informatiounen iwwert Reesender virun hirer Arees z'iwwerpréiwen. Et ass ze beuechten, dass d'Bedéngungen a Fraise vu Land zu Land ënnerschiddlech kënne sinn.

Hei drënner fannt Dir eng net exhaustiv Lëscht vun de Länner, déi eng elektronesch Reesgeneemegung agefouert hunn:

Reesen an d'USA ouni Visa (ESTA-System)

Zënter dem 12. Januar 2009 muss all Reesenden, deen ënnert de Programm Reesen ouni Visa (Visa Waiver Program – VWP) fält, eng Reesgeneemegung ufroen, ier e per Fliger oder Schëff an d'USA areest.

Wichtegen Hiweis: Ännerungen um Visa Waiver Program zënter dem 21. Januar 2016

 Demande fir eng Reesgeneemegung an d'USA

Reesender mussen sech op der ESTA-Websäit (Electronic System for Travel Authorization) umellen, an den Online-Formulaire op Englesch ausfëllen. D'Demande fir d'Reesgeneemegung soll matzäit eragereecht ginn. Am Online-System mussen d'Demandeuren hir Identitéit uginn a Froen zu den Areesbestëmmungen an d'USA beäntweren, änlech wéi um Formulaire I-94W.

D'Demandë kënnen zu all Moment virun der Rees agereecht ginn. Den Department of Homeland Security (DHS) recommandéiert awer, dëse Formulaire op mannst 72 Stonne virum Depart auszefëllen.

An de meeschte Fäll gëtt d'Demande vum ESTA-System relativ séier verschafft. 

Méiglech Äntwerten op eng ESTA-Demande: 

  • Autorisatioun gouf ausgestallt: D'Rees ass autoriséiert.
  • Rees net autoriséiert: De Reesende muss virun der Rees an d'USA e Visa fir en temporären Openthalt bei de konsulareschen Déngschter vun enger US-Ambassade ufroen.
  • Autorisatioun gëtt verschafft: De Reesende kann de Status vu senger Demande op der ESTA-Websäit kontrolléieren. Eng definitiv Äntwert wäert bannent 72 Stonne verfügbar sinn.

Dës Geneemegung ass ab dem Datum vun der Emissioun zwee Joer laang gülteg – ausser si gëtt virun dësem Datum annuléiert – oder bis zu deem Datum wou de Pass ofleeft, falls dëse méi fréi ass.

D'Reesgeneemegung ass fir méi wéi eng Rees an d'Land gülteg. Den Demandeur kann d'Autorisatioun, déi hien op der ESTA-Websäit krut, probleemlos aktualiséieren, sief dat fir spéider Reesen oder bei Ännerunge vu sengem Trajet oder senger Destinatioun.

OPGEPASST: Eng ESTA-Autorisatioun ass keng Garantie fir eng Arees an d'USA. Si erméiglecht et nëmme Passagéier, déi an d'USA reesen, am Kader vum Visa Waiver Program mat enger Fluch- oder Schëfffaartsgesellschaft ze reesen.

Den ESTA-System soll d'Sécherheet vun de Persounen, déi am Kader vum Visa Waiver Program an d'USA reesen, verbesseren. Domadder soll de Programm ofgeséchert an d'Zuel vun den Demandeuren erhéicht ginn.

Reesender, déi am Besëtz vun engem gëltege Visa sinn, dierfe weiderhi mat dësem Visa an d'USA reesen, wann dëst dem Zweck vum geplangten Openthalt entsprécht. Si brauchen dann net méi eng ESTA-Autorisatioun unzefroen. 

Käschten

Fir all ESTA-Demanden oder Verlängerunge fale Käschten un (kënne per Debit- oder Kreditkaart bezuelt ginn).

Reesen a Kanada ouni Visa (Elektronesch Reesgeneemegung néideg)

Säit dem 15. Mäerz 2016 ass déi elektronesch Reesgeneemegung eTA (Electronic Travel Authorization) fir Reesender, déi kee Visa brauchen a mam Fliger a Kanada areesen, obligatoresch. Kanada huet dës eTA fir Passagéier agefouert déi kee Visa brauchen an déi mam Fliger an oder duerch Kanada reesen. Persounen, déi iwwert de Landwee oder per Schëff a Kanada reesen, musse keng eTA ufroen.

Säit dem 15. Mäerz 2016, musse Bierger déi aus Länner komme wou keng Visasflicht besteet, mat Ausnam vun den USA, eng eTA hunn, ier si mat dem Fliger an oder duerch Kanada reese kënnen.

Iwwer d'Websäit www.canada.ca/ave kann een eng eTA ufroen. Reesender sollten hire Fluch a Kanada eréischt da buchen, wa si hir eTA kritt hunn. Dës Demande gëtt online gemaach an ass mat Käschte verbonnen. Fir eng Demande ze maache brauch een e Pass, eng Kreditkaart, eng Email-Adress an en Internet-Accès.

An deene meeschte Fäll gëtt d'eTA e puer Minutten nodeems d'Demande erageschéckt gouf accordéiert. D'eTA ass elektronesch mat dem Pass verbonnen an ass 5 Joer gülteg oder bis de Pass ofleeft, jee nodeem wat fir d'éischt de Fall ass. Zousätzlech Informatioune gëtt et op der Websäit www.canada.ca/ave. Do sinn e kuerze Video an eng Lëscht vu Froen ze fannen. 

Reesen an Australien ouni Visa (Elektronesch Reesgeneemegung néideg)

Persounen, déi an Australie reese wëllen, kënnen op der Websäit https://www.homeaffairs.gov.au/trav/visa/appl/electronic-travel-authority (nëmmen op Englesch) eng elektronesch Reesgeneemegung ufroen. D'Reesender sollten als éischt op eng Bestätegung vun hirer eTA waarden, ier si hire Fluch an Australie buchen.

Dës eTA-Demande gëtt online gemaach an ass mat Käschte verbonnen. Fir eng Demande ze maache brauch een e Pass, eng Kreditkaart, eng Email-Adress an en Internet-Accès.