Diplomatesche Concours

Den MAE organiséiert all Joer e Concours an e puer Etappe fir Kandidatinnen a Kandidaten ze recrutéieren, déi un enger Karriär am Lëtzebuerger diplomateschen Déngscht interesséiert sinn.

Follgend Opnam-Bedéngunge gëlle fir den diplomatesche Concours:

  • Et muss een den allgemengen Deel vum Staatsexame fir d'Carrière supérieure (A1) gepackt hunn.
  • Et muss een Titulaire vun engem akadeemeschen Ofschloss oder vun engem Diplom sinn, dee vun enger Ariichtung aus dem Héichschoulwiesen ausgestallt ginn ass an den erfollegräichen Ofschloss vun engem Master-Studium noweist (oder engem equivalenten Ofschloss).
  • Et muss een déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn.