Aktualiséiert den
Mënscherechter
Lëtzebuerg féiert eng solidaresch a verantwortlech Aussepolitik, déi op der onermiddlecher Verdeedegung vun de Mënscherechter an dem Rechtsstaat baséiert. D’Zil vun eiser Aussepolitik ass et, d’Wäerter vu Fräiheet, Gläichheet an Dignitéit vun alle Mënschen géint Tyrannei an Willkür ze schützen. Dobäi engagéiert Lëtzebuerg sech dofir, Ongläichheeten an Ongerechtegkeeten entgéintzewierken. An multilaterale Foren (UNO, OSZE, Europarot…) setzt Lëtzebuerg sech weltwäit fir d’Achtung vun de Mënscherechter an, op Basis vun de Grondprinzipien vun der internationaler Uerdnung, déi no dem Zweete Weltkrich geschaf gouf.
D’Direktioun fir politesch Affären schafft enk mat de permanente Vertriedunge vu Lëtzebuerg zu New York, Genf, Stroossbuerg a Bréissel zesummen, fir d’Mënschenrechtspolitik ze definéieren an ze promouvéieren. Si ass zoustänneg fir d’Virbereedung vun den Aarbechtsgruppen am Beräich Mënscherechter a garantéiert an hire Kompetenzberäicher de Suivi vun de Pakten a Konventiounen vun de Vereenten Natiounen.
Fir d’interministeriell Zesummenaarbecht am Beräich vun de Mënscherechter ze stäerken an eng besser Kohärenz tëscht der nationaler an der aussepolitescher Politik vu Lëtzebuerg ze assuréieren, trëtt den Interministerielle Comité fir Mënscherechter (CIDH), deen vum Ausseministère presidéiert gëtt, reegelméisseg zesummen.