Wirtschaft a Mënscherechter

Lëtzebuerg an d'Richtlinnen "Wirtschaft a Mënscherechter" vun de Vereenten Natiounen 

De Mënscherechtsrot vun de Vereenten Natiounen huet eestëmmeg d'Richtlinne fir Wirtschaft a Mënscherechter a senger Resolutioun 17/4 vum 16. Juni 2011 ugeholl.

Dës Richtlinne goufe vum Spezialvertrieder vum Professer John Ruggie, UN-Generalsekretär fir Wirtschaft a Mënscherechter, ausgeschafft.

Si gëlle fir all Staaten an all Entreprisen, ob kommerziell, transnational oder anerer, onofhängeg vun hirer Gréisst, hirem Aktivitéitsberäich, hirem Standuert, hire Besëtzverhältnisser oder hirer Struktur. Déi 31 UN Richtlinnen iwwer Wirtschaft a Mënscherechter déi am Kader vum Konzept "Schützen, Respektéieren a Kompenséieren" formuléiert goufen:

a) Erënneren un déi international Verpflichtunge vun de Staate fir d'Mënscherechter an déi fundamental Fräiheeten ze respektéieren, ze schützen an ëmzesetzen (Richtlinnen 1-10). Staate kënnen dës Verpflichtungen entweder duerch Gesetzgebung oder duerch Ureiz am Aklang mat de Richtlinnen erfëllen.

b) Beschreiwen d'Roll vun de Betriber an hir Verantwortung, als spezialiséiert Gesellschaftsorganer, déi bestëmmte Funktiounen erfëllen, fir all applicabel Gesetzer anzehalen an d'Mënscherechter ze respektéieren (Richtlinnen 11-24). Si féiere keng nei gesetzlech verbindlech Verpflichtunge fir Entreprisen an.

c) Ënnersträichen d'Noutwendegkeet vun adäquaten an effikasse geriichtlechen an net-geriichtleche Recoursen am Fall vu Mënscherechtsverletzungen, dëst souwuel um Niveau vum Staat wéi och an de Betriber (Richtlinne 25-31).