Ëmsetzungsbeméiungen

Am Aklang mam Koalitiounsaccord 2018-2023 an am Kader vun der Ëmsetzung vun der zweeter Editioun vum Nationalen Aktiounsplang fir Wirtschaft a Mënscherechter (NAP2), gouf eng Etude vun enger Expertin vun der Uni Lëtzebuerg duerchgefouert iwwert d'Méiglechkeet, op nationalem Niveau eng Verantwortungsflicht am Beräich vun de Mënscherechter fir Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg domiciliéiert sinn, ze legiferéieren.

Inoffiziell franséisch Iwwersetzung (Pdf, 1.99 Mb) vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel.

A senger Sëtzung vum 11. Dezember 2019 huet de Regierungsrot de Projet vum NAP 2020-2022, dee vum Aarbechtsgrupp ausgeschafft gouf, ugeholl. Dës zweet Versioun vum NAP gouf am selwechte partizipative Geescht entwéckelt wéi den NAP 2018-2019, ass awer verstäerkt op d'Ëmsetzung ausgeriicht. Den Aarbechtsgrupp huet och scho mat dëser Ëmsetzung ugefaangen. 

Am Kader vun der Ëmsetzung vum Aarbechtsprogramm gouf vun enger Expertin vun der Uni Lëtzebuerg eng Etude iwwert d'Mënscherechtssituatioun an den Entreprisen zu Lëtzebuerg duerchgefouert.

Den 22. Juni 2018 huet de Regierungsrot déi éischt Versioun (2018-2019) vum Lëtzebuerger Nationalen Aktiounsplang fir d'Ëmsetzung vun de Richtlinne vun de Vereenten Natioune fir Wirtschaft a Mënscherechter (NAP) ugeholl. Den Text vum NAP gouf ausgehandelt fir déi international Verpflichtunge vu Lëtzebuerg weiderzeverfollegen, wat d'Stäerkung vum Respekt an der Promotioun vun de Mënscherechter ugeet, virun allem duerch d'Sensibiliséierung vun nationalen a multinationalen Entreprisen iwwer hir Verantwortung vis-à-vis vun de Mënscherechter, souwuel intern wéi och iwwer hir wirtschaftlech Wäertketten.