Aktualiséiert den
Nationale Pakt fir Wirtschaft a Mënscherechter
Den 11. Dezember 2019 huet d'Regierung déi zweet Editioun vum Nationalen Aktiounsplang "Wirtschaft a Mënscherechter" (NAP 2) ugeholl. Dëst Dokument gouf am Konsens tëschent all den Acteuren entwéckelt, déi am Aarbechtsgrupp "Wirtschaft a Mënscherechter" vertruede sinn, an enthält ongeféier 20 konkret Moossname fir d'UN-Richtlinnen zum Thema "Wirtschaft a Mënscherechter" ëmzesetzen. Eng vun deenen 20 Moossnamen ass den "Nationale Pakt fir Wirtschaft a Mënscherechter".
D'Adoptioun an d'Ëmsetzung vum Nationale Pakt fir de Respekt vun de Mënscherechter an den Aktivitéite vun de Betriber formaliséiert d'Partnerschaft an de gemeinsamen Engagement vum Staat an den Entreprisë fir hire Verpflichtunge geméiss den UN-Richtlinnen nozekommen.
Eng vun de Prioritéiten ass d'Sensibiliséierung vun de Entreprisen, fir hinnen esou déi néideg Outilen ze ginn, fir net nëmmen d'Erwaardungen an dësem Beräich ze verstoen, mee datt si och erkenne kënne wéi eng Chancen sech duerch d'Anhale vun de Richtlinne fir hir Kompetitivitéit an hire Risikomanagement, fir si erginn, besonnesch mat Hibléck op hir Reputatioun.