Aktualiséiert den
Signataire ginn
Duerch hiert House of Sustanability, fërdert d'Handelskummer zesumme mat senge Membere de Respekt vun de Mënscherechter, déi en integralen Deel vun der Verantwortung vun den Entreprisen (RSE - Responsabilité Sociale des Entreprises) sinn. D'Bewosstsi vun de Entreprisë fir dëse komplexe Problem ass dofir entscheedend.
Den nationale Pakt "Entreprisen a Mënscherechter" ass en Akt vu fräiwëllegem Engagement, duerch deen eng Entreprise sech dofir bekennt d'Richtlinne vun de Vereenten Natiounen an hirer Organisatioun an Wäertketten ëmzesetzen.
Den nationale Pakt liwwert Ärer Organisatioun d'Schlësselelementer fir d'Erwaardungen am Beräich vun de Mënscherechter ze verstoen an d'Instrumenter fir d'Anhale vun de Mënscherechter ("Due Diligence") ëmzesetzen.
D'Virdeeler vun Ärem Engagement:
- Instrumenter fir d'Gouvernance an d'Gestioun
- Stäerkung vun Äre Fäegkeeten duerch speziell Formatiounen
- Ënnerstëtzung a Rotschléi
- Ëmsetzung vun der Suergfaltsflicht ("Due diligence")
- Konformitéit a Rechtssécherheet
- Erhéichte Kompetitivitéit
- Reduzéierung vum Risiko vu Matschold u Mënscherechtsverletzungen
- Verbesserung vun Ärem Engagement
- Positionéierung, Reputatioun a Ruff
- Verbessert net-finanziell Berichterstattung
- Kollaboratioun mat Ärer Versuergungsketten an hiren Acteuren
- Individuelle Feedback op Äre Joresrapport
- Adhesioun un de nationale Reseau vun Entreprisen, déi sech fir de Respekt vun de Mënscherechter engagéieren
Formulaire
Fëllt wgl. follgende Formulaire (Pdf, 490 Kb) aus a schéckt en op pacte@cc.lu.