Mandat am Mënscherechtsrot 2022-2024

De Mënscherechtsrot vun de Vereenten Natiounen ass en tëschestaatlecht Organ vun de Vereenten Natiounen, dat 2006 gegrënnt ginn ass, fir weltwäit d'Fërderung an de Schutz vun de Mënscherechter ze stäerken. Zu sengen Aufgabe gehéiert et och sech mat Fäll vu Mënscherechtsverletzungen ze befaassen an Empfeelungen dozou ofzeginn. De Rot ka sech dat ganzt Joer iwwer mat sämtlechen Themen a Situatiounen am Zesummenhang mat Mënscherechter befaassen, déi seng Opmierksamkeet verlaangen.

De Mënscherechtsrot kënnt dräimol am Joer am UNO-Büro zu Genf fir reegelméisseg Sessiounen zesummen, déi am Mäerz (4 Wochen), Juni (3 Wochen) a September (3 Wochen) stattfannen. Op Ufro vun engem Drëttel vu senge Memberstaaten, kann de Mënscherechtsrot awer och zu all Moment entscheeden, speziell Sessiounen anzeberuffen, fir Mënscherechtsverletzungen an Noutfäll ze analyséieren. De Rot besteet aus 47 Memberstaaten, déi vun der UNO-Generalversammlung zu New York gewielt goufen. All UNO-Memberlänner kënnen als Beobachter un den Diskussiounen am Kader vun der Aarbecht vum Mënscherechtsrot deelhuelen, awer nëmmen déi 47 Memberlänner kënnen iwwer Resolutiounen ofstëmmen.

D'Promotioun an d'Verteidegung vun de Mënscherechter ass eng Prioritéit vun der Lëtzebuerger Regierung, souwuel um nationalem Niveau wéi och am Kader vun hiren auswäertege Bezéiungen. Als Member vum Mënscherechtsrot iwwerhëlt Lëtzebuerg seng Verantwortung am multilaterale Kontext a setzt säin Engagement als Member vum Mënscherechtsrot an den Déngscht vum Schutz vun de Rechter vun alle Mënschen.

D'Broschür, déi d'Lëtzebuerger Kandidatur an hir Prioritéite virstellt, ass op Arabesch, Chineesesch, Englesch, Franséisch, Russesch, Portugisesch a Spuenesch verfügbar.