Aktualiséiert den
Presidence vum Conseil vun de Memberstaate vum Internationalen Institut fir Demokratie a Walhëllef
Den 1. Dezember 2023 huet Lëtzebuerg d'Presidence vum Conseil vun de Memberstaate vum Internationalen Institut fir Demokratie a Walhëllef (IDEA International) fir d'Joer 2024 iwwerholl.
IDEA International gouf 1955 zu Stockholm gegrënnt an ass eng tëschestaatlech Organisatioun, déi sech fir d'Promotioun vun der globaler Demokratie, enger verantwortungsvoller Staatsféierung, a Rechtsstaatlechkeet op weltwäitem Niveau engagéiert. Zënter sengem Bäitrëtt am Joer 2018 huet Lëtzebuerg aktiv un den Aktivitéite vun IDEA International deelgeholl, an deelt d'Ziler vun der Organisatioun fir nohalteg Demokratie op nationalem an internationalem Niveau ze fërderen an ze stäerken.
Lëtzebuerg huet Geschlecht an Demokratie als thematesch Prioritéit fir 2024 gewielt, woubäi de Schwéierpunkt op zwee wichtegen Ënnertheemen läit: Klimawandel an Digitaliséierung. Dës Decisioun ënnersträicht d'Lëtzebuerger Engagement fir dréngend global Erausfuerderungen op eng Aart a Weis unzegoen, déi demokratesch an inklusiv Prinzippie schützt an d'Gläichstellung fir all Mënsch fërdert.