Aktualiséiert den
Desarmement an d'Net-Verbreedung
Den Desarmement an d'Net-Verbreedung vu konventionellen a Massevernichtungswaffen, souwéi hiren Trägersystemer, bleiwen zentral Aktiounsberäicher fir Lëtzebuerg am Kader vun der Konfliktpräventioun. Als Signataire vun alle regionalen an internationalen Traitéen a Konventiounen an dësem Beräich engagéiert sech Lëtzebuerg konsequent fir d'Stäerkung vun der internationaler Sécherheet a strieft no engem méiglechst niddregen Niveau vun Armement. Am Geescht vun der europäescher Kooperatioun bedeelegt sech Lëtzebuerg och aktiv un den Aarbechtsgruppen, déi an dësem Kontext bannent der Europäescher Unioun etabléiert goufen.
D'Adoptioun an d'Akraafttriede vum Gesetz vum 27 Juni 2018 iwwer d'Kontroll vun den Exporter bitt de Lëtzebuerger Autoritéiten elo e gestäerkte legale Kader fir d'Iwwerwaachung vun Export- an Transitoperatiounen. Gläichzäiteg erméiglecht et d'Ëmsetzung vu restriktive Mesuren am kommerzielle Beräich géint bestëmmte Länner. Zesumme mam Office du contrôle des exportations, des importations et du transit, dat zur Direktioun fir Aussenhandel an Investitiounspromotioun gehéiert, ass d'Direktioun fir politesch Ugeleeënheete Cosignataire vun de Lizenze fir den Export an den Transit vu Verteidegungsproduiten an d'Produite mat duebelem Verwendungszweck. Fir dës Aufgaben stëmmt d'Direktioun sech enk mat den anere Membere vun der interministerieller Aarbechtsgrupp fir d'Kontroll vun den Exporter of.
Den Traité iwwer Waffenhandel (Arms Trade Treaty, ATT), deen 2014 a Kraaft getrueden ass, leet verstäerkte gemeinsam Norme fir d'Exportkontroll fest. Zil ass et, den internationale Waffenhandel effizient ze reguléieren, illegal Transferten ze bekämpfen an d'weltwäit Verbreedung vu Waffen ze verhënneren. D'Direktioun fir politesch Ugeleeënheeten hëlt un de verschiddenen Aarbechtsgruppen an der Konferenz vun de Signatairë vum ATT deel. Si redigéiert de Rapport annuel iwwert d'Exporter an Importer vu klassesche Waffen. Lëtzebuerg ass ënner anerem Member vun de fënnef multilaterale Regimmer vun der Exportkontroll (Wassenaar Arrangement, Australia Group, Missile Technology Control Regime, Nuclear Suppliers Group et Zangger Committee), déi als Zil hunn, d'onkontrolléiert Verbreedung vu Waffen an Technologien ze verhënneren, déi en duebele Verwendungszweck kënnen hunn.
D'Direktioun fir politesch Ugeleeënheeten ass iwwerdeems zoustänneg fir de Suivi an d'Ëmsetzung vun de relevante Konventiounen am Beräich vum Desarmement an de konventionellen- a Massevernichtungswaffen, wéi d'Konventioun iwwer d'Streewaffen, d'Konventioun iwwer de Verbuet vun Antipersounenminnen, d'Konventioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen oder och d'Konventioun fir de Verbuet vu bakteriologesche Waffen.