Fraen, Fridden a Sécherheet

Lëtzebuerg setzt sech aktiv fir d'Agenda "Fraen, Fridden a Sécherheet” am Kader vun der Resolutioun 1325 (2000) vum Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen an. Dës Resolutioun prangert den disproportionéierten Impakt vu bewaffnete Konflikter op Fraen a Meedercher un a weist op d'Wichtegkeet vun enger aktiver Bedeelegung vu Fraen am Friddensprozess hin. No der gelongener Ëmsetzung vum éischten nationalen Aktiounsplang vun 2018-2023, gëtt zurzäit un engem zweeten Aktiounsplang "Fraen, Fridden a Sécherheet” ausgeschafft.

 

 

Nationalen Aktiounsplang "Fraen, Fridden a Sécherheet"

Den 13. Juli 2018 huet d' Lëtzebuerger Regierung hiren éischten nationalen Aktiounsplang "Fraen, Fridden a Sécherheet” 2018-2023 (Franséisch, Pdf, 19.43 Mb) fir d'Ëmsetzung vun der Resolutioun 1325 (2000) vum Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen adoptéiert. D'Resolutioun 1325 huet sech als en onëmgänglecht Instrument fir déi international Gemeinschaft etabléiert, fir de Fridden an d'Sécherheet ze stäerken.

Mat dësem Aktiounsplang ka Lëtzebuerg, als Memberstaat vun der UNO, der EU an der NATO, säi Laangzäitengament fir Fraen, Fridden a Sécherheet stäerken, an déi international Efforten an deem Beräich méi konsequent ënnerstëtzen. Dëse Plang etabléiert eng wichteg Verbindung mat der Ëmsetzung vum Agenda 2023 fir nohalteg Entwécklung, virun allem mat den nohaltegen Entwécklungsziler 5 (Gläichheet tëschent de Geschlechter) a 16 (Gerechtegkeet a Fridden). E berécksiichtegt och d'Verflichtungen, déi sech aus der Konventioun iwwer d'Eliminatioun vun all Diskriminatioun géint Fraen (CEDAW) erginn.

Den Aktiounsplang erméiglecht et Lëtzebuerg op allen Niveaue vun de Friddens- a Sécherheetsprozesser ze intervenéieren, andeems en d'Beméiungen am Zesummenhang mat der Ëmsetzung vun der Resolutioun 1325 a senger Aussepolitik (Engagement am multilaterale Kader, Participatioun an de Fridden- a Stabiliséierungsoperatiounen, Entwécklungskooperatioun) an d'Mechanisme fir Preventioun a Schutz um nationalen Niveau konsolidéiert.