Walbeobachtungsmissiounen

An der Iwwerzeegung, datt demokratesch Walen d’Grondlag vun all legitimmer Regierung bilden, bedeelegt sech de Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel un de Walbeobachtungsmissiounen, déi vun der Europäescher Unioun an der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (OSZE) organiséiert ginn.

Interesséiert Persoune kënnen hir Demande elektronesch un observations.electorales@mae.etat.lu schécken.