Relatiounen zu internationalen Organisatiounen

Den Engagement an internationalen Organisatiounen ass en zentraalt Element vun der Lëtzebuerger Aussepolitik. Lëtzebuerg setzt sech staark fir en effiziente multilaterale System an, bei deem déi Vereenten Natiounen am Mëttelpunkt stinn. E System, deen haut esou wichteg ass wéi nach ni fir de Weltfridden an déi international Sécherheet ze sécheren, an eng nohalteg Entwécklung fir jiddereen ze garantéieren. Dobäi steet de Schutz vun de Mënscherechter am Mëttelpunkt, déi universal, ondeelbar an onverännerlech sinn.

Fir zu dësen Zieler bäizedroe vertrëtt d'Direktioun fir politesch Ugeleeënheeten an hire Kompetenzberäicher déi Lëtzebuerger Aussepolitik an den internationalen Organisatioune vun deene Lëtzebuerg Member ass, ënner anerem an der europäescher Unioun (EU), der Organisatioun vum Nordatlanteschen Traité (NATO), dem Europarot, der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (OSZE) an der Organisatioun vun de vereenten Natiounen (UNO), wou Lëtzebuerg 2013 an 2014 net-permanente Member vum Sécherheetsrot war.

De Lëtzebuerger Engagement an den internationalen Organisatioune berout virun allem op der Zesummenaarbecht an dem Respekt vum Recht. Dëst Recht muss souwuel d'Relatiounen tëschent Staate wéi och tëschent eenzele Persounen aus all Land reegelen, an dozou bäidroen déi fundamental Rechter an de Rechtsstaat ze fërderen. A senge Beméiunge fir d'Konsolidéierung vum Fridden, der Sécherheet an der Stabilitéit an der Welt, leet Lëtzebuerg besonnesch vill Wäert op de Respekt vun de Mënscherechter, de Kampf géint d'Impunitéit, d'net-Verbreedung vu Massevernichtungswaffen an den Desarmement.