Fräi Plazen

Beim MAE schaffen

All fräi Plaz beim MAE (fir all Karriär) gëtt op der Säit Govjobs.lu verëffentlecht. Wien dorun interesséiert ass dem Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel (MAE) seng Talenter a Kompetenzen zur Verfügung ze stellen, kann sech reegelméisseg op dësem Site ëmkucken, op deem een och duerch d'Kandidatur-Prozedur gefouert gëtt.

De Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel berécksiichtegt keng spontan Kandidaturen.

Ufroen zu den aktuelle Recrutemente vum Ministère kënnen un d'Adress ressources.humaines@mae.etat.lu geriicht ginn.

Diplomatesche Concours

Den MAE organiséiert all Joer e Concours an e puer Etappe fir Kandidatinnen a Kandidaten ze recrutéieren, déi un enger Karriär am Lëtzebuerger diplomateschen Déngscht interesséiert sinn.

Follgend Opnam-Bedéngunge gëlle fir den diplomatesche Concours:

  • Et muss een den allgemengen Deel vum Staatsexame fir d'Carrière supérieure (A1) gepackt hunn.
  • Et muss een Titulaire vun engem akadeemeschen Ofschloss oder vun engem Diplom sinn, dee vun enger Ariichtung aus dem Héichschoulwiesen ausgestallt ginn ass an den erfollegräichen Ofschloss vun engem Master-Studium noweist (oder engem equivalenten Ofschloss).
  • Et muss een déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn.
Sech an der Entwécklungszesummenaarbecht an an der humanitärer Aktioun engagéieren

Persounen, déi sech am Beräich vun der Entwécklungszesummenaarbecht engagéiere wëllen, si gebieden de Site vun der Lëtzebuerger Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Aktioun ze consultéieren. Op der Säit Sech engagéieren ginn d'"Appels à candidature" verëffentlecht.

Stagen

Dat ganzt Joer iwwer proposéiert de Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel interesséierte Studenten, déi an enger Ariichtung aus dem Héichschoulwiesen ageschriwwe sinn (minimum am 2. Joer Uni), Stageméiglechkeeten zu Lëtzebuerg oder an enger vun den Ambassaden a Vertriedunge vum diplomatesche Reseau am Ausland.

Dauer vum Stage

  • D'Dauer vum Stage ka vun e puer Woche bis maximal 6 Méint an enger Period vu 24 Méint variéieren, mat der Ausnam vu konventionéierte Stagen am Kader vun engem Unis-Studium, déi och méi laang kënne sinn.
  • Bezuelte Stage fir Stagë vu méi wéi 4 Wochen

Postuléieren

Fir ze postuléieren, muss de Student deen um Stage interesséiert ass, eng Lettre de motivatioun (op Franséisch) an de Curriculum Vitae (am "PDF"- oder "Word"-Format) un d'Adress stagiaires.etudiants@mae.etat.lu schécken, mat der Prezisioun a wéi enger Ambassade oder permanenter Vertriedung de Stage duerchgefouert soll ginn.

Walbeobachtungs-Missiounen

Well demokratesch Walen d'Grondlag vun all legitimmer Regierung ass, hëlt de Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel un de Walbeobachtungs-Missioune vun der Europäescher Unioun an der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (OSZE) deel.

Interesséiert Kandidaten a Kandidatinne kënnen hir Ufro per E-Mail un d'Adress observations.electorales@mae.etat.lu schécken.

Aktualiséiert