Aktualiséiert den
Verantwortungsvoll Betribsféierung
Richtlinne vun internationalen Organisatiounen: D'Bedeitung vun enger verantwortungsvoller Betribsféierung
Wat versteet een ënner verantwortungsvoller Betribsféierung ("CSR")?
Eng Firma, déi verantwortungsvoll handelt, engagéiert sech fir:
- d'Anhale vu Gesetzer a Reglementer op lokalem, regionalem an internationalem Niveau;
- de Respekt vun de Rechter vun de verschiddenen Interessevertrieder;
- d'Schafe vun neie Wäerter duerch positiv Beiträg;
- de Schutz vu bestoende Wäerter duerch Risiko- a Reputatiounsmanagement.
D'Konzept vun der CSR ass an international unerkannte Standarde verankert, wéi z. B. (i) de Richtlinne vun de Vereenten Natioune fir Wirtschaft a Mënscherechter ("UN-Richtlinnen" oder "UNGP"), (ii) de Leetprinzippien vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung ("OECD") fir multinational Firmen ("OECD-Richtlinnen") oder (iii) der Tripartite-Grondsazdeklaratioun vun der Internationaler Aarbechtsorganisatioun iwwer multinational Firmen a Sozialpolitik. 2014 huet de Ministerrot vum Europarot d'Deklaratioun iwwer d'UN-Richtlinnen ugeholl fir déi uewe genannte Grondsätz z'ënnerstëtzen.
Zesumme bidden déi uewen ernimmte Richtlinnen ("international Richtlinnen") eng Rei vun Empfeelungen, déi e verantwortungsvollt Verhale vun de Betriber fërdere sollen, wat hir Relatiounen zur Gesellschaft an de Respekt vun de Mënscherechter, vu Sozial- an Ëmweltnormen ugeet, andeems all Interessevertrieder an dëse Prozess mat agebonne ginn.
Eng vun de wichtegste gemeinsame Richtlinnen, déi an allen internationalen Texter virkënnt, betount, datt d'Entreprisen all negativ Auswierkunge vermeiden, eliminéieren oder miniméiere sollen, déi hir Aktivitéiten, Produkter oder Déngschtleeschtunge verursaache kënnen, oder zu deenen si iwwer hir Geschäftsbezéiungen, aus deenen hir Liwwerkette bestinn, bäidroe kënnen. Dëst gëllt nëmme fir wesentlech Beiträg, déi negativ Auswierkunge verursaachen oder favoriséieren. Dës negativ Auswierkunge kënnen de Mënsch, d'Ëmwelt oder de Wuelstand betreffen.
D'Entreprisë mussen och eng risikobaséiert Suergfaltsflicht ausüben, déi iwwert hiren traditionelle Verantwortungsberäich erausgeet an d'ganz Betribsstruktur grad esou wéi déi komplett Liwwerketten ëmfaasst. Dës sougenannten "Due Diligence” kann an den Entscheedungsprozess an de Risikomanagement integréiert ginn, an huet zum Zil, Risiken a negativ Auswierkungen ze identifizéieren, ze verhënneren an ze reduzéieren.
D'Länner, déi di international Richtlinnen ënnerschriwwen hunn, verflichten sech dozou dës ëmzesetzen, andeems se ë.a. bestëmmte Schlësselthemen duerch eng national Legislatioun reegelen oder hir international Verflichtungen ëmsetzen. Aus der Siicht vun de betraffenen Entreprisen ass d'Anhale vun den internationale Richtlinnen awer keng gesetzlech Flicht. E verantwortungsbewosst Verhalen am Aklang mat den internationale Richtlinne bitt enger Firma awer och eng Rei vu Virdeeler, dorënner (i) en effizient Risiko- a Reputatiounsmanagement, (ii) eng Verbesserung vun der Betribsleeschtung, (iii) déi sozial Sécherheet, déi fir d'Ausübung vun hirer Aktivitéit noutwenneg ass, an (iv) d'Anhale vun international unerkannte Prinzippien a Normen.
Och d'Europäesch Unioun huet eng Rei vun Initiativen ergraff fir d'Transparenz an déi laangfristeg Perspektiv vun de finanziellen a wirtschaftlechen Aktivitéite vun den Entreprisen um Bannemaart ze fërderen, an ass beméit, dës Aarbecht weiderzeféieren.
Wat sinn d'Richtlinne vun de Vereenten Natiounen?
D'UN-Richtlinne stellen eng Verbindung tëscht den Aktivitéite vun den Entreprisen an dem Respek vun den international unerkannte Mënscherechter hier. Dës Prinzippien encouragéieren eng kontinuéierlech Suergfaltsflicht bei den Aktivitéite vu kommerziellen, transnationalen an aneren Entreprisen, onofhängeg vun hirer Gréisst, hirem Secteur, hirem Standuert, hire Besëtzverhältnisser an hirer Struktur.
D'UN-Richtlinnen baséieren op dräi Haaptpilieren:
- Engagement a Verflichtung um Niveau vun der Regierung fir e gesetzleche Kader ze schafen an ëmzesetzen, deen de Schutz an de Respekt vun de Mënscherechter duerch Drëtter, inklusiv Firmen, virschreift;
- D'Verantwortung an d'Verflichtung um Niveau vun den Entreprisen, d'Mënscherechter bei all hiren Aktivitéiten ze respektéieren; a konkret Moossnamen ze ergräifen, fir negativ Auswierkungen an dësem Beräich ze vermeiden, onofhängeg dovun, op d'Gaaschtland mat der Gesetzgebung um leschte Stand ass oder net;
- Den Accès zu geriichtlechen Instanzen an anere Konfliktléisungsmechanismen opzemaachen oder ze erliichteren, fir all Plainte géint eng Entreprise, déi d'Mënscherechter verletzt huet, effizient ze behandelen an de Betraffenen esou eng adaptéiert Entschiedegung unzebidden.
Zënter 2014 féiert den Héichkommissariat vun de Vereenten Natioune fir Mënscherechter ("OHCHR") e grousse Projet mam Titel "Accountability and Remedy Project" duerch, dat d'Rechenschaftsflicht, den Zougang zu Recoursen, souwéi geriichtlech a net-geriichtlech Mechanismen am Fall vu Mënscherechtsverletzungen duerch Entreprisen, wéi se an den UN-Richtlinne festgehale sinn, stäerke soll.
Weider Informatioune fannt Dir op der nächster Säit.
Wat sinn d'OECD-Richtlinne fir multinational Entreprisen?
D'OECD-Richtlinne sinn Empfeelungen, déi multinational Entreprisen zu verantwortungsvollem Geschäftsverhalen ureege sollen. Si goufe fir d'éischt 1976 duerch d'Erklärung an d'Resolutioune vun der OECD iwwer international Investitiounen a multinational Entreprisen ugeholl.
Déi lescht Aktualiséierung war 2011, fir d'Richtlinnen zu Wirtschaft a Mënscherechter, déi vun de Vereenten Natiounen ugeholl goufen, ze integréieren. Zënterhier enthält den Text e Kapitel iwwer de Schutz vun de Mënscherechter.
Den 31. Mee 2018 huet d'OECD den OECD-Guide zur Suergfaltsflicht fir e verantwortungsvollt Geschäftsverhalen ugeholl. Dëse Leetfuedem bitt eng praktesch Ënnerstëtzung bei der Ëmsetzung vun den OECD-Richtlinnen duerch multinational Entreprisen.
D'OECD-Richtlinne sollen net national Gesetzer oder Veruerdnungen ersetzen oder iwwer dëse stoen.
Diskussiounen iwwer d'Upassung an d'Aktualiséierung vun den OECD-Richtlinne sinn en cours.
Op OECD-Niveau sinn d'Reegele fir déi national Kontaktstellen ("PCN") an den OECD-Richtlinne festgeluecht. All Land wat bäitrëtt muss e PCN ariichten, deen ë.a. verantwortlech ass fir (i) dës Prinzippien ze fërderen an (ii) Plainten iwwer Verstéiss géint d'Prinzippie weiderzeleeden an ze verschaffen. D'OECD-Richtlinne sinn dat eenzegt internationaalt Instrument am Beräich vun der CRE, dat en interne Mechanismus fir den Traitement vu Plaintë virgesäit, déi als spezifesch Ëmstänn bezeechent ginn. Dës besonnesch Ëmstänn si keng juristesch Fäll. Déi national Kontaktstellen, déi keng Justizorganer sinn, probéiere Problemer ze léisen, andeems si den Accès zu Prozedure vereinfachen, déi am Konsens oder aussergeriichtlech gereegelt ginn, a besonnesch andeems si ubidde fir d'Roll vum Mediateur z'iwwerhuelen. Weider Informatioune fannt Dir op der offizieller Websäit vun der Lëtzebuerger nationaler Kontaktstell.
Wat fir Initiative ginn um Niveau vun der Europäescher Unioun geholl?
D'Europäesch Kommissioun huet 2011 eng aktualiséiert Strategie fir d'sozial Verantwortung vun Entreprisen ("CSR") an hir Auswierkungen op d'Gesellschaft ugeholl. Doranner verbënnt si en horizontalen Usaz zur Fërderung vun der CSR mat sektoriellen Aspekter wéi Ëmwelt- an Handelspolitik, Rapporten zur Transparenz an ëffentlech Ausschreiwungen, dorënner e spezifescht Kapitel iwwer Entreprisen a Mënscherechter. D'Strategie enthält och en Aktiounsplang mat Verflichtunge vun der Kommissioun, esou wéi Ureegunge fir Entreprisen, Memberlänner an aner Interessegruppen.
D'Europäesch Kommissioun huet den 20. Februar 2020 eng ëffentlech Consultatioun zur Revisioun vun der Richtlinnen 2014/95/EU vum Europäesche Parlament an dem Conseil lancéiert, wat d'Verëffentlechung vun net finanziellen an d'Diversitéit betreffend Informatiounen duerch bestëmmte grouss Entreprisen a Gruppen ugeet. Zu Lëtzebuerg gesäit d'Gesetz vum 23. Juli 2016 zur Ëmsetzung vun der erwäänter Richtlinn ("NFR-Gesetz") vir, datt déi betraffen Entreprisen, an hirem Joresrapport oder an engem getrennte Rapport, relevant Informatioune verëffentlechen, an zwar iwwer hir Politik an déi domat verbonne Risiken, grad esou wéi d'Resultater déi si an de Beräicher Soziales, Ëmwelt, Personal, Respekt vun de Mënscherechter a Bekämpfung vun der Korruptioun erreecht hunn, oder och nach wat d'Diversitéit bei der Zesummesetzung vun hire Verwaltungs- oder Opsiichtsrot ugeet. An dësem Zesummenhang bitt d'Publikatioun vun onverbindleche Richtlinne fir d'Verëffentlechung vun Ëmwelt- a Sozialinformatiounen duerch d'Europäesch Kommissioun e gemeinsame Kader, deen de Verglach vun dësen Donnéeën op europäeschem Niveau erliichtert.
D'Europäesch Kommissioun huet am Februar 2020 eng Etüd iwwer d'Suergfaltsflicht an de Liwwerketten, an am Juli 2020 eng Etüd iwwer d'Flichte vun den Administrateuren an der nohalteger Betribsféierung verëffentlecht. Béid Etüde kommen zur Conclusioun, datt nëmmen e Verhalensstandard op europäeschem Niveau déi sozial Verantwortung vun den Entreprisë fir eng nohalteg Wäertschöpfung stäerken an eng gemeinsam Grondlag fir d'Berécksiichtegung vun Nohaltegkeet schafe kann, wärend gläichzäiteg Maartverzerrunge verhënnert ginn. Am Oktober 2020 huet d'Europäesch Kommissioun och eng ëffentlech Consultatioun lancéiert, fir d'Meenung vun engem breede Spektrum vun Interessegruppen iwwer nohalteg Entrepriseféierung unzefroen.
D'Ukënnegung vum EU-Kommissär fir Justiz, Didier Reynders, am Juni vun dësem Joer den Entworf vun enger Direktiv iwwer d'Suergfaltsflicht vun den Entreprisen an hirer ganzer Liwwerketten ze verëffentlechen, ass entscheedend fir d'Aféierung vun enger verbindlecher Suergfaltsflicht an der Europäescher Unioun. Doduercher ass et méiglech, datt d'Negociatiounen dozou nach dëst Joer kënnen ufänken. Lëtzebuerg huet vir, sech aktiv un de Verhandlungen iwwer den Entworf vum europäeschen Text ze bedeelegen, fir e verbindlechen an usprochsvollen europäesche Kader ze fërderen, deen et der Europäescher Unioun erméiglecht, eng glafwierdeg Pionéierroll an der internationaler Gemeinschaft am Beräich vum Schutz vun de Mënscherechter ze spillen.
Op Ufro vum Conseil vun der Europäescher Unioun huet d'Agence vun der Europäescher Unioun fir Grondrechter (FRA) 2017 e Rapport opgestallt, an deem ënnersicht gëtt, wéi d'Hindernisser beim Zougang op Recoursen op europäeschem Niveau kënnen eliminéiert ginn.
Mat der Aféierung vum Reglement (EU) 2017/821 vum Europäesche Parlament a vum Conseil vum 17. Mee 2017, déi d'Suergfaltsflicht an de Liwwerkette fir EU-Importateuren festleet, déi Zënn, Tantal, Wolfram an hir Äerzer souwéi Gold aus Konflikt- oder Héichrisikogebidder aféieren, huet d'Europäesch Unioun d'Suergfaltsflicht op dës Mineralien a Metaller wéi Gold, Zënn, Tantal a Wolfram (3TG) ugewannt. Zënter dem 1. Januar 2021 ass dëst Reglement an der ganzer Europäescher Unioun vollstänneg a Kraaft. D'Direktioun fir europäesch Ugeleeënheeten an international wirtschaftlech Bezéiunge vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel ass am Kader vun hirer Kompetenz fir d'Handelspolitik vun der Europäescher Unioun d'Kontaktstell fir all Froe betreffend d'Uwendung vun dësem Reglement.