Kanada

Kanada ass, wat d'Fläch ugeet, dat zweetgréisste Land op der Welt, direkt no Russland. Trotz senger Gréisst gehéiert et zu deene Länner op der Welt, déi am mannste bewunnt sinn. Obwuel d'Bevëlkerung relativ geréng ass, ass et de Kanadier gelongen, e Modell vun enger multikultureller Gesellschaft ze schafen, déi vu villen Observateuren als virbildlech ugesi gëtt, an Awanderer aus der ganzer Welt ophëlt. Kanada ass houfreg op seng wonnerschéi Landschaften, mat hiren ausgedeente Bëscher, onberéierte Séien a pittoreske Küsten, déi all Joer Milliounen Touristen unzéien.

D'Haaptstad vum Land ass Ottawa, weider gréisser Stied sinn Toronto, Montreal a Vancouver. Offiziell ass Kanada zweesproocheg (Englesch a Franséisch). Dëst ass op d'Geschicht vum Land zeréckzeféieren, dat fréier e Gebitt war ëm dat zwou vun de gréissten europäesche Muechte gekämpft hunn. Do dernieft besëtzt Kanada e räicht eenheemescht Kulturierwen, dat an de leschte Joerzéngten ëmmer méi u Bedeitung gewonnen huet. 

Fërderungsbedingungen a praktesch Modalitéiten

1. D'Kandidate sinn eligibel wa si déi follgend Konditiounen erfëllen:

  • Si mussen tëscht uechtzéng (18) a fënnefandrësseg (35) Joer al sinn, wann d'Demande agereecht gëtt;
  • Si mussen déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn an zu Lëtzebuerg wunnen;
  • Si mussen e gültege lëtzebuergesche Pass besëtzen;
  • Si däerfen net vun enger ënnerhaltsflichteger Persoun (z.B. en ënnerhaltsflichtegt Kand) begleet ginn.
  • Si mussen iwwer déi néideg finanziell Mëttel disposéiere fir op der Plaz iwwer d'Ronnen ze kommen (min. 2.500€);
  • Si mussen déi néideg finanziell Mëttel hu fir sech en Aller-Retour Fligerbilljee ze kafen;
  • Si mussen d'Gesondheetskrittären erfëlle fir de Certificat médical ze kréien;
  • Si mussen e Casier judiciare vierge hunn;
  • Si däerfen nach net um Programm Work & Travel fir Kanada deelgeholl hunn.

2. Zousätzlech generell Konditiounen an Obligatiounen, déi ze erfëlle sinn a Beleeg, déi musse virgeluecht ginn:

  • 1 ausgefëllten an ënnerschriwwene Formulaire de demande;
  • 2 Passfotoen;
  • E Pass, dee minimum 15 Méint ab dem Datum vun der Ausstellung vum Visa gülteg ass;
  • D'Aschreiwungsfraise vum Visa;
  • E beglaubegten an op Englesch iwwersaten Extrait aus dem Casier judiciaire, deen an deene leschten 3 Méint ausgestallt gouf;
  • E beglaubegte Certificat médical, deen an deene leschten 3 Méint ausgestallt gouf;
  • D'Reservatioun vum Aller-Retour Billjee oder de Beweis, datt een déi néideg Ressourcen huet fir een ze kréien;
  • E ënnerschriwwene Motivatiounsbréif op Franséisch oder Englesch;
  • E Liewenslaf op Franséisch oder Englesch;
  • E Beleeg, datt een déi néideg finanziell Ressource vu minimum 2.500€ huet (Relevé bancaire oder en Nottärsakt, dee beweist datt een iwwer dës Zomm disposéiert);
  • E Beleeg, datt ee fir déi éischt 15 Deeg e Logement zur Verfügung huet (Reservatioun vun engem Hotel, wann et eng Privatpersoun ass, en Invitatiounsbréif mat enger Kopie vun der Identitéitskaart);
  • Eng Krankeversécherung, déi de ganzen Openthalt couvréiert, an enger Héicht vun 30.000€.

3. Wéi kann een seng Demande fir de Visa fir de Programm Work & Travel fir Kanada areechen:

Lëtzebuerger Staatsbierger mussen seng Demande am Kader vum Programm Work & Travel un déi follgend Adress areechen:

Ambassade du Canada à Bruxelles

58 Avenue des Arts

1000 Bruxelles, Belgique

Tél: +32 2 741 06 11

Internetsäit

4. Weider Informatiounen

  • D'Visae fir de Programm Work & Travel gi just u maximum 100 Lëtzebuergesch Participante pro Joer ausgestallt;
  • D'Participante kréien e Visa fir e laangen Openthalt mat deem ee wärend 12 Méint onbegrenzt an-an ausreese kann. Et gi keng Verlängerungen oder Modifikatioune vun sou engem Visa akzeptéiert.
  • D'Participanten däerfe fir eng begrenzten Zäit fir een oder méi Employeure wärend der Period vum Visa fir e laangen Openthalt schaffen.
  • De Besëtzer vum Visa huet kee Recht op Chômage oder Sozialhëllef.