Aktualiséiert den
Australien
Australien läit an der südlecher Hemisphär tëscht dem Pazifeschen an dem Indeschen Ozean, an ass souwuel de klengste Kontinent vun der Welt wéi och déi sechstgréissten Natioun. D'Haaptsad Canberra läit tëscht de gréissten a bedeitendste Stied Sydney a Melbourne, déi wichtegst Achs fir Handel a Kultur. Weider wichteg Stied si Brisbane, Adelaide a Perth. Eng ganz Rei australesch Stied zielen zu de Plaze mat der héchster Liewensqualitéit. D'Klima ass gepräägt vun tropesche Reebëscher am Norden iwwer ee mediterraant Klima laanscht d'Südostküst bis hin zu dréchene Wüsten am Banneland. D'Majoritéit vun de 27 Milliounen Awunner lieft a staark urbaniséierte Gebidder laanscht d'Südostküst. Als Member vun der G20 zielt Australien zu de gréisste Wirtschafte vun der Welt. Déi 1901 gegrënnte Commonwealth of Australia ass eng konstitutionell Monarchie an eng parlamentaresch Demokratie. Hiren Herrscher ass de Kinnek Charles III., dee vun engem Generalgouverneur vertruede gëtt. D'Amtssprooch ass Englesch.
Fërderungsbedéngungen a praktesch Modalitéiten
1. D'KANDIDATE SINN ELIGIBEL WA SI DÉI FOLLGEND KONDITIOUNEN ERFËLLEN:
- Si mussen tëscht uechtzéng (18) an drësseg (30) Joer al sinn, wann d'Demande agereecht gëtt;
- Si mussen e gültege lëtzebuergesche Pass besëtzen;
- Si däerfen net vun enger ënnerhaltsflichteger Persoun (z.B. en ënnerhaltsflichtegt Kand) begleet ginn;
- Si mussen iwwer déi néideg finanziell Mëttel disposéiere fir op der Plaz iwwert d'Ronnen ze kommen (min. $5000 AUD);
- Si mussen een Aller-Retour Fligerbilljee besëtzen oder déi néideg Mëttel fir sech esou een ze kafen;
- Si mussen d'Gesondheetskrittären erfëlle fir de Certificat médical ze kréien;
- Si mussen e Casier judiciare vierge hunn;
- Si däerfen nach net um Programm Work & Travel fir Australien deelgeholl hun;
- Si mussen d'Fraise vun $635 AUD fir de Visa sëlwer iwwerhuelen;
- Si mussen Titulaire vun engem Héichschouldiplom sinn oder erfollegräich 2 Joer ofgeschloss hunn op enger Uni am éischte Cycle;
- Si mussen e Bréif vum kompetente Lëtzebuerger Ministère besëtzen, deen hinnen d'Autorisatioun gëtt, datt si sech am Kader vun dësem Programm an Australien ophalen däerfen. D'Demande fir dës sougenannten "lettre de support" kann u follgend Adress geschéckt ginn:
Direction des affaires consulaires et des relations culturelles internationales
Assistance consulaire
9 rue du Palais de Justice
L-1841 Luxembourg
assistance.consulaire@mae.etat.lu
Dir musst bei Ärer Demande Är Adress, eng Kopie vun Ärem lëtzebuergesche Pass an een Dokument, deen Äre schouleschen Niveau attestéiert (z.B. e post-sekundäre Diplom oder e Relevé vun Ären Notte vun 2 konsekutiv Joer op der Universitéit) matschécken.
2. ZOUSÄTZLECH GENERELL KONDITIOUNEN AN OBLIGATIOUNEN DÉI ZE ERFËLLE SINN A BELEEG, DÉI MUSSE VIRGELUECHT GINN:
- 1 ausgefëllten an ënnerschriwwene Formulaire de demande;
- 2 Passfotoen;
- E Pass, dee minimum 15 Méint ab dem Datum vun der Ausstellung vum Visa gülteg ass;
- D'Aschreiwungsfraise vum Visa;
- Casier judiciaire, deen déi leschten 3 Méint ausgestallt gouf;
- Certificat médical;
- D'Reservatioun vum Aller-Retour Billjee oder de Beweis, datt een déi néideg Ressourcen huet fir een ze kafen;
- En ënnerschriwwene Motivatiounsbréif op Englesch;
- E Liewenslaf op Englesch;
- E Beleeg dass ee minimum $5000 AUD besëtzt (Relevé bancaire oder en Nottärsakt, dee beweist, datt een iwwer dës Zomm disposéiert);
- E Beleeg, datt ee fir déi éischt 15 Deeg e Logement zur Verfügung huet (Reservatioun vun engem Hotel; wann et eng Privatpersoun ass, en Invitatiounsbréif mat enger Kopie vun der Identitéitskaart);
- Eng Krankeversécherung, déi de ganzen Openthalt couvréiert, an enger Héicht vun 30.000€.
3. WEI KANN EEN SENG DEMANDE FIR DE VISA FIR DE PROGRAMM WORK & TRAVEL FIR AUSTRALIEN AREECHEN:
Lëtzebuerger Staatsbierger mussen hir Demande am Kader vum Programm Work & Travel un déi follgend Adress schécken:
Embassy of Australia in Berlin
Wallstraße 76-79
10179 Berlin, Germany
Tel: +49308800880
E-Mail: info.berlin@dfat.gov.au
Websäit: https://germany.embassy.gov.au/beln/work_and_holiday.html
4. WEIDER INFORMATIOUNEN
- D'Visae fir de Programm Work & Travel gi just u maximum 100 Lëtzebuerger Participante pro Joer ausgestallt.
- D'Participante kréien e Visa fir e laangen Openthalt mat deem ee wärend 12 Méint onbegrenzt an-an ausreese kann. Et gi keng Verlängerungen oder Modifikatioune vun sou engem Visa akzeptéiert.
- D'Participanten däerfen nëmmen an Australien op enger saisonaler Basis schaffen oder fir eng begrenzten Zäit, déi bis zu 6 Méint undauert (Type CDD) fir een oder méi Employeuren wärend der Period vum Visa fir e laangen Openthalt.
- De Besëtzer vum Visa huet kee Recht op Chômage oder Sozialhëllef.