Bilateral Relatiounen a regional Zesummenaarbecht

Bilateral Relatiounen

D'Direktioun fir europäesch Ugeleeënheeten an international wirtschaftlech Bezéiungen (D2), ënnerstëtzt vum diplomateschen a konsulareschen Netzwierk, fërdert d'Entwécklung vun de bilaterale Relatioune mat de Länner vun der Europäescher Unioun, der EFTA, den EU-Bäitrëttskandidaten, souwéi mat Andorra, Monaco, dem Vereenegte Kinnekräich, San Marino an dem Vatikan. Dëst geschitt an enker Zesummenaarbecht mat de zoustännege Ministèren a Vertrieder vum ëffentlechen a private Secteur. D'Direktioun iwwerhëlt déi allgemeng Koordinatioun vun de bilaterale Relatiounen zu de genannte Länner an Ofstëmmung mat den anere ministeriellen Departementer.

D'Direktioun koordinéiert och d'Verhandlungen iwwer international Verträg mat Drëttlänner, an ënnerstëtzt déi zoustänneg Ministèren an de Beräicher Loftfaart, sozial Sécherheet, Schutz a Fërderung vun den Investitiounen, souwéi d'Vermeidung vun der Duebelbesteierung.

Bilateral a groussregional Zesummenaarbecht

No der Formatioun vun der neier Regierung de 17. November 2023 gouf eng Approche ugeholl, déi souwuel bilateral Relatioune mat den Autoritéite vun den Nopeschlänner wéi och multilateral Bezéiungen am Kader vun den Instanze vun der Groussregioun ëmfaasst. Déi zwee Bestanddeeler vun dëser Politik gi vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheete koordinéiert fir d'allgemeng Kohärenz vun der Noperschaftsdiplomatie a der grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht iwwer d'Presidence vum Comité de coordination interministérielle pour la coopération transfrontalière (CICT) ze garantéieren.

An deem Sënn presidéiert d‘Direktioun fir europäesch Ugeleeënheeten an international wirtschaftlech Bezéiungen den Comité de coordination interministérielle pour la coopération transfrontalière (CICT). Dësen ass zoustänneg fir d’Organisatioun vun den interministerielle Concertatiounen tëscht de Ministèren, deenen hir Kompetenzen a Ressourcë besonnesch fir Projeten a wichteg Reuniounen, déi am Kader vun der Noperschaftsdiplomatie virgesi sinn, genotzt ginn. De Comité déngt als interne Forum fir e reegelméissegen Informatiounsaustausch tëscht de ministeriellen Departementer an ass d'Referenzinstrument vun der Gouvernance op interministeriellem Niveau fir eng kohärent grenziwwerschreidend Kooperatiounspolitik z'entwéckelen.

Niewent de bilateral Relatiounen zwëschent Lëtzebuerg an der däitsche Bundesregierung organiséiert Lëtzebuerg am Kader vun de gemeinsame Cabinetssëtzunge bilateral Consultatiounen tëscht dem Saarland a Rheinland-Pfalz.

Mat der Belsch gouf de 25. Juli 1921 d'Konventioun fir d'Grënnung vun der belsch-lëtzebuerger Wirtschaftsunioun (UEBL) ofgeschloss. 1963 goufen d'Bestëmmunge vun der UEBL iwwerschafft fir d'Akraafttriede vun der ECC an dem Benelux ze berécksiichtegen. D'UEBL Konventioun gouf 2002 zu Bréissel geännert, wouduerch Lëtzebuerg an d'Belsch hir Zesummenaarbecht iwwer de wirtschaftlechen a monetäre Beräich eraus ausbaue konnten. Déi erneiert Konventioun gëtt also den néidege Kader fir eng verstäerkt politesch an administrativ Zesummenaarbecht, besonnesch an de Beräicher Douane an Akzisen, Justiz, Biergersécherheet a Gesondheet.

Ee vun den zentrale Mechanisme vun der UEBL ass déi belsch-lëtzebuergesch Verwaltungskommissioun (CABL), déi de Suivi vun den Aarbechte sécherstellt an d'Reuniounen um Ministerniveau virbereet. D'CABL suergt fir t’Zesummenaarbecht tëscht deenen zwou Verwaltungen an ass och un der Virbereedung vu bilaterale Versammlungen, bekannt als „Gäichel“, bedeelegt, bei deenen sech d’Ministeren iwwer d‘bilateral an international Zesummenaarbecht concertéieren.

Lëtzebuerg an t‘belsch federéiert Entitéiten hunn sech och engagéiert fir nei Reuniounsformater op Beamtenniveau ze grënnen. D‘Kooperatiounsofkommes tëscht Lëtzebuerg an der Wallonie goufen am Joer 1999 ofgeschloss, mat der Flämescher Communautéit an der Flämescher Regioun am Joer 2000 an esouwuel mat der Däitschsproocheger Communautéit am Joer 2002.

Mat Frankräich gouf d'Konventioun fir d'Grënnung vun der Commission intergouvernementale pour le renforcement de la coopération transfrontalière franco-luxembourgeoise (CIG) de 26. Januar 2010 ënnerschriwwen. Et ass déi eenzeg Struktur tëscht Lëtzebuerg an engem vu sengen Nopeschlänner op bilateralem tëschestaatlechem Niveau, déi sech exklusiv mat Consultatiounen, Concertatiounen a gemeinsam Aktiounen an der lëtzebuergesch-franséischer Grenzregioun befaasst. D‘CIG Reunioune ginn duerch Reuniounen am Comité de pilotage an den themateschen Aarbechtsgruppe virbereet.

Déi multilateral Zesummenaarbecht an der Groussregioun charakteriséiert sech duerch den Erhalt an d'Entwécklung vu Bezéiunge mat de Partner am Kader vun der institutioneller Zesummenaarbecht vum Sommet vun den Exekutive vun der Groussregioun.

Zënter 1995 bréngt de Sommet vun der Groussregioun all déi exekutiv Vertrieder vun de Partnerregiounen zesummen. Et ass d‘Haaptorgan fir déi institutionell Zesummenaarbecht an der Groussregioun a geréiert hir Gesamtstrategie. D’Presidence wiesselt all zwee Joer tëscht de Partner.

Op Invitatioun vun der aktueller Présidence treffen sech d'Exekutive vum Sommet vun der Groussregioun op d'mannst eemol all zwee Joer. Wärend dëse sougenannte Sommeten adoptéieren si op Konsensbasis eng gemeinsam Deklaratioun, fir den allgemengen Aktiounskader fir d'Kooperatioun ze definéieren an d'Haaptorientéierunge sou wéi d’Haaptinitiativen vun de Politicken, déi zesummen ëmgesat ginn, ze formuléieren.

Ënnerstëtzt gëtt de Sommet vun der Groussregioun vum Collège des Représentants personnels, sou wéi vum Sekretariat vum Sommet vun der Groussregioun, mat Sëtz am Haus vun der Groussregioun zu Esch-Uelzecht.

D‘Haus vun der Groussregioun, dat vu Lëtzebuerg zur Verfügung gestallt gëtt, soll fir all Acteuren an Entitéiten, déi an der grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht aktiv sinn eng Versammlungs, Austausch a Kommunikatiounsplaz sinn.

Benelux

De 5. September 1944 hunn d'Belsch, Holland a Lëtzebuerg d'Zollofkommes zur Schafung vun enger Zollunioun ënnerschriwwen, an der Folleg vum Wärungsofkommes vum 21. Oktober 1943, dat de Wiesselcours tëscht dem belsch-lëtzebuergesche Frang an dem hollännesche Gulden festgeluecht huet. D'Benelux-Zollofkommes ass den 1. Januar 1948 a Kraaft getrueden.

D'Benelux-Wirtschaftsunioun gouf duerch de Vertrag vum 3. Februar 1958 fir eng initial Dauer vun zéng Joer gegrënnt. D'Zil war et, déi wirtschaftlech Zesummenaarbecht tëscht den dräi Länner ze erweideren an ze verdéiwen, andeems si eng gemeinsam Politik an de Beräicher Finanzen a Sozialpolitik verfollegen. De Vertrag zur Grënnung vun der Benelux-Wirtschaftsunioun ass den 1. November 1960 a Kraaft getrueden.

D'Benelux huet eng Pionéierroll bei der Stäerkung vun der europäescher Zesummenaarbecht gespillt. E puer Kooperatiounsberäicher, déi duerch de Vertrag vun 1958 initiéiert goufen, waren sou erfollegräich, datt hir Uwendung den europäeschen Niveau ausgeweit ginn ass. Dëst gëllt besonnesch fir de fräie Persouneverkéier (Schengen), de Bannemaart (Wirtschaftsunioun) an déi polizeilech Zesummenaarbecht.

En vue vum Auslafe vum Vertrag vun 1958 no 50 Joer a fir der Benelux-Zesummenaarbecht eng nei Dynamik ze ginn, gouf de 17. Juni 2008 zu Den Haag d'Ofkommes zur Revisioun vum Vertrag zur Grënnung vun der Benelux-Wirtschaftsunioun ënnerschriwwen. D'Benelux-Zesummenaarbecht konzentréiert sech elo op dräi Haaptthemen: Bannemaart a Wirtschaftsunioun, nohalteg Entwécklung souwéi Justiz a bannenzeg Ugeleeënheeten. De Vertrag ass den 1. Januar 2012 a Kraaft getrueden. Nieft der Weiderféierung vun der Benelux-Zesummenaarbecht als Laboratoire fir Europa, besteet mat deem neie Benelux-Vertrag och d'Méiglechkeet, déi grenziwwergräifend Zesummenaarbecht auszewäiten, andeems Ofkommesse mat anere Staaten oder regionale Gruppéierungen oder och mat Nopeschregiounen oder -Eenheete vum Benelux geschloss ginn.

2022 huet Lëtzebuerg fir déi véierte Kéier d'Presidence vum Ministerkommitee vun der Benelux-Unioun iwwerholl. Dëst Joer gëtt den 10. Anniversaire vun der Erneierung an der Verdéiwung vun dëser beispillhafter Zesummenaarbecht an Europa gefeiert, déi weiderhin eng Virreiderroll als Laboratoire, Modell an Inkubator vun der europäescher Integratioun spillt.

D'Lëtzebuerger Presidence huet sech op déi follgend dräi horizontal Prioritéite konzentréiert:

  • Gestäerkt aus der Pandemie erauskommen
  • Sech fir e gréngt, séchert a konkurrenzfäegt Benelux asetzen
  • Synergië mat de Nopeschregioune fërderen

Méi Informatiounen op: www.benelux.int/de

Technesch Hëllef

D'Direktioun 2 finanzéiert Projeten am Beräich vun der wirtschaftlecher an technescher Hëllef grad souwéi international Formatiounsprojeten a Partnerlänner.

Dës Ënnerstëtzung geschitt duerch den Transfert vu wëssenschaftlechem oder techneschem Wëssen, wat un d'Bedierfnesser vun den Empfängerlänner ugepasst ass.

D'Projete vun der technescher Hëllef ginn an deene Beräicher duerchgefouert an deene Lëtzebuerg spezifesch Kenntnisser huet, wéi zum Beispill Gemeinschaftsrecht, Héichschoulbildung, Fuerschung an Innovatioun, Rechtshëllef an d'Fërderung vun der Demokratie an Transformatiounslänner. D'Auswielkrittäre fir dës Projete stinn an engem direkte Bezuch zu den Aufgabe vun der Direktioun fir europäesch Ugeleeënheeten an international wirtschaftlech Bezéiungen, nämlech d'Stäerkung vun de Relatiounen zu Drëttlänner, déi fir Lëtzebuerg vu wirtschaftlechem Interessi sinn, souwéi d'Verdéiwung vun de Bezéiungen zu europäesche Länner, déi am Bäitrëttsprozess fir an d'EU sinn. Sou dréit Lëtzebuerg, duerch bilateral Projete vun der technescher Hëllef an der Formatioun bei der Ëmsetzung vum "Acquis Communautaire”, dozou bäi, datt d'EU-Bäitrëttskandidaten sech besser integréieren.

D'Projete gi gemeinsam vu lëtzebuergeschen an europäesche Partner duerchgefouert.

D'Formatiounen, déi vum Europäeschen Institut fir ëffentlech Verwaltung (EIPA) ugebuede ginn, ënnerstëtzen d'Beméiunge vun den EU-Bäitrëttskandidate fir d'Iwwerhuele vum "Acquis Communautaire” a sinn esou e Mëttel fir déi bilateral Relatiounen zu dëse Länner ze stäerken, deenen hir Wirtschafte schrëttweis an de Bannemaart integréiert solle ginn. Andeems e seng Erfarungen am Beräich vun der europäescher Integratioun un Drëttlänner weidergëtt, kann de Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel geziilten Hëllef leeschten a gläichzäiteg e positiivt Bild vu Lëtzebuerg als e Land fërderen, dat déif mat den europäesche Wäerter verbonnen ass.

Als Member vum Europarot bedeelegt sech Lëtzebuerg u verschiddene Projete vun der technescher Hëllef. Den Treihandfong fir Mënscherechter bitt eng finanziell Ënnerstëtzung fir Staaten (haaptsächlech Länner aus dem Westbalkan an dem Kaukasus) fir hire Verflichtungen aus der Europäescher Mënscherechtskonventioun an anere Mënscherechtsnormen vum Europarot nozekommen.

Zudeem ënnerstëtzt d'Direktioun och direkt net-staatlech Organisatiounen (NGOs) an de Balkanlänner an an der Tierkei bei Projeten am Zesummenhang mat de Prinzippie vun der Rechtsstaatlechkeet, dem Kampf géint d'Korruptioun, der Upassung un den "Acquis Communautaire” an der Fërderung vun der Gläichstellung vun de Geschlechter.

D'Direktioun 2 gesäit a sengem järleche Budget fir technesch Hëllef och zwee Aarte vu Boursse vir. D'Guillaume-Dupaix-Bourse soll international Studenten unzéien, déi e Masterprogramm un der Universitéit Lëtzebuerg absolvéiere wëllen, oder international Austauschstudenten, déi een oder zwee Semester un der Universitéit Lëtzebuerg studéiere wëllen.

Am Kader vun der Zesummenaarbecht mam EIPA finanzéiert d'Direktioun 2 järlech aacht Master-Studente vum Programm fir Europäesch Studien (MELS Online). Dës Studente ginn aus Beamten, Membere vun der Justiz, Vertrieder vun Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft a juristesche Fachleit aus de follgende Länner ausgewielt: Albanien, Bosnien-Herzegowina, Kosovo, Nordmazedonien, Moldawien, Montenegro, Ukrain, Serbien an Tierkei.

[an error occurred while processing this directive]