Aktualiséiert den
Krich am Iran: D’Lëtzebuerger Regierung préift all Optiounen, fir Rapatriementer ze organiséieren
Am Kader vun der Kris am Noen Oste préift d’Regierung aktuell all Optiounen, fir Flich ze charteren an déi ronn 600 Persounen aus Lëtzebuerg, déi an der Regioun festsëtzen, esou séier wéi méiglech an ënner beschtméigleche Konditiounen zréckzebréngen.
De Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel an de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten hunn zesumme mat alle betraffenen Acteuren an de leschten Deeg verschidde Méiglechkeete fir Rapatriementer identifizéiert, dorënner och Flich, déi vun der Luxair an Ofstëmmung mat der Regierung organiséiert ginn. Dës Flich ginn an de kommende Deeg no an no organiséiert.
An enker Ofstëmmung mat senge Partner, besonnesch mat der Belsch, préift d’Lëtzebuerger Defense iwwerdeems och verschidden Optioune fir Rapatriementer mat Militärfligeren, dorënner den Asaz vum Fliger A400M oder vu Fligere vun der MRTT-Flott.
Doriwwer eraus huet d’Luxair en éischten net-kommerzielle Fliger an der Regioun vun Hurghada an Ägypte stationéiert, deen – jee no Entwécklung vun der Sécherheetslag op der Plaz – fir d’Rapatriementer agesat ka ginn. Aktuell kéint Maskat am Oman den Ausgangspunkt fir Rapatriementsflich sinn.
D’Reiefolleg vun de Rapatriementer gëtt op Basis vun objektive Krittäre festgeluecht a gëtt de betraffene Passagéier matgedeelt. Prioritéit hunn dobäi ënner anerem Famillje mat Kanner a Persoune mat nogewisene Krankheeten. Passagéier, déi virdru vum Service fir Konsularesch Ënnerstëtzung vum Ausseministère kontaktéiert goufen, kënnen déi successiv Flich notzen. All betraffe Persoune ginn an de kommende Stonnen an Deeg no an no vum Service fir Konsularesch Ënnerstëtzung kontaktéiert.
D’Sécherheet vun de Lëtzebuerger Passagéier huet zu all Moment iewescht Prioritéit. Och wann aktuell nach keng Flich confirméiert kënne ginn, ginn déi envisagéiert Optioune permanent un d’Entwécklung vun de Risiken ugepasst an ëmgesat – an enker Ofstëmmung mat der lëtzebuergescher Representatioun sur place, den Acteure vun der Loftfaart an a Kooperatioun mat de lokalen Autoritéiten, déi fir d’Gestioun vum Loftraum responsabel sinn.
Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel