Aktualiséiert den
Op Lëtzebuerg kommen
Lëtzebuerg ass e klengt Land a Westeuropa mat enger Fläch vun 2.586 Quadratkilometer. Et ass ee vun de klengste souveräne Staaten an Europa. Am Januar 2024 huet Lëtzebuerg 672.050 Awunner gezielt, wouduerch et ee vun de mannst bewunnte Länner an Europa ass, mä säi Bevëlkerungswuesstem ass bei wäitem ee vun den héchsten.
D’Auslänner representéieren bal d'Hallschent vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung. Kultur, Bevëlkerung a Sprooche sinn enk mat deene vun hiren Nopere verbonnen, sou datt et am Fong eng Mëschung aus franséischer an däitscher Kultur ass, wat sech och an den dräi offizielle Sprooche vum Land rëmspigelt: Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch. Als representativ Demokratie mat enger konstitutioneller Monarchie gëtt Lëtzebuerg vum Grand-Duc Henri representéiert an ass den eenzege verbleiwende Grand-Duché op der Welt.
Lëtzebuerg ass een entwéckelt Land mat enger fortgeschrattener Ekonomie an ee vun den héchste PIB pro Awunner an der Welt. D’Staat Lëtzebuerg, mat sengen ale Quartieren a Befestegungen, ass 1994 wéinst senger aussergewéinlecher Erhalung vun de wäitleefege Fortifikatioune vun der Alstad zum UNESCO Weltkulturierwen ernannt ginn.
Lëtzebuerg ass eent vun de féierende Länner vun der Grënnung vun der Europäescher Unioun.
Australesch Staatsbierger
Demande fir ee laangfristege Working Holiday Visa fir Lëtzebuerg
1. D’KANDIDATEN SINN ELIGIBEL WA SI DÉI FOLLGEND KONDITIOUNEN ERFËLLEN:
- zum Zäitpunkt vun der Areechung vun der Demande tëscht uechtzéng (18) an drësseg (30) Joer al sinn;
- e gültegen australesche Pass besetzen;
- net vun enger ënnerhaltsberechteger Persoun (z.B. en ënnerhaltsberechtegt Kand) begleet sinn;
- iwwer genuch finanziell Mëttel verfüge fir sech op der Plaz kënne selwer ze versuergen (min. 2.500 €);
- iwwer genuch finanziell Mëttel verfüge fir sech een Aller-Retour Fligerticket kënnen ze kafen;
- d‘Gesondheetskritäre erfëlle fir de Certificat médical ausgestallt ze kréien;
- am Besetz vun engem Casier judiciare vierge sinn;
- bis elo nach net um Working Holiday Programm fir Lëtzebuerg deelgeholl hunn.
2. OBLIGATORESCH DOKUMENTER DÉI BEI DER DEMANDE RANZEREECHE SINN:
- 1 ausgefëllten an ënnerschriwwene Formular („formulaire de demande de visa long séjour type D“);
- 2 rezent Passfotoen déi den OACI Normen entspriechen;
- E Pass, dee minimum 15 Méint ab deen Datum vun der Ausstellung vum Visa gëlteg ass;
- Noweis vum Bezuele vun de Käschte betreffend der Visa Demande;
- Casier judiciaire vierge, dee manner wéi 3 Méint al ass;
- Ee Certificat médical ausgestallt vun engem Dokter deen e gudde Gesondheetszoustand confirméiert;
- Kopie vum Uni Diplom an eng „lettre de soutien“ ausgestallt vun der zoustänneger Regierung;
- D’Reservatioun vum Aller-Retour Billjee oder de Beweis, iwwer genuch finanziell Mëttel ze verfüge fir sech esou ee kënnen ze kafen;
- En ënnerschriwwene Motivatiounsbréif op Franséisch, Englesch oder Däitsch;
- En CV op Franséisch, Englesch oder Däitsch;
- E Noweis vum Besëtz vun den neidesche Ressourcen, equivalent oder méi wéi 2.500€ (Relevé bancaire oder en Nottärsakt, dee beweist dës Zomm ze besetzen);
- E Noweis vun engem Logement fir déi éischt 15 Deeg (Hotel Reservatioun, oder och een Aluedungsbréif vun enger Privatpersoun mat der Kopie vun enger Piècë d‘identité);
- Eng Krankeversécherung, déi de ganzen Openthalt couvréiert, mat enger Héicht vun 30.000€.
3. Areeche vun enger Visasdemande fir de Working Holiday Programme fir Lëtzebuerg
Den Australesche Bierger muss seng Demande fir e Visa vun der Kategorie D am Kader vum Working Holiday Programme bei der belscher Ambassade zu Canberra areechen. D’Demande gëtt vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel – Visa, Légalisatioun a Passbüro analyséiert. D’ Äntwert gëtt innerhalb vun 30 Deeg un déi Belsch diplomatesch Missioun, déi Lëtzebuerg representéiert, iwwermëttelt.
Belsch Ambassade zu Canberra
19 Arkana Street, Yarralumla ACT 2600
Australien
Telefon: +61.(0)2 6273 2501
Fax: +61.(0)2 6273 3392
E-mail: canberra@diplobel.fed.be
4. Weider Informatiounen
- Pro Joer ass eng Quot vu maximum 100 Visae festgehale ginn déi am Kader fir de Working Holiday Programm un Australesch Participanten ausgestallt kënne ginn;
- Déi Australesch Participante kréien e laangfristege Visa mat Multipel Entréeë fir eng Period vun 12 Méint ausgestallt. Eng Verlängerung oder Modifikatioun vum dem Visa gëtt net autoriséiert.
- Participanten dierfe wärend der Gëltegkeetsdauer vum laangfristege Visa bei engem oder méi Employeuren temporär beschäftegt sinn.
- De Beneficiaire vum dem Visa huet kee Recht op Chômage souwéi och net op Sozialhëllef.
- D’ Beneficiairë vum Working Holiday Visa si vun der Obligatioun fir eng Demande fir en titre de séjour bei der Generaldirektioun fir Immigratioun unzefroen ausgeschloss. De laangfristege Visa erlaabt engem ouni weider Formalitéiten op Basis vun engem Kontrakt vun fester Dauer (Type CDD) zu Lëtzebuerg ze schaffen.
- Fir all weider Froen an zousätzlech Informatiounen, kënnen Demandeuren an och Employeuren, eng Email un den service.visas@mae.etat.lu schécken.
Neiséilännesch Staatsbierger
Demande fir ee laangfristege Working Holiday Visa fir Lëtzebuerg
1. D’KANDIDATEN SINN ELIGIBEL WA SI DÉI FOLLGEND KONDITIOUNEN ERFËLLEN:
- tëscht uechtzéng (18) an drësseg (30) Joer al sinn, wann d’Demande agereecht gëtt;
- e gültegen neiséilännesche Pass besetzen;
- net vun enger ënnerhaltsberechteger Persoun (z.B. en ënnerhaltzsberechtegt Kand) begleet sinn;
- iwwer genuch finanziell Mëttel verfüge fir sech op der Plaz kënne selwer ze versuergen (min. 2.500 €);
- iwwer genuch finanziell Mëttel verfüge fir sech een Aller-Retour Fligerticket kënnen ze kafen;
- d‘Gesondheetskritäre erfëlle fir de Certificat médical ausgestallt ze kréien;
- am Besetz vun engem Casier judiciare vierge sinn;
- bis elo nach net um Working Holiday Programm fir Lëtzebuerg deelgeholl hunn.
2. OBLIGATORESCH DOKUMENTER DÉI BEI DER DEMANDE RANZEREECHE SINN:
- 1 ausgefëllten an ënnerschriwwene Formular („formulaire de demande de visa long séjour type D“);
- 2 rezent Passfotoen déi den OACI Normen entspriechen;
- E Pass, dee minimum 15 Méint ab deen Datum vun der Ausstellung vum Visa gëlteg ass;
- Noweis vum Bezuele vun de Käschte betreffend der Visa Demande;
- Casier judiciaire vierge, dee manner wéi 3 Méint al ass;
- Ee Certificat médical ausgestallt vun engem Dokter deen e gudde Gesondheetszoustand confirméiert;
- Kopie vum Uni Diplom an eng „lettre de soutien“ ausgestallt vun der zoustänneger Regierung;
- D’Reservatioun vum Aller-Retour Billjee oder de Beweis, iwwer genuch finanziell Mëttel ze verfüge fir sech esou ee kënnen ze kafen;
- En ënnerschriwwene Motivatiounsbréif op Franséisch, Englesch oder Däitsch;
- En CV op Däitsch, Englesch oder Franséisch;
- E Noweis vum Besëtz vun den neidesche Ressourcen, equivalent oder méi wéi 2.500€ (Relevé bancaire oder en Nottärsakt, dee beweist dës Zomm ze besetzen);
- E Noweis vun engem Logement fir déi éischt 15 Deeg (Hotel Reservatioun, oder och een Aluedungsbréif vun enger Privatpersoun mat der Kopie vun enger Piècë d‘identité);
- Eng Krankeversécherung, déi de ganzen Openthalt couvréiert, vun enger Héicht vun 30.000€.
3. Areeche vun enger Visasdemande fir de Working Holiday Programme fir Lëtzebuerg
Den Néiséilännesche Bierger muss seng Demande fir e Visa vun der Kategorie D am Kader vum Working Holiday Programme bei der belscher Ambassade zu Canberra, Australien, areechen. D’Demande gëtt vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel – Visa, Légalisatioun a Passbüro ënnersicht. D’ Äntwert gëtt innerhalb vun 30 Deeg un déi Belsch diplomatesch Missioun, déi Lëtzebuerg representéiert, iwwergin.
Belsch Ambassade zu Canberra
19 Arkana Street, Yarralumla ACT 2600
Australien
Telefon: +61.(0)2 6273 2501
Fax: +61.(0)2 6273 3392
E-mail: canberra@diplobel.fed.be
4. Weider Informatiounen
- Pro Joer ass eng Quot vu maximum 50 Visae festgehale ginn déi am Kader fir de Working Holiday Programm un Neiséilännesch Participanten ausgestallt kënne ginn;
- Déi Neiséilännesch Participante kréien e laangfristege Visa mat Multipel Entréeë fir eng Period vun 12 Méint ausgestallt. Eng Verlängerung oder Modifikatioun vum dem Visa gëtt net autoriséiert.
- Participanten dierfe wärend der Gëltegkeetsdauer vum laangfristege Visa bei engem oder méi Employeuren temporär beschäftegt sinn.
- De Beneficiaire vum dem Visa huet kee Recht op Chômage souwéi och net op Sozialhëllef.
- D’ Beneficiairë vum Working Holiday Visa si vun der Obligatioun fir eng Demande fir en titre de séjour bei der Generaldirektioun fir Immigratioun unzefroen ausgeschloss. De laangfristege Visa erlaabt engem ouni weider Formalitéiten op Basis vun engem Kontrakt vun fester Dauer (Type CDD) zu Lëtzebuerg ze schaffen.
- Fir all weider Froen an zousätzlech Informatiounen, kënnen Demandeuren an och Employeuren, eng Email un den service.visas@mae.etat.lu schécken.
Taiwaneesesch Staatsbierger
Demande fir ee laangfristege Working Holiday Visa fir Lëtzebuerg
1. D’KANDIDATEN SINN ELIGIBEL WA SI DÉI FOLLGEND KONDITIOUNEN ERFËLLEN:
- tëscht uechtzéng (18) an fënnefandrësseg (35) Joer al sinn, wann d’Demande agereecht gëtt;
- Ressortissant vun Taiwan mat permanenter Residenz zu Taiwan sinn;
- e gültegen taiwaneesesche Pass besetzen;
- net vun enger ënnerhaltsberechteger Persoun (z.B. en ënnerhaltzsberechtegt Kand) begleet sinn;
- iwwer genuch finanziell Mëttel verfüge fir sech op der Plaz kënne selwer ze versuergen (min. 2.500 €);
- iwwer genuch finanziell Mëttel verfüge fir sech een Aller-Retour Fligerticket kënnen ze kafen;
- d‘Gesondheetskritäre erfëlle fir de Certificat médical ausgestallt ze kréien;
- am Besetz vun engem Casier judiciare vierge sinn;
- bis elo nach net um Working Holiday Programm fir Lëtzebuerg deelgeholl hunn.
- De Kandidat muss seng Demande perséinlech ofginn (nëmme mat Rendez-vous).
2. OBLIGATORESCH DOKUMENTER DÉI BEI DER DEMANDE RANZEREECHE SINN:
- 1 ausgefëllten an ënnerschriwwene Formular („formulaire de demande de visa long séjour type D“);
- 1 rezent Passfoto déi den OACI Normen entsprëcht;
- Pass mat der Identitéitsnummer vum Titulaire, dee minimum 15 Méint ab deen Datum vun der Ausstellung vum Visa gëlteg ass;
- Noweis vum Bezuele vun de Käschte betreffend der Visa Demande;
- E beglaubegte Certificat vun der Bonne Conduite;
- E Certificat médical deen entweder vun engem vum Luxembourg Trade and Investment Office Taipei akkreditéierte Spidol oder vun all anere Spidol ausgestallt gëtt. Am leschte Fall muss de Certificat médical offiziell beglaubegt ginn;
- D’Reservatioun vum Aller-Retour Billjee oder de Beweis, iwwer genuch finanziell Mëttel ze verfüge fir sech esou ee kënnen ze kafen;
- En ënnerschriwwene Motivatiounsbréif op Franséisch, Englesch oder Däitsch;
- En CV op Däitsch, Englesch oder Franséisch;
- E Noweis vum Besëtz vun den neidesche Ressourcen equivalent, oder méi wéi 2.500€ (Relevé bancaire oder en Nottärsakt, dee beweist dës Zomm ze besetzen);
- E Noweis vun engem Logement fir déi éischt 15 Deeg (Hotel Reservatioun, oder och een Aluedungsbréif vun enger Privatpersoun mat der Kopie vun enger Piècë d‘identité);
- Eng "All-Risiko"-Versécherung valabel fir d'Dauer vum Openhalt déi och Aarbechtsaccidenter, Gesondheetsversuergung, dorënner medezinesch Käschten, Hospitalisatioun a Retourreesen (Ofgeschloss nodeems Är Visa Demande guttgeheescht gouf) deckt. Eng Kopie vun der taiwaneesescher Gesondheetsversécherungskaart souwéi en englesche Versécherungs- Zertifikat déi d‘Participatioun un dem Taiwan National Health Insurance Programm beweist.
3. Areeche vun enger Visasdemande fir de Working Holiday Programme fir Lëtzebuerg
Taiwaneesesch Staatsbierger mussen eng E-Mail mat engem ënnerschriwwene Motivatiounsbréif an CV un de Luxembourg Trade and Investment Office Taipei schécken fir en Interview ze plangen. Am Interview gëtt gepréift, ob de Kandidat genuch Kenntnisser vun enger vun den nationale Sprooche vu Lëtzebuerg (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch) oder Englesch huet. Wann den Interview erfollegräich ass an all obligatoresche Dokumenter perséinlech presentéiert ginn, gëtt de Visa bannent engem Mount vun der kompletter Demande veraarbecht.
Luxembourg Trade and Investment Office Taipei
Suite 1812, 18. Stack, Nr 333, Sec. 1 Keelung Road
Taipei 11012
Taiwan
Telefon: +886 2 2757 6007
E-mail: ltio.taipei@mae.etat.lu
Websäit: https://www.investinluxembourg.tw/working-holiday-exchange-program/
4. Weider Informatiounen
- Pro Joer ass eng Quot vu maximum 40 Visae festgehale ginn déi am Kader fir de Working Holiday Programm un Taiwaneesesch Participanten ausgestallt kënne ginn;
- Déi Taiwaneesesch Participante kréien e laangfristege Visa mat Multipel Entréeë fir eng Period vun 12 Méint ausgestallt. Eng Verlängerung oder Modifikatioun vum dem Visa gëtt net autoriséiert.
- Participanten dierfe wärend der Gëltegkeetsdauer vum laangfristege Visa bei engem oder méi Employeuren temporär beschäftegt sinn.
- De Beneficiaire vum dem Visa huet kee Recht op Chômage souwéi och net op Sozialhëllef.
- D’ Beneficiairë vum Working Holiday Visa si vun der Obligatioun fir eng Demande fir en titre de séjour bei der Generaldirektioun fir Immigratioun unzefroen ausgeschloss. De laangfristege Visa erlaabt engem ouni weider Formalitéiten op Basis vun engem Kontrakt vun fester Dauer (Type CDD) zu Lëtzebuerg ze schaffen.
- Fir all weider Froen an zousätzlech Informatiounen, kënnen Demandeuren an och Employeuren, eng Email un den service.visas@mae.etat.lu schécken.
Kanadesch Staatsbierger
Demande fir ee laangfristege Working Holiday Visa fir Lëtzebuerg
1. D’KANDIDATEN SINN ELIGIBEL WA SI DÉI FOLLGEND KONDITIOUNEN ERFËLLEN:
- tëscht uechtzéng (18) an fënnefandrësseg (35) Joer al sinn, wann d’Demande agereecht gëtt;
- e gültegen kanadesche Pass besetzen;
- net vun enger ënnerhaltsberechteger Persoun (z.B. en ënnerhaltzsberechtegt Kand) begleet sinn;
- iwwer genuch finanziell Mëttel verfüge fir sech op der Plaz kënne selwer ze versuergen (min. 2.500 €);
- iwwer genuch finanziell Mëttel verfüge fir sech een Aller-Retour Fligerticket kënnen ze kafen;
- d‘Gesondheetskritäre erfëlle fir de Certificat médical ausgestallt ze kréien;
- am Besetz vun engem Casier judiciare vierge sinn;
- bis elo nach net um Working Holiday Programm fir Lëtzebuerg deelgeholl hunn.
Och berechtegt fir den Working Holiday Programm mat Kanada:
- Universitéitsstudenten, déi e Stage an enger Firma zu Lëtzebuerg maachen, wa se eng virdrun ofgeschlossene Convention de stage hunn.
- Karriärstarter mat virausgemaachte Aarbechtskontrakter déi net méi wéi ee Joer daueren.
2. OBLIGATORESCH DOKUMENTER DÉI BEI DER DEMANDE RANZEREECHE SINN:
- 1 ausgefëllten an ënnerschriwwene Formular („formulaire de demande de visa long séjour type D“);
- 2 rezent Passfotoen déi den OACI Normen entspriechen;
- E Pass, dee minimum 15 Méint ab deen Datum vun der Ausstellung vum Visa gëlteg ass;
- Noweis vum Bezuele vun de Käschte betreffend der Visa Demande;
- Eng polizeilech Iwerpréifung ausgestallt vum RCMP mat Policestempel de bannent de leschte 6 Méint ausgestallt gouf;
- Certificat médical augestallt bannent de leschte sechs Méint;
- D’Reservatioun vum Aller-Retour Billjee oder de Beweis, iwwer genuch finanziell Mëttel ze verfüge fir sech esou ee kënnen ze kafen;
- En ënnerschriwwene Motivatiounsbréif op Franséisch, Englesch oder Däitsch;
- en CV op Däitsch, Englesch oder Franséisch;
- E Noweis vum Besëtz vun den neidesche Ressourcen, equivalent oder méi wéi 2.500€ (Relevé bancaire oder en Nottärsakt, dee beweist dës Zomm ze besetzen);
- E Noweis vun engem Logement fir déi éischt 15 Deeg (Hotel Reservatioun, oder och een Aluedungsbréif vun enger Privatpersoun mat der Kopie vun enger Piècë d‘identité);
- Eng Krankeversécherung, déi de ganzen Openthalt couvréiert, vun enger Héicht vun 30.000€.
- Falls zoutreffend: eng Convention de Stage oder Aarbechtskontrakt.
3. Areeche vun enger Visasdemande fir de Working Holiday Programme fir Lëtzebuerg
Den Kanadesche Bierger muss seng Demande fir e Visa vun der Kategorie D am Kader vum Working Holiday Programme am Consulat général vun der Belsch zu Montreal areechen. D’Demande gëtt vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel – Visa, Légalisatioun a Passbüro ënnersicht. D’ Äntwert gëtt innerhalb vun 30 Deeg un déi Belsch diplomatesch Missioun, déi Lëtzebuerg representéiert, iwwergin.
Consulat général vun der Belsch zu Montréal
1000 Sherbrook Street West - Bureau 1400
H3A 3G4 Montréal (Québec)
Kanada
Telefon: +1 514 849 73 94 / +1 514 236 54 02
E-mail: Montreal@diplobel.fed.be / montreal.visa@diplobel.fed.be
Websäit: https://canada.diplomatie.belgium.be/en/visa/vis-luxembourg/working-holiday-program-whp
4. Weider Informatiounen
- Pro Joer ass eng Quot vu maximum 100 Visae festgehale ginn déi am Kader fir de Working Holiday Programm un Kanadesch Participanten ausgestallt kënne ginn.
- D’Kanadesch Participante kréien e laangfristege Visa mat Multiple-Entrée fir eng Period vun 12 Méint. Et gi keng Verlängerunge oder Modifikatioune vum Visa gemach.
- D'Participanten kënnen eng temporär Arbescht mat engem oder méi Patronen hunn an der Period fir déi de laangfristege Visa valabel ass.
- De Besetzer vum Visa huet kee Recht op Chômage an op keng Sozialhëllef.
- D’Beneficiaire vum Working Holiday Visa si vun der Obligatioun eng Demande fir en titre de séjour bei der Generaldirektioun fir Immigratioun unzefroen ausgeschloss. De laangfristege Visa erlaabt et ouni weider Formalitéiten op Basis vun engem Kontrakt vun determinéierter Dauer (Type CDD) zu Lëtzebuerg ze schaffen.
- Fir all weider Froen an zousätzlech Informatiounen, kënnen Demandeuren an och Employeuren, eng Email un den service.visas@mae.etat.lu schécken.
Chileenesch Staatsbierger
Demande fir ee laangfristege Working Holiday Visa fir Lëtzebuerg
1. D’KANDIDATEN SINN ELIGIBEL WA SI DÉI FOLLGEND KONDITIOUNEN ERFËLLEN:
- tëscht uechtzéng (18) an fënnefandrësseg (35) Joer al sinn, wann d’Demande agereecht gëtt;
- e gültegen kanadesche Pass besetzen;
- net vun enger ënnerhaltsberechteger Persoun (z.B. en ënnerhaltzsberechtegt Kand) begleet sinn;
- iwwer genuch finanziell Mëttel verfüge fir sech op der Plaz kënne selwer ze versuergen (min. 2.500 €);
- iwwer genuch finanziell Mëttel verfüge fir sech een Aller-Retour Fligerticket kënnen ze kafen;
- d‘Gesondheetskritäre erfëlle fir de Certificat médical ausgestallt ze kréien;
- am Besetz vun engem Casier judiciare vierge sinn;
- bis elo nach net um Working Holiday Programm fir Lëtzebuerg deelgeholl hunn.
2. OBLIGATORESCH DOKUMENTER DÉI BEI DER DEMANDE RANZEREECHE SINN:
- 1 ausgefëllten an ënnerschriwwene Formular („formulaire de demande de visa long séjour type D“);
- 2 rezent Passfotoen déi den OACI Normen entspriechen;
- E Pass, dee minimum 15 Méint ab deen Datum vun der Ausstellung vum Visa gëlteg ass;
- Noweis vum Bezuele vun de Käschte betreffend der Visa Demande;
- Certificat d'antécédents spéciaux, mat enger Apostille an Iwwersetzung, de bannent de leschten 3 Méint ausgestallt ginn ass;
- Certificat médical ausgestallt am Chile vun engem zertifiéierten Dokter vun der belscher Botschaft;
- D’Reservatioun vum Aller-Retour Billjee oder de Beweis, iwwer genuch finanziell Mëttel ze verfüge fir sech esou ee kënnen ze kafen;
- En ënnerschriwwene Motivatiounsbréif op Franséisch, Englesch oder Däitsch;
- en CV op Däitsch, Englesch oder Franséisch;
- E Noweis vum Besëtz vun den neidesche Ressourcen, equivalent oder méi wéi 2.500€ (Relevé bancaire oder en Nottärsakt, dee beweist dës Zomm ze besetzen);
- E Noweis vun engem Logement fir déi éischt 15 Deeg (Hotel Reservatioun, oder och een Aluedungsbréif vun enger Privatpersoun mat der Kopie vun enger Piècë d‘identité);
- Eng Krankeversécherung, déi de ganzen Openthalt couvréiert, vun enger Héicht vun 30.000€.
3. Areeche vun enger Visasdemande fir de Working Holiday Programme fir Lëtzebuerg
Den Chileneesch Bierger muss seng Demande fir e Visa vun der Kategorie D am Kader vum Working Holiday Programme bei der belscher Ambassade zu Santiago areechen. D’Demande gëtt vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel – Visa, Légalisatioun a Passbüro ënnersicht. D’ Äntwert gëtt innerhalb vun 30 Deeg un déi Belsch diplomatesch Missioun, déi Lëtzebuerg representéiert, iwwergin.
Ambassade vun der Belsch zu Santiago
Forum Building - Avenida Providencia 2653, 11. Stock - Büro 1103
Providencia, Metropolitan Region Santiago
Chile
Telefon: +56 2 269 404 404 00
E-mail: Santiago@diplobel.fed.be
Websäit: https://chile.diplomatie.belgium.be/fr/venir-au-luxembourg
4. Weider Informatiounen
- Pro Joer ass eng Quot vu maximum 100 Visae festgehale ginn déi am Kader fir de Working Holiday Programm un Chileneesch Participanten ausgestallt kënne ginn;
- Déi Chileneesch Participante kréien e laangfristege Visa mat Multipel Entréeë fir eng Period vun 12 Méint ausgestallt. Eng Verlängerung oder Modifikatioun vum dem Visa gëtt net autoriséiert.
- Participanten dierfe wärend der Gëltegkeetsdauer vum laangfristege Visa bei engem oder méi Employeuren temporär beschäftegt sinn.
- De Beneficiaire vum dem Visa huet kee Recht op Chômage souwéi och net op Sozialhëllef.
- D’ Beneficiairë vum Working Holiday Visa si vun der Obligatioun fir eng Demande fir en titre de séjour bei der Generaldirektioun fir Immigratioun unzefroen ausgeschloss. De laangfristege Visa erlaabt engem ouni weider Formalitéiten op Basis vun engem Kontrakt vun fester Dauer (Type CDD) zu Lëtzebuerg ze schaffen.
- Fir all weider Froen an zousätzlech Informatiounen, kënnen Demandeuren an och Employeuren, eng Email un den service.visas@mae.etat.lu schécken.
Japanesch Staatsbierger
Demande fir ee laangfristege Working Holiday Visa fir Lëtzebuerg
1. D’KANDIDATEN SINN ELIGIBEL WA SI DÉI FOLLGEND KONDITIOUNEN ERFËLLEN:
- tëscht uechtzéng (18) an drësseg (30) Joer al sinn, wann d’Demande agereecht gëtt;
- e gültegen japanesch Pass besetzen;
- net vun enger ënnerhaltsberechteger Persoun (z.B. en ënnerhaltzsberechtegt Kand) begleet sinn;
- iwwer genuch finanziell Mëttel verfüge fir sech op der Plaz kënne selwer ze versuergen (min. 2.500 €);
- iwwer genuch finanziell Mëttel verfüge fir sech een Aller-Retour Fligerticket kënnen ze kafen;
- d‘Gesondheetskritäre erfëlle fir de Certificat médical ausgestallt ze kréien;
- am Besetz vun engem Casier judiciare vierge sinn;
- bis elo nach net um Working Holiday Programm fir Lëtzebuerg deelgeholl hunn.
2. OBLIGATORESCH DOKUMENTER DÉI BEI DER DEMANDE RANZEREECHE SINN:
- 1 ausgefëllten an ënnerschriwwene Formular („formulaire de demande de visa long séjour type D“);
- 2 rezent Passfotoen déi den OACI Normen entspriechen;
- E Pass, dee minimum 15 Méint ab deen Datum vun der Ausstellung vum Visa gëlteg ass;
- Casier judiciaire vierge, dee manner wéi 3 Méint al ass;
- Certificat médical, dee manner wéi 3 Méint al ass;
- D’Reservatioun vum Aller-Retour Billjee oder de Beweis, iwwer genuch finanziell Mëttel ze verfüge fir sech esou ee kënnen ze kafen;
- En ënnerschriwwene Motivatiounsbréif op Franséisch, Englesch oder Däitsch;
- en CV op Däitsch, Englesch oder Franséisch;
- E Noweis vum Besëtz vun den neidesche Ressourcen, equivalent oder méi wéi 2.500€ (Relevé bancaire oder en Nottärsakt, dee beweist dës Zomm ze besetzen);
- E Noweis vun engem Logement fir déi éischt 15 Deeg (Hotel Reservatioun, oder och een Aluedungsbréif vun enger Privatpersoun mat der Kopie vun enger Piècë d‘identité);
- Eng Krankeversécherung, déi de ganzen Openthalt couvréiert, vun enger Héicht vun 30.000€.
3. Areeche vun enger Visasdemande fir de Working Holiday Programme fir Lëtzebuerg
Den Japanesch Bierger muss seng Demande fir e Visa vun der Kategorie D am Kader vum Working Holiday Programme bei der Ambassade vu Lëtzebuerg zu Tokyo areechen. D’Demande gëtt vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel – Visa, Légalisatioun a Passbüro ënnersicht.
Ambassade vu Lëtzebuerg zu Tokyo
Luxembourg House 1F
8-9 Yonbancho Chiyoda-Ku
Tokyo, 102-0081
Japan
Telefon: +81-3-3265-9621
E-mail: consulartokyo.amb@mae.etat.lu
Websäit: https://tokyo.mae.lu/en/service_citoyens/work-travel/arrivee-luxembourg.html
4. Weider Informatiounen
- Pro Joer ass eng Quot vu maximum 100 Visae festgehale ginn déi am Kader fir de Working Holiday Programm un Japanesch Participanten gratis ausgestallt kënne ginn;
- Déi Japanesch Participante kréien e laangfristege Visa mat Multipel Entréeë fir eng Period vun 12 Méint ausgestallt. Eng Verlängerung oder Modifikatioun vum dem Visa gëtt net autoriséiert.
- Participanten dierfe wärend der Gëltegkeetsdauer vum laangfristege Visa bei engem oder méi Employeuren temporär beschäftegt sinn.
- De Beneficiaire vum dem Visa huet kee Recht op Chômage souwéi och net op Sozialhëllef.
- D’ Beneficiairë vum Working Holiday Visa si vun der Obligatioun fir eng Demande fir en titre de séjour bei der Generaldirektioun fir Immigratioun unzefroen ausgeschloss. De laangfristege Visa erlaabt engem ouni weider Formalitéiten op Basis vun engem Kontrakt vun fester Dauer (Type CDD) zu Lëtzebuerg ze schaffen.
- Fir all weider Froen an zousätzlech Informatiounen, kënnen Demandeuren an och Employeuren, eng Email un den service.visas@mae.etat.lu schécken.
Südkoreanesch Staatsbierger
Demande fir ee laangfristege Working Holiday Visa fir Lëtzebuerg
1. D’KANDIDATEN SINN ELIGIBEL WA SI DÉI FOLLGEND KONDITIOUNEN ERFËLLEN:
- tëscht uechtzéng (18) an fënnefandrësseg (35) Joer al sinn, wann d’Demande agereecht gëtt;
- e gültegen südkoreanesch Pass besetzen;
- net vun enger ënnerhaltsberechteger Persoun (z.B. en ënnerhaltzsberechtegt Kand) begleet sinn;
- iwwer genuch finanziell Mëttel verfüge fir sech op der Plaz kënne selwer ze versuergen (min. 2.500 €);
- iwwer genuch finanziell Mëttel verfüge fir sech een Aller-Retour Fligerticket kënnen ze kafen;
- d‘Gesondheetskritäre erfëlle fir de Certificat médical ausgestallt ze kréien;
- am Besetz vun engem Casier judiciare vierge sinn;
- bis elo nach net um Working Holiday Programm fir Lëtzebuerg deelgeholl hunn.
2. OBLIGATORESCH DOKUMENTER DÉI BEI DER DEMANDE RANZEREECHE SINN:
- 1 ausgefëllten an ënnerschriwwene Formular („formulaire de demande de visa long séjour type D“);
- 2 rezent Passfotoen déi den OACI Normen entspriechen;
- E Pass, dee minimum 15 Méint ab deen Datum vun der Ausstellung vum Visa gëlteg ass;
- Noweis vum Bezuele vun de Käschte betreffend der Visa Demande;
- Casier judiciaire vierge, dee manner wéi 3 Méint al ass;
- Certificat médical, dee manner wéi 3 Méint al ass;
- D’Reservatioun vum Aller-Retour Billjee oder de Beweis, iwwer genuch finanziell Mëttel ze verfüge fir sech esou ee kënnen ze kafen;
- En ënnerschriwwene Motivatiounsbréif op Franséisch, Englesch oder Däitsch;
- En CV op Däitsch, Englesch oder Franséisch;
- E Noweis vum Besëtz vun den neidesche Ressourcen, equivalent oder méi wéi 2.500€ (Relevé bancaire oder en Nottärsakt, dee beweist dës Zomm ze besetzen);
- E Noweis vun engem Logement fir déi éischt 15 Deeg (Hotel Reservatioun, oder och een Aluedungsbréif vun enger Privatpersoun mat der Kopie vun enger Piècë d‘identité);
- Eng Krankeversécherung, déi de ganzen Openthalt couvréiert, vun enger Héicht vun 30.000€.
3. Areeche vun enger Visasdemande fir de Working Holiday Programme fir Lëtzebuerg
Den Südkoreanesche Bierger muss seng Demande fir e Visa vun der Kategorie D am Kader vum Working Holiday Programme bei der belscher Ambassade zu Seoul areechen. D’Demande gëtt vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel – Visa, Légalisatioun a Passbüro ënnersicht. D’ Äntwert gëtt innerhalb vun 30 Deeg un déi Belsch diplomatesch Missioun, déi Lëtzebuerg representéiert, iwwergin.
Ambassade vun der Belsch zu Seoul
Itaewon-ro 45 Gil 23 Yongsan-gu Seoul
Südkorea
Telefon: 02-749-0381 ~4
Fax: 02-797-1688
E-mail: consular.seoul@diplobel.fed.be
Websäit: https://republicofkorea.diplomatie.belgium.be/en/working-holiday-luxembourg
4. Weider Informatiounen
- Pro Joer ass eng Quot vu maximum 100 Visae festgehale ginn déi am Kader fir de Working Holiday Programm un Südkoreanesch Participanten ausgestallt kënne ginn;
- D’Südkoreanesch Participante kréien e laangfristege Visa mat Multipel Entréeë fir eng Period vun 12 Méint ausgestallt. Eng Verlängerung oder Modifikatioun vum dem Visa gëtt net autoriséiert.
- Participanten dierfe wärend der Gëltegkeetsdauer vum laangfristege Visa bei engem oder méi Employeuren temporär beschäftegt sinn.
- De Beneficiaire vum dem Visa huet kee Recht op Chômage souwéi och net op Sozialhëllef.
- D’ Beneficiairë vum Working Holiday Visa si vun der Obligatioun fir eng Demande fir en titre de séjour bei der Generaldirektioun fir Immigratioun unzefroen ausgeschloss. De laangfristege Visa erlaabt engem ouni weider Formalitéiten op Basis vun engem Kontrakt vun fester Dauer (Type CDD) zu Lëtzebuerg ze schaffen.
- Fir all weider Froen an zousätzlech Informatiounen, kënnen Demandeuren an och Employeuren, eng Email un den service.visas@mae.etat.lu schécken.
Prozeduren, déi ee bei der Arrivée um Lëtzebuerger Territoire muss anhalen
D’Beneficiaire vun engem Visa am Kader vum Working Holiday Programm mussen sech bei hirer Wunngemeng zu Lëtzebuerg aschreiwe fir eng „déclaration d’arrivée“ souwéi en „certificat de résidence“ ausgestallt ze kréie fir eng temporär Umeldung fir d’Dauer vum Visa ze bewëllegen.
D’Beneficiaire vum Working Holiday Visa si vun der Obligatioun, eng Demande fir en “titre de séjour » bei der Immigratiounsdirektioun unzefroen, ausgeschloss. De laangwierege Visa erlaabt et dem Jonken, ouni weider Formalitéiten op Basis vun engem Kontrakt vu fester Dauer (CDD) zu Lëtzebuerg ze schaffen.
De Beneficiaire vum Visa muss Ier e Lëtzebuerg verléisst, bei senger Wunngemeng virstelleg ginn fir eng „déclaration de départ“ unzefroen.
Fir weider Informatiounen oder am Fall fir eng Assistancë ze froen, kontaktéiert w.e.g. den: service.visas@mae.etat.lu.