Stagen a Programmer fir jonk Leit

Stagen

D'Institutiounen, Organer an Agencë vun der Europäescher Unioun bidde Stagen a verschiddenen Aktivitéitsberäicher un. Hei solle jonk Leit d'Méiglechkeet kréien,  d'Aarbechtsweis vun der EU kennenzeléieren, an hir berufflech Fäegkeeten an engem eenzegaartegen a belounende Kader z'entwéckelen.

Déi follgend Lëscht ëmfaasst eng Auswiel u Stage-Plazen, déi vun de verschiddenen europäeschen Institutiounen ugebuede ginn. Eng komplett Lëscht ass op der EPSO- Websäit verfügbar.

© European Union, 2021

Europäesch Kommissioun

D'Europäesch Kommissioun bitt zweemol am Joer ronn 1.000 bezuelte 5- Méint-Stagen un. Wärend de Stagen, déi den 1. Mäerz oder 1. Oktober ufänken, kréien dës sougenannten "Blue Book"-Stagiairë praktesch Erfarung bei der Entwécklung vun der EU-Politik an engem multikulturellen Ëmfeld.

De "Blue Book"- Stage ass op fir Uni- Graduéierter aus der ganzer Welt, a gëtt hinnen en Abléck an d'Aarbecht an den europäeschen Institutiounen. D'Natur vun den Aufgaben hänkt vum betraffene Departement of, a kann eng Vilfalt vu Beräicher enthale wéi Konkurrenzpolitik, Personalgestioun, Ëmwelt, Kommunikatioun, asw.

Weider Informatioune fannt Dir op der Websäit vun der Europäescher Kommissioun.

Europaparlament

D'Europäescht Parlament bitt zwou Zorte Stagen un: Stagen am Generalsekretariat ("Schuman" -Stagen) a Stagë mat Membere vum Europäesche Parlament.

  • De Schuman-Stage
    D'Europäescht Parlament wielt all Joer ongeféier 800 Schuman- Stagiairen, verdeelt iwwer zwou Sëtzungsperioden (ugefaangen am Mäerz respektiv Oktober). De 5- Méint- Stage, benannt nom Robert Schuman, engem vun de groussen Architekte vum europäeschen Integratiounsprojet, gëtt bezuelt a kann op enger vun den dräi Aarbechtsplaze vum Europaparlament zu Bréissel, Lëtzebuerg a Stroossbuerg realiséiert ginn. Et ass och méiglech, de Schuman-Stage an engem vun den Liaison Offices vum Europaparlement (EPLO) an den EU-Memberstaaten, déi fir d'lokal Ëmsetzung vun institutionelle Kommunikatiounsaktivitéite verantwortlech sinn, ze maachen.
  • Stage bei engem Europadeputéierten
    D'Deputéiert vum Europaparlament kënnen op Basis vun engem Accord, dee mam Europaparlament, bezuelte Stagen an hire Büroen an de Raimlechkeete vum EU-Parlament zu Bréissel oder Stroossbuerg ubidden. D'Europadeputéiert kënnen hir Stagiairen fräi wielen; dës mussen awer bestëmmte Krittären erfëllen. D'Kandidature sollen direkt un d'Europadeputéiert geschéckt ginn.
    D'Dauer vum Stage variéiert tëscht sechs Wochen a fënnef Méint a gëtt vum Europadeputéierte festgeluecht, deen de Stage proposéiert. Stagë kënnen zu all Moment am Joer ufänken.

Fir méi Informatiounen iwwer Stagen am Europaparlament, klickt wgl. hei.

Europarot

D'Generalsekretariat vum Conseil (SGC) bitt all Joer ongeféier 100 bezuelte Plazen an ongeféier 20 onbezuelten obligatoresch Plazen un.

D'Stagen a Beräicher wéi Justiz, Aussepolitik,  Wirtschaftspolitik, Gesetz, Kultur, Erzéiung, Kommunikatioun oder Iwwersetzung bidden en Abléck an d'Aarbecht vum Europarot an doranner wéi EU-Gesetzer, Politik an de Budget verhandelt ginn.

Bewerbungsperioden sinn zweemol am Joer op (am Februar fir Stagen ab September; am September fir Stagen ab Februar vum Joer duerno). Weider Informatioune fannt Dir op der Websäit vum Europarot.

Geriichtshaff vun der EU

De Geriichtshaff vun der EU zu Lëtzebuerg bitt jonke Graduéierter oder nationale Riichter a Procureuren d'Méiglechkeet e Stageprogramm ofzeschléissen. D'Zuel vun de Plazen, déi ugebuede ginn, ass op ongeféier 200 am Joer limitéiert, a kann entweder an de Cabinete vun de Memberen (Riichter an Allgemengaffekoten) fir eng Period vun 3 bis 5 Méint, oder an den Departementer vun der Institutioun fir eng Period vu 5 Méint realiséiert ginn.

Weider Informatioune kënnen op der Websäit vum Geriichtshaff vun der EU fonnt ginn.

Europäesche Rechnungshaff

Den Europäesche Rechnungshaff, deen zu Lëtzebuerg baséiert ass, bitt pro Joer dräi Stage-Perioden un:

vum 1. Mäerz bis den 31. Juli vum selwechte Joer;

vum 1. Mee bis den 30. September vum selwechte Joer;

vum 1. Oktober vum aktuelle Joer bis den 28. (oder 29.) Februar vum Joer drop.

Wärend dësen dräi Periode kann all Stage tëscht dräi a fënnef Méint daueren.

D'Stagëe kënnen an allen Aktivitéitsberäicher vum Rechnungshaff ofgeschloss ginn, dat heescht an de Beräicher Audit, Iwwersetzung, Kommunikatioun, allgemeng Verwaltung, IT a Bibliothéiksverwaltung.

Fir weider Informatioun klickt wgl. hei.

Europäesch Investitiounsbank

Stagë bei der Europäescher Investitiounsbank (EIB), déi zu Lëtzebuerg baséiert ass, daueren tëscht dräi a fënnef Méint (oder sechs wann d'Uni dat freet). Si bidden en Abléck an d'Aarbecht vun der EIB an d'Méiglechkeet Iech d'Méiglechkeet fir Beruffserfarung ze sammelen.

Et ginn zwou Stage- Periode pro Joer proposéiert; si fänken den 1. Februar an den 1. September un, a ginn normalerweis ongeféier véier Méint virum jeweilege Startdatum ugekënnegt.

Weider Informatioune sinn hei verfügbar.

Programmer fir jonk Leit

Jonk Fachleit an Delegatiounen (JPD)

Den European External Action Service (EEAS) an d'Europäesch Kommissioun hunn en Stageprogramm lancéiert, Young Professionals in Delegation (JPD), deen héichqualifizéiert jonk Fachleit aus EU-Memberstaaten d'Méiglechkeet bitt an EU Delegatioune ronderëm d''Welt ze schaffen. All zwee Joer publizéieren d'EEAS an d'Kommissioun en Opruff wou Interesséierter sech melle kënnen.

De Programm erlaabt de Participanten Erfarung an enger EU-Delegatioun ze sammelen an domat e méi déift Verständnis vun hirer Roll bei der Ëmsetzung vun der Gemeinschaftspolitik am Beräich vun den externe Bezéiungen a besonnesch der gemeinsamer Ausse-Baussen- a Sécherheetspolitik ze kréien.

Den EEAS an d'Europäesch Kommissioun entscheeden iwwer d'Verdeelung vun de Stagiairen an d'Definitioun vun hiren Aufgaben an deene verschiddenen Departementer vun den Delegatiounen. D'Plaz kann an engem Lëtzebuerger Kooperatiounspartnerland sinn oder an engem anere Land, dat vum Patron proposéiert gëtt.

Weider Detailer fannt Dir op der EEAS Websäit.

De Young Graduates (GRAD) Programm vun der Europäescher Investitiounsbank

Erasmus fir d'Fonction publique

De Programm "Erasmus for Public Administration" gouf 2008 op Initiativ vum Europaparlament lancéiert. Organiséiert a geréiert gëtt e vun der European Administrative School (EuSA). E gouf entwéckelt fir jonken nationale Beamten, déi fir europäesch Ugeleeënheeten zoustänneg sinn, d'Geschicht vun der EU, d'Entscheedungsprozesser an de Fonctionnement vun den Institutiounen duerch hir Verwaltungen méi no ze bréngen. E bitt och d'Méiglechkeet Kontakter mat Beamten aus den aneren EU-Memberstaaten opzebauen.

Den 10-Deeg Programm enthält Virträg, Trainingsseminaren a Visitten an den europäeschen Institutiounen zu Bréissel souwéi 2,5 Deeg Stage an enger Institutioun vun der Wiel.

Weider Detailer fannt Dir an der Informatiounsbroschür.