Aktualiséiert den
Den Interministerielle Comité fir Mënscherechter (CIDH) a seng Aarbechtsgruppen
Op Basis vum Protokoll N°16/15 vum Regierungsrot koordinéiert den Interministerielle Comité fir Mënscherechter (CIDH) zu Lëtzebuerg d’national Politik am Beräich vun de Mënscherechter. De Comité, deen ënner der Ägide vum Ministère fir auswäerteg Affären funktionéiert, assuréiert de Suivi vu Rapporte vis-à-vis vun de Vereenten Natiounen an aner international Organisatiounen a superviséiert spezifesch Aarbechtsgruppen, besonnesch zu Entreprisen a Mënscherechter (zënter 2017) souwéi d’Aarbechtsgrupp Technologien a Mënscherechter (zënter 2025).