"D'Lëtzebuerger Sprooch(en)": Presentatioun vun enger neier, hybrider Ausstellung vum ZLS am Kulturministère

De 15. Oktober hunn de Kulturminister Eric Thill an den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, zesumme mam Xavier Bettel, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, déi nei hybrid Ausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" fir d'éischte Kéier zu Lëtzebuerg presentéiert.

De Kulturminister huet a senger Ried den inklusive Charakter vun dëser Ausstellung betount: "Dës nei, hybrid Ausstellung ass e Kaleidoskop vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg. Se mécht eis Sprooch an hirer ganzer Villfalt a Variatioun zougänglech a versteet sech als Invitatioun, fir sech dermat auserneenzesetzen. D'Ausstellung encouragéiert den Austausch a riicht sech souwuel u Leit, déi nei zu Lëtzebuerg sinn, wéi och u jiddereen, deen eis eenzegarteg Sproochesituatioun besser wëllt verstoen."

De Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel huet a senger Ried betount: "D'Méisproochegkeet ass eng vun de ville Stäerkte vu Lëtzebuerg, déi eist Land, eis Gesellschaft an eisen Image ronderëm d'Welt matpräägt. Dobäi huet d'Lëtzebuergescht déi lescht Joren eng ëmmer méi staark Roll ageholl, dëst op politeschem an administrativem Niveau, mee virun allem och an de Schoulen. D'hybrid Ausstellung vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch ass dobäi eng innovativ Méiglechkeet, fir eise Sproochemodell engem méi grousse Public virzestellen, dëst zu Lëtzebuerg an am Ausland."

Erweidert Inhalter, fënnef Sproochen a méi Modalitéiten

Dës nei hybrid Offer ass eng Weiderféierung vum ZLS senger scho bekannter Wanderausstellung mam selwechten Titel, déi am Juni 2023 presentéiert gouf. Se ass elo ëm nei Theemen erweidert ginn – z. B. de Lëtzebuerger Schoulsystem an de Lien tëschent Sprooch a Migratioun – an déi interaktiv Elementer goufen ausgebaut. All d'Inhalter goufe fir méi e breede Public ugepasst, esou datt och Leit ouni Virkenntnisser vum lëtzebuergesche Kontext oder der Lëtzebuerger Sprooch kënnen dervu profitéieren.

Déi hybrid Ausstellung existéiert a fënnef Sproochen: All d'Inhalter sinn op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch disponibel. Se besteet aus zwee Deeler, engem Internetsite an engem materiellen Deel mat 11 Elementer, déi a Form vu Posteren an/oder Roll-uppe kënnen ausgestallt ginn.

Den Internetsite (www.sproochen-expo.lu) ass gratis a kann iwwerall op der Welt consultéiert ginn. Ausserdeem erlaabt en et och de Leit, déi sech net kënnen deplacéieren, am digitale Raum vun der ZLS‑Ausstellungsoffer ze profitéieren.

Fir wien ass dës Ausstellung?

Am Géigesaz zu der klassescher Wanderausstellung kann déi hybrid Expo iwwerall op der Welt gewise ginn an eegent sech och fir en internationale Public. Se kann awer natierlech och zu Lëtzebuerg gewise ginn a speziell d'Websäit kann als Outil an de Lëtzebuergesch-Coursen an der Schoul agesat ginn.

Wien interesséiert ass, ka sech d'Ausstellung haut, de 16. Oktober, tëschent 9:00 a 17:00 Auer am Kader vun enger Porte ouverte am Kulturministère (4, boulevard Roosevelt, L-2450 Lëtzebuerg) ukucke goen. Se ass op där selwechter Plaz och nach e Samschdeg, de 17. Oktober, am Kader vun de Journées européennes du patrimoine, vun 10:00 bis 16:00 Auer fir de Grand public accessibel.

All d'Informatiounen iwwer dës a weider Ausstellungsoffere vum ZLS fënnt een um Internetsite vum ZLS.

Déi "klassesch" Wanderausstellung vum ZLS bleift, nieft dëser neier, hybrider Offer, och weiderhin zu Lëtzebuerg disponibel.

Communiqué vum Kulturministère an dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)